Press Releases

Our Press Releases

    Still marching for Freedom (Deutsche Version)

    Bericht der Pressekonferenz der Angeklagten des March for Freedom (#luxtrial)

    Nach dem zweiten Prozesstag gegen die Demonstrant*inne vum "March for Freedom" luden die Angeklagten auf eine Pressekonferenz ein.

    Gegen ein Europa der Grenzen

    Der "March for Freedom" wurde von "Sans-Papiers" selbst gestartet. Es ging darum, in einem symbolischen Marsch insgesamt fünf Landesgrenzen zu übertreten und so für Bewegungsfreiheit zu demonstrieren. Nicht nur die tödliche Grenze rund um Europa war ein Thema. Denn auch innerhalb Europas werden Grenzen trotz Schengen-Abkommen immer präsenter. Die Grenze zwischen Italien und Frankreich ist beispielsweise zu. Die Bilder von Calais zeigen, wie mitten in Europa Menschen an Grenzen festhängen und keine Möglichkeit haben, weiterzuziehen. Die Forderung des Freedom Marchs war klar: Jeder Mensch hat das Recht auf Bewegungsfreiheit. Das heißt, dass Menschen frei darüber entscheiden können, wo sie leben und wohin sie weiterziehen wollen oder müssen.

    Die Forderung vom Juni 2014 sind heute noch immer aktuell. Damals standen die Demonstrationen im Zeichen der Polizeiaktionen im Flüchtlingslager in Calais – und heute scheint sich die Situation sogar noch zugespitzt zu haben. Übergriffe von Nazi-Gruppierungen auf Geflüchtete und die Stärkung von rechtsextremen Parteien auf Basis eines fremdenfeindlichen Diskurses nimmt zu.

    Start vum March for Freedom zu Stroossbuerg

    Die Anlage hätte eigentlich von anderer Seite kommen müssen

    In diesem Kontext ist das, was im Juni 2014 in Luxemburg-Kirchberg passierte, den nun Angeklagten in traumatischer Erinnerung. Auf ihrer Route von Straßburg über Luxemburg nach Brüssel erfuhren die Demonstrierenden, dass im Kongresszentrum in Luxemburg-Kirchberg eine EU-Innenminister*innenkonferenz mit dem Titel "Kampf gegen die illegale Immigration" stattfand. Sie entschieden sich dafür, ihren Protest dorthin zu tragen und ihre Forderungen zu überreichen.

    Die Situation eskalierte: Ohne Ankündigung begann die Polizei, mit Gewalt, Hunden und Pfefferspray den Platz zu räumen. Danach wurden die Demonstrierenden zusammengetrieben und es kam zu Festnahmen. Auf der Pressekonferenz haben die nun wegen Widerstand gegen die Staatsgewalt, Beamtenbeleidigung und Körperverletzung angeklagten Demonstrant*innen noch ein Mal, wie auch schon vor Gericht, klar gemacht, dass von ihnen keine Gewalt ausging, wie es auch im Video zu sehen ist. Für die Demonstrant*innen war von Anfang an klar, dass sie zum Ziel hatten, während der gesamten Demonstration so gut wie möglich mit der Polizei zusammenzuarbeiten – gerade weil unter den Demonstrierenden Menschen ohne Papiere waren. Die Zusammenarbeit mit der Polizei klappte auch überall gut – außer in Luxemburg.

    Nicht nur auf der Demonstration eskalierte die Situation – sondern auch auf dem Polizeirevier. Die festgenommenen Demonstrant*innen wurden geschlagen, beleidigt und drangsaliert. Frauen wurden von männlichen Beamten untersucht, Ohnmächtige wurden stundenlang liegen gelassen. Ein Handy, mit dem eine Demonstrantin die Situation filmte, wurde von einem Beamten zerstört. Die Demonstrant*innnen gingen danach mit ihren Verletzungen ins Krankenhaus und legten auch im Prozess Atteste vor, die die Dimension der Polizeigewalt widerspiegeln. Trotz all dieser Vorfälle entschieden sich die Demonstrant*innen in dem Moment dagegen, juristisch gegen die Polizei vorzugehen. Einerseits aus Angst vor jahrelanger Re-Konfrontierung mit dieser Situation und anderseits, weil auch hier die Priorität war, die Menschen ohne Papier zu schützen und nicht in Prozeduren in einem Land, in dem die meisten nicht vernetzt waren, das Rechtssystem nicht kannten und nicht wussten, was eine Klage bedeuten würde, rein ziehen wollten.

    Ein absurder Prozess

    Auch was danach kam, können die Angeklagten immer noch nicht nachvollziehen. Knappe zwei Jahre nach der Demonstration, genau in dem Moment, in dem es für die Angeklagten zu spät war, die Polizei anzuklagen, kam der Brief vom Gericht. Allerdings erreichte dieser Brief nur eine Person, das auch nur einige Tage vor dem ersten Prozesstag. Gemeinsam mit einer Anwältin konnte dieser Termin verlegt werden.

    Die Angeklagten waren sehr schockiert über die Anklage. Die Vorwürfe waren unzutreffend und sehr unkonkret. Im November kam es dann zu einem ersten Prozesstag, der aber verlegt werden musste, weil das Gericht keine Übersetzung organisiert hatte und die Polizeibeamten sich weigerten, auf Deutsch auszusagen. Die Vorwürfe während des Prozesses waren sehr belastend. Unterstellungen, wie z.B. dass die Demonstrant*innen sich bewusst bewaffnet hätten, Baseballschläger dabei gehabt hätten, Chemikalien zusammengemischt hätten und eine Gewalteskalation aus gewesen wären, standen auf einmal im Raum. Auch die Tatsache, dass ein Polizeibeamter vor Gericht politische Aussagen machen konnte und die Gelegenheit nutzte, um FRONTEX zu verteidigen und dass selbst vor Gericht noch Sprüche, Drohungen und fixierende Blicke von Beamten auf die Angeklagten kamen, war schockierend. Für Menschen, die für eine bessere Welt auf die Straße gingen, ist der ganze Prozess enorm erniedrigend gewesen.

    Warten auf das Urteil

    Mit dem Plädoyer der Staatsanwaltschaft ging der Prozess heute auf ein Ende. Das Urteil wird 18. Mai gesprochen. Die Angeklagten hoffen auch über ihre Pressekonferenz Verständnis für ihr Anliegen geschaffen zu haben.

    Unterstützung: Die Angeklagten sind auf Spenden für die Prozesskosten angewiesen

    Verwendungszweck „M4F“:
    Rote Hilfe e.V. Sparkasse Göttingen
    IBAN: DE 25 2605 0001 0056 0362 39

    Read more

    Still marching for Freedom (Lëtzebuergesch Versioun)

    Beriicht vun der Pressekonferenz vun den Ugeklote vum March for Freedom

    Noom zweeten Dag am Prozess géint Demonstrant*inne vum "March for Freedom" haten déi Ugekloten op eng Pressekonferenz invitéiert.

    Géint en Europa vun de Grenzen

    De "March for Freedom" gouf vu Sans-Papiere selwer gestart. Et ass drëms gaangen, an engem symbolesche Marsch insgesamt 5 Landesgrenzen z'iwwertrieden a sou fir Beweegungsfräiheet ze demonstréieren. Net just déi déidlech Grenz ronderem Europa wor en Thema. Och innerhalb vun Europa ginn trotz dem Schengen-Accord d'Grenzen ëmmer méi präsent: D'Grenz zwëschen Italien a Frankräich ass zum Beispill zou. Biller vu Calais weisen, wéi matzen an Europa Mënschen u Grenze festhänken a keng Méiglechkeet hunn, weiderzezéien. D'Fuerderung vum Freedom March wor kloer: All Mënsch huet e Recht op Beweegungsfräiheet. Dat heescht, dass ee fräi doriwwer entscheede kann, wou ee liewe well a selwer decidéiere kann, wéini ee weiderzéie wëll oder muss.

    D'Fuerderunge vum Juni 2014 sinn haut nach grad sou aktuell. Deemols stoungen d'Demonstratiounen am Kader vu Police-Aktiounen am Flüchtlingslager zu Calais - an haut schéngt sech d'Situatioun souguer nach méi zougespëtzt ze hunn. D'Iwwergrëffer vu Nazi-Gruppen op Geflüchteter an d'Stäerkung vu rietsradikale Parteien op Basis vun engem xenophoben Discours hëlt zou.

    Start vum March for Freedom zu Stroossbuerg

    D'Uklo hätt eigentlech vun där anerer Säit komme mussen

    An deem Kontext ass dat, wat am Juni 2014 zu Lëtzebuerg um Kierchbierg geschitt ass, den elo ugekloten Demonstrant*innen an traumatescher Erënnerung. Op hirer Route vun Stroossbuerg iwwer Lëtzebuerg op Bréissel sinn d'Demonstrant*innen gewuer ginn, datt am Kongress-Center um Kierchbierg eng EU-Inneminister*innekonferenz mam Titel "Kampf géint illegal Immigratioun" stattfënnt an hu sech dozou décidéiert, hire Protest dohinner ze droen a Fuerderungen z'iwwerginn.

    D'Situatioun ass dunn eskaléiert: D'Police huet ouni Ukënnegung ugefaangen, mat Gewalt, Hënn a Pefferspray d'Plaz ze raumen. Duerno goufen d'Demonstrant*innen zesummegedriwwen an et koum zu Arrestatiounen. Op der Pressekonferenz hunn déi elo wéinst Rebellioun, Beamtebeleidegung an Kierperverletzung ugekloten Demonstrant*innen nach eng Kéier, wéi viru Geriicht, kloer gemaach (an och am Video ze gesinn ass), datt vun hinne keng Gewalt ausgaangen ass. Fir d'Demonstrant*innen wor et vun Ufank u kloer, dass während der ganzer Demonstratioun d'Zil wor, méiglechst gutt mat der Police zesummenzeschaffen - grad well ënnert den Demonstrant*innen Geflüchteter ouni Pabeiere woren. D'Zesummenaarbecht mat der Police huet och iwwerall gutt geklappt - ausser zu Lëtzebuerg.

    Net just op der Demonstratioun ass d'Situatioun eskaléiert - mä och duerno um Policebüro. Déi arrestéiert Demonstrant*innen goufe geschloen, beleidegt an drangsaléiert. Fraen goufe vu männleche Beamten duerchsicht. Leit, déi ohnmächteg woren, goufe stonnelaang leie gelooss. Den Handy mat deem eng Demonstrantin d'Situatioun gefilmt huet gouf vun engem Beamten futti gemaach. D'Demonstrant*innen wore mat hire Blessuren duerno an der Klinik an hunn och lo am Prozess Attester vun deemols virgeluecht, déi d'Dimensioun vun der Policegewalt erëmginn. Trotz all deene Virfäll haten d'Demonstrant*innen sech dee Moment dogéint entscheed, juristesch géint d'Police virzegoen. Engersäits aus Angscht viru jorelaanger Re-Konfrontéierung mat dëser Situatioun an anerersäits well et och hei d'Prioritéit wor, déi Leit ouni Pabeieren ze schützen an net a Prozeduren eranzezéien, nach dobäi an engem Land wou déi meescht net vernetzt woren, de Rechtssystem net kannt hunn a guer net wossten, wat dat bedeite géif.

    En absurden Prozess

    Och wat duerno komm ass kënnen déi Ugekloten nach ëmmer net novollzéien. Knapps 2 Joer no der Demonstratioun, genee dee Moment, wou et fir déi Ugekloten dann ze spéit wor fir selwer nach d'Police ze verkloen, koum de Bréif vum Geriicht. Allerdéngs huet just eng Persoun dëse Bréif ereecht an dat och just ee puer Deeg virum éischten Prozessdag. Zesumme mat enger Affekotin konnt deen Termin da verluecht ginn.

    Déi Ugeklote woren immens schockéiert iwwert d'Uklo. D'Virwërf woren onzoutreffend an immens onkonkret. Am November koum et dann zu engem éischte Prozessdag, deen awer verréckelt huet misse ginn, well d'Geriicht keng Iwwersetzung organiséiert hat an d'Policebeamte sech geweigert hunn, op Däitsch auszesoen. D'Virwërf während dem Prozess woren immens belaaschtend. Ënnerstellungen, wéi datt sech d'Demonstrant*inne bewosst bewaffnet hätten a Baseballschléier dobäigehat hätten, Chemikalien zesummegemëscht hätten an op eng Gewalteskalatioun ausgewiescht wieren, stoungen op ee mol am Raum. Och datt e Policebeamte viru Geriicht politesch Aussoen maachen konnt, d'Occasioun genotzt huet fir d'FRONTEX ze verdeedegen an et nach um Geriicht selwer zu Spréch, Menacen an fixéierende Blécker vu Beamten op déi Ugekloten koum wor schockéierend. Fir Leit, déi fir eng besser Welt a fir d'Mënscherechter op d'Strooss ginn ass de ganze Prozess immens erniddregend gewiescht.

    Warden op d'Uerdeel

    Mam Plädoyer vum Parquet geet de Prozess haut op en Enn. Dee Moment steet och fest, wéini d'Uerdeel gesprach gett. Déi Ugekloten hoffen och iwwert hir Pressekonferenz Verständnis fir hir Cause geschafen ze hunn.

    Ënnerstëtzung: Déi Ugekloten si fir d'Prozesskäschten op Spenden ugewisen

    Verwendungszweck „M4F“:
    Rote Hilfe e.V. Sparkasse Göttingen
    IBAN: DE 25 2605 0001 0056 0362 39
    Read more

    Communiqué zum "Freedom March"-Prozess (#luxTrial)

    (deutsche Version weiter unten)

    Haut war deen éischte Verhandlungsdag am Prozess ronderëm den "Freedom March". Op enger  Demonstratioun géint d'EU-Flüchtlingspolitik am Juni 2014 um Kierchbierg wor et zu engem brutale Police-Asaz géint d'Demonstrant*inne komm.

     Schockéierend  waren haut net just dat neit Video-Material, dat gewisen huet, wéi  brutal an dilettantesch d'Police un d'Opléisung vun der Demonstratioun erugaange war an doduerch d'Lag zum Eskaléiere bruecht huet. Schockéierend war och d'Verhale vun de Poliziste viru Geriicht. Mat hirer absurder Weigerung op däitsch auszesoe  fir dass all déi Ugekloten si verstinn, hunn d'Beamten de Prozess an  d'Längt gezunn - offensichtlech fir méi Zäit ze kréien sech ënnerteneen ofzeschwätzen an nei Erklärunge fir dat duerch den neie Video offensichtlecht Feelverhalen ze fannen.

     Jonk Lénk si solidaresch mat den Ugekloten. Haut gouf vill iwwer "Police-Taktiken" geschwat an de Leeder vum Police-Asaz huet vu "Ordre public", Waasserwerfer a fixéiere vu Leit geschwat, wéi vu senge Liiblings-Hobby. Mir froen eis op Deseskalatioun iwwerhaapt zur Ausbildung vun der Lëtzebuerger Police gehéiert a wéi ee Verständnis d'Police vu Grondrechter wéi der Versammlungsfräiheet huet. Grad an Zäiten, wou Leit hier politesch  Wënsch och nees méi op der Strooss zum Ausdrock brénge kann et net sinn, dass d'Police just Repressioun an hirem Mesure-Katalog huet.

     Mir  wëllen un d'Pressekonferenz vun den Ugekloten erënneren, déi muer  (06.04.) um 15h00 am CLAE stattfënnt (26, rue de Gasperich,  Lëtzebuerg-Stad). Ënnerstëtzen kann een*t déi Ugekloten och mat Spenden fir d'Prozesskäschten:

    Verwendungszweck „M4F“:
    Rote Hilfe e.V.
    Sparkasse Göttingen
    IBAN: DE 25 2605 0001 0056 0362 39

     

    Read more

    Fraen* - Just Deko.

    Jonk Lénk huet gëschter an der Nuecht mat enger Aktioun um Monument vun der "Gëlle Fra" op de Sexismus opmierksam gemaach, deen déif an eiser Gesellschaft verankert ass.

    Dass Fraen* just Dekoratioun si sollen, bleift Realitéit zu Lëtzebuerg. Reklammen, déi Produite mat Frae*kierper dekoréieren ("Poll on Ice", Poll-Fabaire), Medien, déi Frae* wéi Objete presentéieren ("Pin-ups", RTL) a Parteien, déi Fraen* iwwert hier Posch definéieren ("Madame on Tour", LSAP).

    Beispillhaft ass de peinleche Versuch, bei de Gemengewalen engem reelle Probleem – dem Mangel u Fraen* an der Politik – entgéintzewierken. Amplaz Männerbündnisser opzeléisen a strukturelle Sexismus an de Parteien ze kritiséieren, gëtt eng Alibi-Campagne lancéiert. D'Zil ass et nämlech net, Frae* politesch ze stäerken. Fraen* op de Wal-Lëschten sollen just dat schlecht Gewëssen vu "progressive" Männer berouegen. Tatsächlechen Fortschrëtt schafen schéngt net am Interessi vun den etabléierte Parteien ze leien. Eng einfach Fuerderung wéi d'Erofsetzen vum Steiersaz op Tamponen gëtt ignoréiert.

    Jonk Lénk wëll mat dëser Aktioun awer och un "d'Lady Rosa" (2001) vum Sanja Iveković erënneren. Op engem Monument fir de männlechen Heldenmythos, Krichsrethorik an Nationalismus setze mir en Zeechen fir de Kampf géint d'Patriarchat. Eng vergoldet Fra als Deko op engem Krichsmonument, déi passiv den Asaz vu Männer éiert ass leider keng Billersprooch aus vergaangener Zäit. Eng ähnlech Sprooch ass och haut Alldag. Mee an dësem Alldag sinn déi Betraffen keng wehrlos Objeten.

    Frae*kampfdag ass net nëmmen eemol am Joer – et ass all Dag. Et ass ee Kampf géint Sexismus an alle Beräicher vun eisem Liewen. Et ass e Kampf géint d'Strukturen vum Patriarchat. Dëse Kampf gëtt net an engem Dag gewonnen. Lénksradikale Feminismus muss och den aktuellen Rietsruck an eiser Gesellschaft ugräifen a fir dat gutt Liewe fir all kämpfen.

    Mir ruffen dozou op, selwer aktiv ze ginn an den Diskriminatiounen an Ongerechtegkeeten vun eiser Zäit eppes entgéintzesetzen.

    Make feminism a threat again - Kapitalismus an Patriarchat ofschafen!

    Read more

    No more Big4 - Jonk Lénk fänkt déi 4t Adventskäerz un.

    Haut um 4ten Advents-Sonnden ass mat enger Aktioun virum Gebai vu PWC zu Gaasperech d'Advents-Campagne vu Jonk Lénk géint den Afloss an d'Geschäfter vun den véier groussen Beroderfirmaen op een Enn gaangen.

    Amplaz Käerzen unzezünden war et d'Uleies vu Jonk Lénk Luucht an d'Däischtert ronderëm déi véier grouss Beroderfirmaen, EY, KPMG, PWC an Deloitte (zesummen: "Big4") ze bréngen. Et geet drëm fir sech méi mat dëse véier Firmen, hire Geschäftsmodeller an hirem globalen Impakt ausernaner ze setzen. Un All Advents-Sonnden huet Jonk Lénk dowéinst eng Photo an ee Text zu enger vun deenen véier Beroderfirmaen publizéiert.

    Et ass kloer, dass d'Big4 iwwert déi ursprénglech Déngschtleeschtung vum "Audit" scho laang ewech sinn. Steier-, Personal- a Gewënnoptiméierung sinn déi Servicer, ëm déi et mëttlerweil haaptsächlech geet. Den Impakt vun dëse Firmen ass iwwerall do ze fannen, wou sech d'Krisen vun eiser Zäit ofspillen - vun de Bankefaillitten an der Finanzkrise bis bei den illegalen Gold-Ofbau um afrikaneschen Kontinent, vun der russescher Staatspropaganda iwwer d'FIFA bis an de lëtzebuerger Staatsrot, iwwerall sëtzen d'Vertrieder*innen vun dëse Firmaen mat um Dësch.

    Eis als Jonk Lénk geet et dorëms déi Mechanismen opzedecken, ze denoncéieren an ze bekämpfen, déi d'Schéier tëscht Aarm a Räich auserneen dréift. Just doduerch verhënnere mer, dass d'Schold u Misère fälschlecherweis bei deene Leit gesicht gëtt, déi anescht sinn oder deenen et nach méi schlecht geet.


    FRA:

    No more Big 4 - Jonk Lénk allume la 4ème bougie de l'Avent

    Aujourd'hui, au 4ème dimanche de l'Avent, la campagne de Jonk Lénk contre l'influence et les affaires des 4 grands cabinets d'audit s'est terminé avec une action devant l'immeuble de PwC (PricewaterhouseCoopers).

    Au lieu d'allumer des bougies, Jonk Lénk avait pour intention d'éclairer les coins sombres des quatre cabinets d'audit, EY, KPMG, PwC et Deloitte (ensemble: "Big 4"). Le but était de mener une discussion sur les 4 entreprises, leurs modèles d'affaires et l'impact global qu'elles exercent. A chaque dimanche de l'Avent, Jonk Lénk a pris une photo accompagnée d'un texte sur une des 4 sociétés d'expertise comptable.

    Il est clair que le job des big 4 ne se limite plus au simple "audit" L'optimisation des taxes, du personnel et des bénéfices, sont les principaux services mis à disposition. L'impact de ces entreprises est rendu visible lors de chaque crise de notre ère, des faillites bancaires lors de la crise financière aux extractions d'or illégales sur le continent africain, de la propagande russe et de la FIFA jusqu'au conseil d'Etat du Luxembourg, les représentant-e-s des Big 4 jouent sur tous les tableaux.

    En tant que Jonk Lénk, on souhaite démasquer, dénoncer et combattre les mécanismes qui creusent la fossé entre riches et pauvres. C'est seulement de cette manière qu'on évite que les minorités et personnes socialement défavorisées soient faussement rendus coupables pour les crises et la misère.

    Read more

    Konsequent gläichberechtegt: Paritéit fir d'Setz an der Chamber festleeën.

    Déi mësslonge Campagne "Madame on Tour" vun der LSAP weist, dass d'Politik iwwert all Parteigrenzen ewech de falschen Usaz huet: Amplaz d'Frae selwer zu de Schëllege vun hirem Net-Engagement ze maachen, missten d'Hürden innerhalb vun der Politik ofgebaut - dat heescht virun allem d'Männerdominanz - duerchbrach ginn.

    Déi haut an der Chamber debattéiert 40%-Quot op de Wahllëschte schéngt e Minimal-Kompromëss innerhalb vun der Regierung ze sinn. Dat ass zimlech peinlech fir eng Koalitioun, déi sech progressiv gi well - a bestëmmt frustréierend fir déi zoustänneg Ministesch, eng vun de grad mol 3 Fraen un der Spëtzt vun engem Ministère.

    D'Jonk Lénk ass genervt vun esou Alibi-Manöver. Wann et de Parteie wierklech dru läit, net just al wäiss Männer an der Chamber setzen ze hunn, misst d'Wahlgesetz geännert an endlech vun deem personaliséierte Wahlsystem, der "Bistros-Kandidatur", Ofstand geholl ginn. Ausrieden zielen net - och ouni Ännerung vum Wahlgesetz kéinte Parteien eegen Initiativen huelen an hir Chambersbesetzung anescht ausriichten.

    Mir schloen eng paritéitesch Besetzung vun de Sëtzer vu Parteien an der Chamber vir. Dat heescht, datt d'Setzer pro Bezierk jeeweils tëscht deene meeschtgewielte pro Geschlecht opgedeelt gëtt. No der Wahl géifen d'Setzer esou verdeelt ginn:

    - Éischte Sëtz: Meeschtgewielte Persoun
    - Zweete Sëtz: Meeschtgewielte Persoun vum anere Geschlecht.
    - Drëtte Sëtz: Nächstgewielte Persoun
    - Véierte Sëtz: Nächstgewielte Persoun vum anere Geschlecht.
    - etc.

    Persounen mat engem drëttem oder ouni Geschlecht, déi kandidéiert hunn, géifen dee Moment an dëser Reiefolleg dotëschtgeholl ginn, wann hire Stëmmenundeel iwwert dem Stëmmenundeel vun der Persoun leit, déi als nächst un der Rei wier.

    Op déi Aart-a-Weis kéinten elo schon 27 (+2, no der Rotatioun bei déi Lénk) amplaz 17 Fraen an der Chamber sëtzen. All Partei, déi et mat der Gläichberechtegung eescht hëlt, kéint dëse Mechanismus selwer aféieren. Schonn elo sinn de Verzicht op Mandater an d'Noréckele vun nächstgewielte Kandidat*innen an der Chamber Usus.

    Read more

    D'Arméi sicht jonkt Kanounefudder

    Fir den Oprëschtungspläng vun der NATO nozekommen, setzt den Arméiminister Etienne Schneider net just op d'Erhéigung vum Militärbudget an de Kaf vu Militärfligeren, mä och op d'Erhéijung vun der Zuel vun Zaldot*innen duerch nei Rekrutéierungsmechanismen. Haut gëtt dofir mam "Informatiounsbüro" vun der Arméi um Bld. Royal an der Stad eng nei Fal opgebaut fir Jonker anzefänken.

    Déi nei Militärdoktrin vun der Regierung kënnt zu engem Moment vu globaler Eskalatioun a vu militäresche Konflikter bei deenen och d'NATO mat un der Gewaltspiral dréit. Systematesch gëtt Gewalt mat Gewalt beäntwert an amplaz Fridden ze schafen, gëtt versicht strategesch Virdeeler z'erueweren. Et ass, net just wéinst de Presidenciellen an den USA, komplett onkloer, wat de Rôle vun der NATO (an enger méiglecher EU-Arméi) an deenen nächste Joeren wäert sinn an a wat fir eng nei Konflikter grad Jonker eragezu gi wäerten.

    D'Noutsituatioun vu Jonken gëtt ausgenotzt.

    Et sinn ëmmer haaptsächlech Jonker, déi an de Konflikter vun de Mächtege kämpfen, déi vun Arméien oder Milize rekrutéiert ginn an als Kanounefudder mëssbraucht ginn. An Europa versiche Jonker haaptsächlech, aus finanziellen Noutsituatiounen z'entkommen a sinn da fir d'Arméei liicht unzelackelen. Zu Lëtzebuerg bekämpft d'Regierung net Jugendaarbechtslosegkeet a Perspektivlosegkeet - mä notzt se aus.

    Bei der Reklammoffensiv vum Militär schéngen all Mëttelen erlaabt ze sinn. Et gëtt vun "Erausfuerderungen", engem "Job mat Zukunft" a vun "humanitären Asätz" geschwat fir ze verschleieren, datt et an dësem Beruff dorëms geet, Krich ze féieren. D'Arméi gëtt als alternativen Ausbildungswee, deen d'Diere fir vill "gutt" Beruffer opmécht, presentéiert. Mä de Beruff als Zaldot*in ka Jonker zu Mäerder*innen maache a vun hinne verlaangen, hiert Liewen op d'Spill ze setzen. Den neien Informatiounsbüro déngt, genee wéi d'CORPAL-Branche am Ettelbrécker Lycée Technique an de Stand vun der Arméi op der Foire de l'Etudiant*e, dozou, méiglechst no u méiglechst jonk Leit erunzekommen - och Mannerjäreger sinn am Viséier vun der Arméi.

    Jonker brauche keng Informatiounsbüroen a Schoulsparte vun der Arméi. Et feelt net un Informatiounen iwwert eng Karriere bei der Arméi, mä un Informatiounen iwwer Alternativen dozou. Mir brauchen e méi gerechte Bildungssystem, bei deem keng Jonker op der Streck bleiwen. Gebraucht gi besser Beruffsausbildungen, méi Subsidë fir Initiativen vu Jonken, wesentlech besser Studiekonditiounen an eng richteg Investitiounsinitiativ fir nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg.

    Read more

    Nouvelle niche au Luxembourg

    Sauf que cette fois-ci ce n'est pas d'une niche fiscale dont il s'agit, mais bien d'une niche de chauve-souris. Comprenons l'effarement de ces quelques Steinfortois pris au dépourvu face à ce phénomène totalement inhabituel. Ainsi, une demi-douzaine de propriétaires ont décidé d'entamer une procédure devant le Tribunal administratif à l'encontre du ministre du Développement durable et des Infrastructures. Précisons que cela fait suite à l'annonce du projet de construction d’un centre d’accueil pour demandeurs d’asile sur cette zone. Leur principal argument ? La protection des chauves-souris. S’agirait-il d’un soudain éveil de conscience écologique du côté de la rue de Kleinbettingen ? Cela serait à la fois si beau et totalement inespéré.
     
    Evidemment, la réalité est toute autre. Maintenant qu'ils ont réussi à faire suspendre le projet, revenons sur les débuts de cette asbl : à l'automne 2015 un groupe de riverains créent l’a.s.b.l.  “Keen Containerduerf am Duerf” dont l’objectif principal est de refuser toute nouvelle infrastructure sur les sites avoisinant les propriétés de ses membres. A ce moment il n’est pas encore question de « Flantermais » mais plutôt de nuisances « visuelles et sonores » que causeraient un tel projet. Noir sur blanc ils revendiquent la sauvegarde de la valeur immobilière de leurs biens tout en se cachant derrière des inquiétudes instrumentalisées. En effet, les propos tenus par cette association, toujours sagement introduits par la phrase classique “Nous ne sommes pas contre les réfugiés, mais...” sont non seulement d’une malhonnêteté cinglante mais aussi ouvertement islamophobes. Dans une lettre ouverte adressée au Bourgmestre Jean­-Marie Wirth le 19 octobre, l’excès d’amour propre et l’imaginaire douteux des membres de cette association, Maître Lemmer en chef de file, se dégagent clairement: 
     
    Ainsi ils sont persuadés que des bruits « forts et intenses de nuit » tels « chants, débats, prières» risqueraient de nuire à l'environnement et à la santé des habitants proches du camp. Sans s’attarder sur ces irrationalités, notons qu'il existe déjà une énorme entreprise de construction qui pollue cette zone et qui par ailleurs appartient à Fernand Hilbert, membre fondateur de "Keen Containerduerf am Duerf". Ils affirment que les réfugiés « ayant des sensibilités religieuses et culturelles différentes, étant parfois à l'origine de leurs conflits » vont importer des tensions sur le sol luxembourgeois. Omettre la responsabilité des gouvernements européens dans les conflits chaotiques qui mettent en éclat Moyen-Orient est une chose. Qualifier sur base d'appartenance ethnique tout un ensemble de personnes de belliqueuses et agressives en est une autre. Par-dessus ils en arrivent à leur coller l’étiquette de « fugitifs », terme péjoratif désignant une personne en évasion. De plus, ils laissent sous-entendre que la criminalité est une chose héréditaire chez les réfugiés « étrangers à notre culture et à nos mœurs » et qu'ils « risquent de semer discorde et désordre (...) dans notre charmante petite localité ». D'après eux les réfugiés ne sont, par définition, pas capables de s'intégrer correctement. 
     
    Mais leurs préjugés ne s'arrêtent pas là. Ils osent les traiter de possibles « malfaiteurs, agitateurs ou terroristes ». Par la suite, ils se mettent à viser tout particulièrement l'Islam en considérant que « l’expression religieuse » des musulmans pose problème. Dans cette même logique de racisme latent, ils enchaînent avec une phrase terrifiante : « Vous ne pourrez pas empêcher les néo arrivants musulmans d’exercer leurs rites. ». Selon les membres de cette charmante petite association il faut donc trouver un moyen d'empêcher les musulmans de pratiquer leur religion qui nous menacerait... 
     
    Ce ne sont là que quelques exemples tirés d'une lettre de 11 pages dans laquelle ne figure aucune proposition concrète de méthodes d'intégration. Par ailleurs, ils veulent bien du camp si celui-ci est plus éloigné du village ou au moins entouré de murs protecteurs et surveillé par une force accrue de policiers. Ceci laisse à méditer quant aux bonnes intentions qu'ils brandissent. 
     
    Leur acharnement à vouloir à tout prix retarder voire annuler la construction du centre pour réfugiés n’a pour unique conséquence qu’une politique d’accueil encore plus stricte et irresponsable de la part de notre gouvernement. Qu’ils investissent leur belle énergie dans de vraies alternatives au lieu de faire un procès aux néo arrivants pas encore arrivés. L’obsession de leurs propres richesses est tout simplement honteuse dans un contexte où des milliers d’êtres humains meurent chaque jour à nos frontières ou chez eux sous les bombes.
                                            
    Il ne s'agit pas de défendre à tout prix un projet qui de toute évidence était une “solution” facile à l'accueil des réfugiés. En effet, depuis toujours le gouvernement doit faire face au refus des différentes communes du pays d'accueillir des réfugiés dans des structures existantes. Pourtant cela permettrait justement d'éviter une surcharge de responsabilités pour une poignée de communes choisies sans véritable concertation. Il est temps que le gouvernement agisse de manière conséquente. S'il faut réduire la taille des nouvelles structures d'accueil, il est impératif d'utiliser en parallèle les bâtiments à disposition de l'Etat. Il n'est pas envisageable de laisser des centaines d'êtres humains périr à nos frontières à cause de chauve-souris.
     
     
    Read more

    Stoppt d'Police-Repressioun géint Jonker zu Lëtzebuerg.

    Gemeinsame Communiqué vun der UNEL, Richtung22 a Jonk Lénk.

    "Du Kallef" - De rezent vill thematiséierte Virfall, bei deem Poliziste sech gewaltsam Zougang an eng Wunneng verschaaft hunn, Objeten op Menschen geheit, Jonker perséinlech beleidegt a mat falsche Verdächtegungen drangsaléiert hunn, ass leider keng Ausnahm, mä den Alldag zu Lëtzebuerg. Polizist*innen verlaange "Respekt virun (hirer) Autoritéit", plustere sech op an hu siichtlech Freed dorunner, sech u Jonken auszeloossen. Datt dobäi méi wéi fragwürdeg Methode benotzt ginn, schéngt keen*t ze stéieren: Amplaz vun internen Enquêtë, gëtt et erofloossend Kommentarer vun der Police- Pressestell.

    Hëllefslosegkeet oder Virgoensweis mat Systeem?

    Ob et elo de Groussasaz um Rock-a-Field 2015 wor, Police-Asätz viru Schoulen, déi vill diskutéiert Repressioun lescht Joer géint eng kenschtleresch-politesch Kräid-Mol-Aktioun un Nationalfeierdag: Vill ze dax kënnt et zu absurde Situatiounen tëscht Police a Jonken. Am meeschte betraff si Jonker aus Famillien mat Migratiounshannergrond (Hei kann ee praktesch schonn vun engem "Racial Profiling" schwätzen) an Jonker a prekären Wunnsituatiounen. Dax genuch schéngt awer "Jonk sinn" alleng duerzegoen fir zum Spillball vun den Autoritéiten ze ginn. Am Kontakt mat der Police gëtt dann vu Jonken erwaart, dass se sech "mol ganz roueg halen". Aggressiv Aschüchterungen gi benotzt, och wann et guer kee Widerstand oder net emol e Grond fir den Asaatz gëtt. Den Androck vun engem rechtsfräie Raum, andeem Befehler vu Polizist*innen blann befollegt gi mussen, schéngt vu Beamt*innen bewosst a systematesch vermëttelt ze ginn.

    D'Verhalensweis geheit eng Rei Froen op: Sinn d'Polizist*innen esou Situatiounen net gewuess, si se iwwerfuerdert? Gëtt et grondsätzlech Mängel an hirer Ausbildung an am Ëmgank mat Mënschen? Gëtt et vläicht Wëssenslacunen, wat déi eege Rechter a Flichten vun de Beamt*innen ugeet? Oder gëtt et einfach eng extrem breet ausgeluechten Toleranzgrenz, sou datt Brachialrethorik, Aschüchterungsversich a fräi erfonnte Virwërf mëttlerweil zur Standardprozedur vun der Lëtzebuerger Police gehéieren? Leider schéngt d'Police och no deem rezente Videoskandal keen internen Handlungsbedarf ze gesinn. Den Drock muss dowéinst vu baussen, vu Politik an Ëffentlechkeet komme, fir Repressiounsstrategie géint Jonker en Enn ze setzen.

    Allgemengt Feindbild "Jugend"?

    Datt bis elo net méi Drock op d'Beamt*innen gemaach gëtt, fir Asätz mat Jonke korrekt duerchzeféieren, läit deelweis och un der medialer Duerstellung vu sou Fäll an de Reaktioune vun der Ëffentlechkeet. Simplistesch formuléiert Geschichte gi wuertwiertlech aus dem Police- Bulletin iwwerholl, mat Begrëffer wéi "Hallefstaarker", "Pubertéirender" an "Näischtnëtz" gëtt d'Stëmmung opgeheizt an da gëtt de Kommentar-Mob lassgelooss, deen ongehemmt seng Gewaltphantasie géint Jonker zelebréieren däerf ("Fréier hätten déi Jonk eng gutt an d'Schnëss krut").

    Eng Gesellschaft, déi sou mat hire jonke Matmenschen ëmgeet, däerf sech net wonneren, wa sech d'Fronten am Generatiounekonflikt weider verhäerten.

    RDVer:

    - 16. September, 17h00: "Solidaritéits-Kräid-Molen" rondërem d'Philharmonie

    - 19. September, 9h00: Geriichtsprozess an der Kräid-Affär vun Nationalfeierdag 2015

    Read more

    Krich der Cité - Fir een urbaant Lëtzebuerg!

    Dass d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ee vun de gréisste Problemer ass a wéi dogéint kann ugaange ginn, gouf schonn oft diskutéiert. Wouriwwer awer an där Debatt oft net diskutéiert gëtt, ass d'Fro dono wei mir zu Lëtzebuerg eigentlech wunnen a wei mir an Zukunft wunne wëllen. Et gëtt keen ëffentlechen Discours doriwwer gefouert, wei eng Wunnforme bis elo zu Lëtzebuerg virzefanne sinn, wéi eng Wunnforme mir eis wënschen a wat ökologesch a sozial Facteuren dobäi ze beuechte sinn. Duerch en radikaalt Ëmdenken an der Raumplanungspolitik hin zu méi Urbaniséierung kéinten ob laang Siicht vill Wunnengs a Mobilitéitsproblemer zu Lëtzebuerg geléist ginn. Et ass net verwonnerlech, datt déi meeschte Leit wuel behaapte géifen, ee Raumplanungs-Konzept zu Lëtzebuerg wär inexistent. D’Leeschtbarkeet ass een extrem relevante Punkt, mee doriwwer eraus musse mer d’Konzept no deem s mer bauen, wunnen a liewe méi radikal hannerfroen.

    Wat fir ee Konzept steet hannert dem lëtzebuergesche Modell?

    De wuel gréissten Afloss op de gréissten Deel vum lëtzebuerger Wunnengsbau hat an huet d’Konzept “Cité”. Den Terme "Garden City" gouf 1898 vum Howard Ebenezer aus England gepräägt: Zur Zäit vun Industrialiséierung sinn an de Stied d’Liewensbedingunge ganz schrecklech gewiescht, op der anerer Säit gouf et um Land eng grouss Aarmut an en Mangel un Diversitéit un Fräizäitangebot. An senger Theorie beschreift den Howard Ebenezer eng ideal Wunnform tëscht Staat a Land, d’Town-Country déi all déi gutt Eegenschafte vun der Staat a vum Land vereenegt. Natur, sozial Kontakter, niddrege Loyer an Hygiène duerch Verdeelung vun de Wunneenheeten, mat Parks do tëscht. Funktiounstrennung (Schaffen, Wunnen, Erhuelung,...) wären een Deel vun de Virdeeler, déi a senger Garden City ze fanne sinn. Soubal eng Staat eng bestëmmten Unzuel un Awunner*innen erreecht huet, gëtt eng nei Staat gegrënnt, eng "satelite city". Bei der Analyse vun der momentaner lëtzebuerger Situatioun sinn, ofhängeg vun der Gemeng, méi oder manner vill Gemeinsamkeeten ze fannen.

    Wat fir sozial an ökologesch Problemer huet d'Cité?

    Mä d'"Cité" ass ebe keng ideal Garden City, mä huet an der Realitéit vill Nodeeler. Ënnerschiddlech ökologesch an sozial Problemer tauchen op: Den enorme Flächeverbrauch, dee mer zu Lëtzebuerg fir eise Wunnengsbau hunn féiert zu enorm héije Käschte fir d'Gemengen, déi d'Infrastruktur (Waasser, Gas, Elektresch, Telefon, Internet, etc.) mussen zur Verfügung stellen. Dat dreift och déi sougenannt „Niewekäschten“ an d'Luucht, well jidderee fir een extensiivt Leitungsnetz bezuele muss, well an der Fläch gebaut gëtt. D'Allgemengheet bezilt dofir, dass eenzel Leit sech de Luxus vun engem eegenen, allengstoendem Eefamilljenhaus kënne gönnen.
    D'Funktiounstrennung gëtt duerch Cité géigeniwwer vu risegen Akafszenteren "op der grénger Wiss" bis an d'Absurditéit gedriwwen. An der Cité gëtt et keng Akaafsméiglechkeet, also mussen d'Awunner*inne mat hirem Auto an d'Belle Etoile fueren. Och fir aner Erleedegunge vum deegleche Liewen (Dokter, Post, etc) muss den Auto benotzt ginn, well keng Infrastruktur do ass. Déi ganz Mobilitéit kann also net einfach op ëffentlechen Transport ëmgestallt ginn, well dat ganzt raumplaneresch Konzept dorop berout, datt een sech mat sengem Auto vun enger Platz op déi aner beweegt. Ee richteg gutt funktionéierenden ëffentlechen Transport ass also onméiglech, sou laang d'Citéë wäit verspreet a wéineg Awunner*innen op de m² hunn. De Minister Bausch huet zwar gemengt déi eenzeg gutt Mobilitéit wär déi, déi guer net stattfënnt: dat stëmmt natierlech net, well net just mam Auto ronderëm fueren ass Mobilitéit, och zu Fouss an den nächste Buttek trëppelen ass Mobilitéit.
    Den Energieverbrauch vun Eefamilljenhaiser ass och méi héich wéi vu méi grousse Wunnkomplexer: schonn eleng duerch de Rapport vu Fläch zu Volume ginn Heizkäschte méi grouss. En plus verbrauche fräistoend Eefamilljenhaiser zu Lëtzebuerg méi Energie wei beispillsweis an Däitschland oder der Schwäiz [http://orbilu.uni.lu/handle/10993/24922].

    Ganz Lëtzebuerg een "non-lieu"?

    Als "non-lieux" ("Nicht-Ort") huet de franséischen Anthropolog Marc Augé Plazen am urbanen a suburbane Raum bezeechent, déi just eng Funktioun hunn an deenen all Geschicht, Relatioun an Identitéit fehlt. Beispiller wieren Akafszenteren, Autobunnen, Garen, etc. Ee grousst Mierkmol vun engem non-lieux ass, datt déi zwëschemënschlech Kommunikatioun op dëse Plaze fehlt oder just ganz formelhaft stattfanne kann. Et brauch een*t ausserdeem ëmmer eng Legitimatioun, fir sech op engem non-lieu opzehalen; et muss een*t eppes kafen, et muss een*t een Ticket hunn, asw.
    Zu Lëtzebuerg ginn ëmmer méi ëffentlech Plazen zu sou non-lieu'en, well den ëffentleche Raum engersäits kommerzialiséiert gëtt an anerersäits ganz staark vun "hostile architecture" Gebrauch gemaach gëtt. Domadder si Methode gemengt, mat deenen onerwënscht Persounegruppe vun enger Plaz ewech gehale gi sollen: Dat geet vun onbequeme Bänken, Bänken op deenen een*t net schlofe kann, héichfrequent Geräischer déi Jugendlecher stéiere solle bis hin zu Picken, déi Sans-Abris'en dovunner ofhale sollen, op bestëmmte Platzen ze schlofen. Hostile Architecture kann awer och subtil sinn: Duerch Sëtzbänken, op deenen een*t sech net kucke kann, gëtt eng ëffentlech Plaz zum non-lieu. Wann een*t duerch Stad Lëtzebuerg geet, fënnt ee méi non-lieu'en op deenen ee just duerch Konsum bleiwen däerf wéi Plazen, déi zum Verweilen, Kommunizéieren, Kreéieren alueden. Déi aktuell Politik, souwuel um kommunale wéi och op nationalem Niveau dreift dës Entwécklunge virun: Sou entsteet mam "Royal Hamilius" een néie giganteschen non-lieu, während mam alen "Aldrenger" een Treffpunkt fir d'Jugendkultur verluere geet. Souwuel déi nei Gebaier vum Royal Hamilius wei och déi nei Platz déi dotëscht entstoe wäert, wäerte keng konsumfrai Reim sinn.

    Wat sinn d'Alternativen?

    Mir brauchen also zu Lëtzebuerg ee radikaalt Ëmdenken, ewech vun dem amerikaniséierte Modell vun der Cité hin zu engem méi urbanen an ökologesche Wunnen. Fir zu dësem Ëmdenken ze kommen, muss et Diskussiounen doriwwer gi wéi mer eigentlech wunnen a liewe wëllen. An Resultater vun dësen Diskussioune mussen zu politesche Fuerderunge ginn!
    Nei Quartiere mussen no un den Zentrum vun der Uertschaft gebaut ginn an eng funktiounsgemëschten Notzung opweisen. Et ass duerchaus och fir Betriber wéi Schräinereie méiglech, schallgedämpft an engem Wunngebitt ze existéieren, ouni vill ze stéieren. Mer brauche kleng a regional Akaafsméiglechkeeten amplaz ee x-ten Hypermarché. Mir mussen awer och iwwerleeën, wéi mir d'Citéen zeréckbaue kënnen: Et gëtt nach kee Modell dofir, da muss Lëtzebuerg eben eent entwéckelen, z.B. de PAG sou änneren, datt och gewerblech Notzungen erlaabt sinn, Flächen opkafen, d'allengstoend Haiser ofrappen an/oder se a Blockbauweis zu grousse Wunnhaiser ëmbauen. Kontraproduktiv sinn dobäi Entwécklunge wéi an der Gemeng Déifferdeng wou Eefamilljenhaiser net méi duerfen ofgerappt ginn, fir eng Residence opzeriichten. An dat ënnert engem grénge Buergermeeschter, deen et besser wësse misst!
    Beim ëffentlechen Transport ass wichteg ee Konzept auszeschaffen, wéi och schinnengebonnen Transport an de Stied am Süden an Norden agesat ka ginn an/oder den Tram méi wäit an d'Peripherie vun der Stad eraus fuere kann. Déi scho méi al Fuerderung no gratis ëffentlechem Transport ass natierlech nach ëmmer relevant: Den effizientsten an ëkologeschten Transport sollt fir all Mënsch accessibel sinn, Mobilitéit däerf ni eng Fro vun Präis sinn!
    Méi autofräi Zonë mussen an eise Stied a Wunngéigende geschaf ginn. Et ass nogewisen, datt méi Verkéier zu manner soziale Kontakter féiert, schonn eleng Parkplazen an enger Strooss ënnerbannen een Deel vum Dialog, deen do kéint stattfannen. Mir mussen eis ëm eisen ëffentleche Raum këmmeren, ëm eis Plazen a Stroossen, an dem Sënn si Projete wei déi aktuell Ëmgestaltung vum Aldringer kritesch ze gesinn, well de Fokus op "Luxus" an "High-End-Klientelle" läit. D'Populatioun muss an d'Ëmgestaltung vu Fläche mat agebonne ginn, et muss ëmmer eng net-kommerziell, konsumfräi Notzung vun ëffentleche Plaze méiglech sinn. Ausserdeem sollte Jugendkulture wéi z.B. Graffiti, Skaten, etc. net an een "Ghetto" un d'Peripherie verdrängt ginn, mä an déi urban Strukturen agebonne ginn - nëmmen sou kann een Dialog mam Recht vun der Bevëlkerung entsoen a Jonk an Aal vunenee léieren.

    Wéi kënnen d'Präisser um Wunnengsmaart endlech erof goen?

    Zu Lëtzebuerg gëtt et scho Gesetzer déi et erméigleche fir Stéieren op zweet Wunnengen ze erhiewen oder fir géint Spekulatioun op Immobilië virzegoen, mä si gi leider net applizéiert! Wichteg wär et och hei méi staark duerchgräifen duerch z.B Enteegnung vu spekulativen Immobilië fir als Staat domat selwer de staatleche Wunnengsbau virun ze dréiwen. De staatleche Wunnengsbau muss konsequent ausgebaut ginn, mat néie Wunnformen an niddrege Präisser fir den astronomesche Käschten um private Wunnengsmaart eppes entgéint ze setzen. Et wier och méiglech, e maximale Loyer pro m² anzeféieren oder eng Extra-Steier op Luxuswunnengen anzeféieren.

    Déi ënnert anerem och vun der LSAP ënnerstëtze Subventionéierung vun de Loyere geet jiddefalls komplett an déi entgéintgesate Richtung wéi déi eigentlech Zilsetzung. Domadder gëtt just erreecht, datt Proprietairen hier lächerlech héich Präisser weider froe kënnen.
    Ee weidere Schrëtt an d'Richtung "D'Haiser deenen, déi dra wunnen!“ kéint d'Legaliséierung vun Haiserbesetzunge sinn. Dëst géif och zu méi Selwerbestëmmung vu Persoune mat manner Ressourcë féieren.

    Et gëtt also ganz vill verschidden Themegebitter wou kann ugepaakt ginn. Virun allem ass et awer wichteg des Themen zur Diskussioun ze maachen.

    Eis Fuerderungen:

    • Keng néi Citéë méi! Nei Wunngebidder mussen no um Zentrum sinn an eng urban Struktur mat Funktiounsmëschung a verschiddene Wunnformen opweisen!
    • Citéen zeréck bauen! Lëtzebuerg brauch Konzepter, wéi mir eis suburban Strukturen zu urbanen Zenteren ëmbaue kënnen, déi ökologesch a sozial gerecht Wunnen, Schaffen a Liewen erméiglechen!
    • Staatleche Wunnengsbau op eng ökologesch a sozial gerecht Manéier ausbauen!
    • Ëffentlechen Transport ausbauen a bei néie Wunnprojete matdenken!
      Keng Akafszenteren, Futtballsstadien, etc. „auf der grünen Wiese“ méi!
    • Konsumfrai ëffentlech Platze schafen!
    • Spekulativ Immobilien enteegnen!
    • Legaliséierung vun Haiserbesetzungen (bei Haiser, déi eng gewëss Zäit eidel stinn)!
    • Fir een urbaant Lëtzebuerg!
    Read more