Iwwert der Plage

D’Begrëffserklärungs-Rubrik an eisen Emissiounen vun “Ënnert dem Pavé” um Radio Ara.

 

    Riot Grrrl*

    De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass.

    Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill.

    D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d'Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,...) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung.

    Vir d'Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn.
    Natierlech goufen et och schonn zu dem Zäitpunkt vill talentéiert an ambitionéiert Musekerinnen*, mee si kruten (wat och nach haut zu Daags an der Musek Szen oft den Fall ass) oft net den néidege Respekt an déi néideg Unerkennung, weder als Mënsch nach als Kënschtlerin.
    An engem vu Männer dominéierte Beräich haten des Fraen* oft de Ruff net mathalen ze kënnen, net gutt genuch ze sinn, nëmme wéinst hirem Geschlecht. Se goufen héchstens belächelt, mee net als eegestänneg Musekerinnen* ugesinn.

    Dat war deemools wei haut natierlech komplette Quatsch, well Talent an Kapassitéit näischt mam Geschlecht ze dinn hunn. Genau dat hunn des jonk Fraen* och geduecht: Firwat solle ma net no vir preschen an eist Potential och no baussen hin weisen? Mir hunn eng Stëmm, mir hunn eppes ze soen an all Mënsch kann a soll dat héieren.
    Si wollten sech net méi op hiert Ausgesinn an op maskulin Virstellunge reduzéiere loossen. Se wollte Gläichberechtegung a kee propagéierten an akzeptéierte Sexismus.

    Ween awer elo mengt dass des Fraen nëmmen am Beräich vun der Musek aktiv waren, deen iert sech: se waren sou wuel bildend Kënschtlerinnen*, wei och Publizistinnen* an natierlech politesch Aktivistinnen*. Vir hire Message ze verbreeden hunn si virun allem op Zines a Flyeren zréck gegraff.

    Déi bekanntste Gruppen aus der Riot Grrrl Beweegung ware Bikini Kill a Bratmobile, vir nëmmen 2 ze nennen. Wann een haut zu Daags vum Begrëff Riot Grrrl schwätzt, denkt ee virun allem un Bands wei Pussy Riot. Bands déi duerch hiert politescht Engagement och definitiv domat associéiert solle ginn. Mee bléckt een hannert de Begrëff, dann ass et trotzdem nach vill méi wei eng bestëmmte Band.

    Et ass deemools wei haut em de Kampf vir méi Gläichberechtegung gaangen. Em ee Kampf den sech géint d'Diskriminéierung stellt.
    Dëse Kampf ass nämlech nach laang net gewonnen.
    An dem Sënn: Revolution, Grrrl Style, Now!

    Read more

    Black Bloc

    Ëfters gëtt an den internationale Medie vum "Black Block" geschwat ouni d'Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz.

    Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo'en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech "Bléck" wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun enger bestëmmter Gewerkschaft, asw. Oft sinn déi Bléck eenheetlech gekleet, d.h. zum Beispill an de Faarwe vun der Gewerkschaft. Dohier kënnt och d'Iddie vum "Black Bloc", en ass komplett a Schwaarz gekleet. Hei gëtt oft bis an den Detail alles wat net schwaarz ass ob der Kleedung oofgepäscht, well all nach sou klengen Erëmerkennungsmerkmal ka geféierlech ginn.

    Opkomm ass déi Taktik vum Black Bloc Ufank der 80er Joëren an Däitschland am autonome lénke Spektrum, wou vum "schwarzer Block" geschwat gëtt. Virun allem a Squatter Szenen oder bei AntiAtom Protester gouf dës Taktik am Ufank benotzt. An den 90er waren dunn virun allem antikapitalistesch oder antifaschistesch Demoen oder awer och grouss Protester géint Sommeten, Plaze wou de Black Bloc sech etabléiert huet. Haut gëtt dës Taktik ëmmer manner benotz, wann dann nach éischter bei antifaschistesche Blockaden oder ähnlechem, well et déi einfachste Méiglechkeet ass sech onkenntlech ze maache viru Rietsen déi fotograféieren oder filmen. Virun allem gëtt et ëmmer erëm Oofwandelunge vun der Taktik sech komplett schwaarz unzedoen, well bemierkt gëtt dass virun allem d'Police vill méi gewalttäteg virgeet vis a vis vu schwaarz gekleete Persounen, well si natierlech och sech dorop virbereeden dës Persounen als méi gewaltbereet anzeschätzen. Et gëtt also Oofwandlunge wei z.B. ee rosa Block, oder ee wäisse Block mat wäissen Overalls, asw. Well d'Haaptsaach ass jo eigentlech, dass een als gëeente Block optriede kann an sech an Anerer doduerch viru Repressioun an Erëmerkenne schütze kann.

    Witzegerweis koum et duerch Mëssverständnesser an de Medien zu enger Aart Verschwörungstheorie an zu diverse Veraarschunge vun dësen. Oft gëtt vun "der schwaarze Block" geschwat an et gëtt gemengt, dass de schwaarze Block wei eng Institutioun ass, déi iwwerall optaucht an ëmmer aus de selwechte Persoune besteet. An rietse Kreesser huet sech doduerch befeiert eng Verschwörungstheorie entwéckelt, wou no de schwaarze Block vum Staat bezuelt gëtt, d'Aktivist*innen ee Stonneloun kréie géifen asw. Doropshin hunn lénker ugefaangen ob de Spaass anzesteigen an hunn an de sozialen Netzwierker Säite gegrënnt wei "Antifa Reisen" oder Gewerkschaften etc.

    Och wann d'Black Bloc Taktik heiansdo benotz gëtt wou se iwwerdriwwen oder onsënneg erschéngt, ass et trotzdem gutt ze wësse wourëms et sech handelt well et einfach zu lénken Aktivismus dozou gehéiert.

    Read more

    Sozialismus

     

    Vu datt Jonk Lénk sech als eng sozialistesch orientéiert Jugendorganisatioun definéiert, wier et och emol un der Zäit, eis mat deem Begrëff ausernanerzesetzen.
    Wat heescht et fir eis, Sozialist*innen ze sinn?

    Fir d'Éischt emol muss ee soen, datt Sozialismus en Uewerbegrëff ass, dee vill verschidde politesch Stréimungen ëmfaasst an dee vill politesch Organisatioune fir sech beusprochen. Mir wëlle mat eiser Selbstdefinitioun als Sozialist*innen an éischter Linn däitlech maachen, datt mir de Kapitalismus iwwerwanne wëllen an duerch eng sozialistesch Wirtschaftsuerdnung ersetzen. Dat heescht, datt d'Produktioun net méi dorop ausgeriicht wier, méiglechst vill Profit ze generéieren, mä de Besoinë vun all Mënsch sollt gerecht ginn. Dat bedeit, datt d'Ekonomie och net méi an den Hänn vun de Kapitalbesëtzende wier, mä an der demokratescher Kontroll vun de schaffende Leit. Et ass also d'Striewen no enger Ekonomie, an där Kooperatioun, an net Konkurrenz d'Motivatioun vun Innovatioun a Fortschrëtt wier.

    Wou Sozialist*inne sech net ganz eens sinn, sinn z.B. d'Fro vum Rôle vum Staat, der Staatsform an ob et iwwerhaapt soll/muss ee ginn. Anarchistesch Sozialist*innen z.B. sinn der Meenung, datt d'Selbstorganisatioun vun de schaffende Leit vun Ufank un duergeet fir d'Gesellschaft an d'Ekonomie ze organiséieren, während aner Sozialist*innen der Meenung sinn, datt zumindest an enger Iwwergangsphas nach e Staat noutwenneg wier, fir déi sozialistesch Gesellschaftsform oprechtzehalen.

    Och d'Aart a Weis, wéi een op eng sozialistesch Gesellschaft histeiere wëll, ka sech ënnerscheeden. Muncher sinn der Meenung, datt et duerch Reforme méiglech wier, anerer mengen, et bräicht eng Revolutioun, déi ausserhalb vum Parlament stattfënnt. An nees anerer vertrieden d'Iwwerzeegung, datt béides sech net ausschléisst. Gemeinsam hu mir allerdéngs alleguerten, datt mir op eng klasselos Gesellschaft histeiere wëllen, an där all gesellschaftlech Ugeleeënheeten - also och d'Ekonomie - demokratesch decidéiert ginn amplaz vun uewen erof.

    Mä wéi kënnt et dann, datt och d'LSAP sech "sozialistesch" nennt, obwuel se näischt am geréngste mat eiser Virstellung dovun ze dinn huet? Dat kënnt dovun, datt d'LSAP iergendwann emol eng sozialistesch Partei war - reformsozialistesch fir genee ze sinn. Besonnesch an deene leschten 30 Joer ass awer ëmmer méi kloer ginn, datt si sech ewell domat zefridde ginn, de Kapitalismus ze verwalten a keng Intentioun hunn, iergendwéi do e Wee raus ze sichen. Ganz am Géigendeel; si gehéiere souguer zu deenen, déi d'Finanzplaz Lëtzebuerg an den domat verbonnene Modell vu Steierhannerzéiung wesentlech matgeprägt an domat de Salarié*eën an anere Länner massive Schued zougefügt hunn. Gläichzäiteg huet de Begrëff vum Sozialismus a groussen Deeler vun der Aarbechter*innebeweegung nach immens positiv Konnotatiounen. Och dofir wëll d'LSAP deen net esou séier opginn.

    Awer och mir Antikapitalist*inne loossen eis dat Wuert net vun der neoliberaler LSAP huelen - a setzen eis weider fir eng befreit a solidaresch, eng sozialistesch Weltgesellschaft an.

    Read more

    Consent & Definitiounsmuecht

    Let's talk about sex, baby.

    Mir hunn eis geduecht, dass et ëmmer nees wichteg ass iwwert Sex ze schwätzen an dat maache mer haut bei Iwwert der Plage. Dat wichtegst dobäi ass Consent, deen ass nëmmen dann erreecht wann all Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt ass dozou zougestëmmt huet a komplett domat averstanen ass. D'Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kann, Kanner a schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Außerdem muss ganz kloer an ope kommunizéiert ginn, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt.

    Konsens muss sech och ëmmer erëm ob een neits ageholl ginn, nëmme well eng Persoun eng Kéier Loscht ob Sex mat enger anerer Persoun hat, heescht net dass se e puer Stonnen, een Dag oder iergendwann dono dat och nach wëllt. Och kann net vu Consent zu Sex geschwat gi wann eng Persoun zu knuutschen zougestëmmt huet, dono awer net méi weider driwwer geschwat gëtt wei wäit déi bedeelegt Persoune goe wëllen. Et gëtt just ee ganz kloren Jo, alles anescht ass als Nee ze bewäerten. "Weess net", "hmm", Naicht-Soen, asw. heescht alles net "Jo" an ass domat keng Awëllegung, also Zwang oder souguer sexualiséiert Gewalt. Wichteg ass, dass all bedeelegt Persoun zu all Moment Nee soe kann. Et kann een sech dat ganzt ob enger Skala virstelle wou et vu sexualiséierter Gewalt, iwwert Zwang a Kooperatioun bis zu Consent geet. Wou genau ob där Skala eng Handlung anzeuerdnen ass, ass ëmmer un der Persoun selwer ze entscheeden. Wann däin "Nee" net akzeptéiert oder iwwergaange gouf, da läit d'Verantwortung dofir ni bei dir. An deem Moment ass dat eenzegt wat zielt, d'Fro wat passéiert ass a wéi et dir domat geet, ob a wéis du wëlls dorop reagéieren, dobäi huet keen dir eran ze rieden, weder däin*deng Partner*in, nach Aussestehender.

    Woumatter mir beim Konzept vun der Definitiousnmuecht wären. Et ass un der Persoun, där sexualiséiert Gewalt widderfuer ass, ze definéieren ob et sech em sexualiséiert Gewalt gehandelt huet oder net. Deemno ass dat, wat als sexualiséiert Gewalt wouergeholl gëtt. och sexualiséiert Gewalt. Et geet dorëms amplaz objektive Kriterien d'subjektivt Empfannen an de Mëttelpunkt ze réckelen. D'Definitiounsmuecht läit also ouni Diskussioun bei der betraffener Persoun, d'Wahrnehmung vu Frënd*innen, vum Täter, vum Ëmfeld sinn dobäi egal. De Problem heibäi ass, dass d'Police an d'Justiz net esou funktionéieren. Et gëtt versicht, all Sicht ob dat wat geschitt ass anzehuelen, et gëtt versicht Beweiser ze sammelen a Widdersprech ze konstruéieren an d'Geriicht ka bei "Ausso géint Ausso" net méi vill maachen. Dat kann oft retraumatiséierend si fir d'Opfer, wat ee vun de Grënn ass, firwat d'Donkelziffer vun net reportéierte Fäll extrem héich ass bei sexualiséierter Gewalt.

    Lénk Politik muss sech och mat dësem Thema beschäftegen an sech mat den Opfer vu sexualiséierter Gewalt solidariséieren an Ënnerstëtzung ubidden.

    Wann s du Opfer bass vu sexualiséierter oder häuslecher Gewalt, da gëtt et zu Lëtzebuerg verschidde Stelle wou een sech ka mellen an Hëllef ka kréien: Beim "Planning Familial" oder bei "Femmes en Détresse" zum Beispill. Fir Leit déi sech nach méi zum Thema Consent an Definitiounsmuecht wëllen informéiere gëtt et zum Beispill ee Blog wou vill Material dozou ze fannen ass: defma.blogsport.de oder beim Cid-Fraen a Gender gëtt et sécherlech Bicher zum Thema. Mir wäerten dat alles och ob eiser Websäit verlinken.

    De 25. November ass d'«journée d’action contre les violences faites aux femmes» an do wäerten och zu Lëtzebuerg sécherlech Aktiounen zum Thema statt fannen.

     

    Links zum Thema:

    Definitionsmacht
    http://defma.blogsport.de

    Cid - Fraen an Gender
    http://cid-fg.lu

    Planning Familial
    http://www.planningfamilial.lu/fr/

    Femmes en détresse - Luxembourg
    http://fed.lu/wp/contact-2/

    Kanner-Jugend-Telefon
    https://www.kjt.lu/fr/adolescents/116111

    Ministère de l’égalité des chances
    http://www.violence.lu/violence_Accueil.1-2.html

    RiichtEraus - Croix Rouge - service de consultation et d’aide pour auteurs de violence
    http://www.croix-rouge.lu/riichteraus/

    Read more

    Repressioun

    Well dëse Mount, de Kräidprozess säin zweeten Ulaf geholl huet, fanne mer dat eng gutt Idee an dëser Episode vun Iwwert der Plage iwwert Repressioun ze schwätzen.
    Wann mer vu Repressioun, am politesche Kontext, schwätzen, da schwätze mer vum Versuch deen de Staat ënnerhëlt fir eng politesch Idee oder Beweegung zeréck ze drängen.
    Et gëtt ob ville Platze vun der Welt nach vill méi wäitgoend politesch Verfolgunge wéi hei zu Lëtzebuerg oder an Europa. Mär wëllen déi Situatiounen absolut net gläich stellen a sinn eis och bewosst, dass d'Situatioun fir vill politesch Aktivist*innen ob der Welt souguer liewensgeféierlech ass. Trotzdem wëlle mer haut doriwwer schwätzen a wéi enger Aart Drock op politesch Aktivist*innen an Europa an och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt a wéi een sech dogéint ka schützen.
    Während Demo'en kënnt et ëfters zu gezielten Aktioune vun de Flic'en fir d'Identitéit vun den Demogänger*inne festzestellen. Ganz Demo'en ginn ofgefilmt, eenzel Leit erausgefëscht oder wat an Däitschland oft passéiert ass dass een, fir iwwerhaapt op den Demostartpunkt ze kommen, muss duerch eng Identitéitskontrollen. Bei esou Aktiounen ass et zimlech kloer, dass doduerch all Demogänger*in vun de Flic'en als potentiell straffälleg ageschat gëtt, et kënnt also ob en général Verdacht ob all Persoun déi ob d'Strooss geet eraus. Wann eenzel Leit erausgepëtzt ginn, dann ass dat meeschtens och onbegrënnt an dengt dozou d'Leit ronderëm anzeschüchteren, dei betraffe Persounen anzeschüchteren an domat jidderengem de Message ze ginn: "Passt ob wat der maacht, soss geet et ärch d'selwecht!"
    Heiansdo kënnt et ob Demo'en zu Situatiounen déi iwwert Identitéitsfeststellungen als Repressioun eraus ginn. Heiansdo gëtt, ob bewosst oder onbewosst, vun der Police eskaléiert an domat Gewalt wei Pefferspray oder Schlagstock Asätz gerechtfertegt. Och dat kann een zu Repressioun zielen, well et Persounen dovunner oofhällt iwwerhaapt ob Demo'en ze goen oder wann se bis eng Kéier sou Situatiounen erlieft hunn, sech nemi trauen oder sech et all Kéiers zwee mol iwwerleeën ob se dës Kéier wëllen dobäi sinn. Andeems se d'Leit decouragéiere wëllen iwwerhaapt un Manif'en Deel ze huelen, probéieren se eis indirekt de Grondrecht vun der Meenungsäusserung an der Demonstratiounfräiheet ze limitéieren. Verschidden Aktiounsforme ginn sou ënnerbonnen an doduerch och de Message vun der Demo selwer méi kleng gemaach wéi en vläicht ass. En Speech vun e puer Gewerkschaftler op der Place Clairfontaine huet einfach manner Impakt wéi wann ganz Fabricken oder Stroossen blockéiert géife ginn.
    Eng bëssen aner Saach, déi awer och kann an d'Kategorie staatlech Gewalt ageuerdent ginn, si politesch geféiert Prozesser um Geriicht. Sou mussen Aktivist*innen sech oft dofir rechtfertegen, dass se bei Aktiounen oder Demo'en matmaachen, well dat hier Glafwierdegkeet viru Geriicht senkt. Oft kënnt et iwwerhaapt eréischt zu engem Geriichtsprozess a Situatioune wou et kloer ass, dass déi beschëllegt Persounen ee lénken Hannergrond hate fir eng gewëssen Aktioun. Esou zum Beispill och beim momentan lafende Kräidprozess, wou et um Owend selwer virun allem de Problem war, dass et sech em eng politesch Konschtaktioun, déi sech géint Nationalfeierdag an domat géint d'Natioun an sech geriicht ass, gehandelt huet. Hätten um Dag no der Aktioun net d'Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag op där Platz stattfonnt, hätt kee Schwäin sech drëm gekëmmert op mir elo do mat Kräid op de Buedem molen. Just well d'Flicken de cleanen Image vum Land bewahre wollten a well zum Deel lénksradikal Spréch um Buedem stoungen, hunn d'Flicke krass iwwerdriwwen.
    Dat ganzt ass natierlech dorop ofgezielt jonk Aktivist*innen a Kënschtler*innen anzeschüchteren. Déi klengst Demo déi net grad an d'Konzept vun enger ugemellter Maniff op der Place Clairefontaine passt, gëtt ënnerbonnen. Sou och un dësem Nationalfeierdag wou eis verbuede gouf mat engem Bänner nieft der Arméiparade ze trëppelen. Dëst ass natierlech och dorop zeréckzéien dat et zu Lëtzebuerg einfach keng Demonstratiounskultur gëtt. Mir wäerten dat änneren.
    Am Ausland, wou et ëfters Neonaziopmärsch gëtt, do kënnt et och ëmmer nees zu Geriichtsprozesser géint antifaschistesch Aktivist*innen, a bestëmmte Fäll kënnt et do och zu Untersuchungshaft, wat bedeit, dass déi beschëllegt Persoun bis zum Geriichtsprozess an Haft verbréngt, wat oft Méint kann daueren. Dëst Verfahre gëtt oft kritiséiert, well doduerch eng Strof schonn iert se gesprach gouf ofgesat gëtt, et also och fir kënnt, dass eng Persoun scho méi laang am Prisong stutz wéi se dono eigentlech bei enger Veruerteelung kritt. Déi Méint kann halt kee méi der zeréck ginn. Wat esou Situatiounen ob déi eenzel Léit fir Auswierkungen hunn, ass extrem schlëmm an natierlech ganz schwéier nozevollzéien. Wat nach dobäi kënnt ass d'Auswierkung ob d'Szen, nees kommen d'Leit an d'Situatioun sech ze iwwerleeën ob si dëse Präis kënnen a wëlle bezuele fir fir hier Iwwerzeegungen anzestoen.
    Och wann et schwéier ass, duerfe mer net an esou Gedanke verfalen. Et ass ëmmer wichteg sech genuch ob Aktiounen oder Demo'en virzebereeden, mee mer duerfen eis net vun eiser Angscht viru Repressioun lähme loossen.
    Déi wichtegst Waff géint Repressioun ass eis Solidaritéit, nëmmen doduerch, dass mer aner Leit déi vu Repressioun direkt betraff sinn, ënnerstëtze kënne mer als Beweegung der Repressioun eppes entgéint stellen.

    Well: Getroffen hat es eine*n, gemeint sind wir alle.

     


    Wanns du d'Aktivist*innen déi am Kräidprozess ugeklot sinn finanziell ënnerstetzen wëlls, dann kanns du eng Spend op eisen Konto maachen mat der Referenz "Kräidprozess".
    JONK LENK ASBL
    IBAN: LU28 1111 2999 4723 0000
    Read more

    Veganismus

    Als Vegan bezeechnen sech Leit déi bewosst op d'Konsuméiere vu Produkter deierlecher Hierkonft, a fir d'Hierstellunge vun deenen, Deieren zu Schued komm sinn, verzichten. Dat heescht am Kloertext, kee Fleesch, kee Fësch, keng Eeër, keng Mëllech, kee Lieder, keng Produkter déi op deiere getest gi sinn etc. Dat dote sinn natierlech déi grob Richtlinne wann een sou well. Innerhalb vun deene Kommunitéite ginn et ëmmer erëm laang an intensiv Diskussiounen driwwer wou een d Grenzen zeie soll/däerf. Et léist sech schwéier ofstreiden dass duerch d'Testen op Deieren d'Medezin an aner Wëssenschafte riseg Fortschrëtter gemaach hunn. Mais dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier.Fir d'Entstoung vun der Veganer Beweegung a Westeuropa reese mer elo ee Stéckchen zeréck an der Zäit.
    Déi eicht Texter an niddergeschriwwe Beweiser fir eng Vegan Liewensaart an Ernährung kommen aus England an Amerika. Am 19ten Joerhonnert hunn sech schonn Intellektueller, Schrëftsteller*innen a Kënschtler*inne fir eng Deiere-Fräi Ernährung staark gemaach. 1872 huet d'Victoria Woodhull, de eicht weiblech, amerikanesch Presidentschaftskandidatin och eng Fleesch-fräi Ernährung an hirem Programm manifestéiert. Vegan Ernährung gouf zu der Zäit am meeschte fir medezinesch Zwecker ugewannt a sollt Krankheete wei Kriibs, Tuberkulos an Akne bekämpfen. 1931 huet sech de Mahatma Ghandi bei enger Ried fir d'Vegetarian Society zu London fir eng Vegan Ernährung, net aus gesondheetlechen, mee aus ethesche Grënn staark gemaach.
    Säit de 1960er Joren huet sech Veganismus als feste Bestanddeel vu fille Bewegunge vu Lénker-Géigekultur etabléiert, sief et d'Hippie Beweegung vun de 60-er a 70er Joren, oder an de politesche Kreesser vu Punk, Hardcore a Metal Musek. Aus deene Subkulturen huet sech déi Ideologie ab 2010 staark a méi grouss Gesellschaftkreesser verbreet a fënnt virun allem bei Jonke Leit ob Zoustëmmung.An der Diskussioun iwwer Veganismus kommen ëmmer dräi grouss Punkten op. ETHIK, GESONDHEET an och ëmmer méi, ËMWELTSCHUTZ. Dës sinn dräi Punkte wou eng vegan Liewensaartaweis direkt positiv Auswierkungen op dat eegent Liewe wei op d'Gesellschaft am grousse Ganzen huet.Den ethege Volet ass d'Haptkomponent vum Veganismus. Vegan Leit gesinn et als falsch un Deiere fir eis Zwecker ze mëssbrauchen oder ze benotzen. Et geet och net drëms ze soen dass een Deier gutt behandelt gouf befiert et ëmbruecht gëtt, mee dorëm dat Mënschen iwwert Liewe vun Deiere  bestëmmen. Decidéiere wéini der wéi vill op d'Welt kommen, just fir se herno als Fudder ze benotzen. Dorausser huet sech och den Antispezizismus entwéckelt an der sech d Fro stellt wisou ee mënschlecht Liewe méi Wäert soll hunn wei dat vun engem Deier. Veganer ruffen zu enger méi matfillender a respektvoller Gesellschaft op, vis-à-vis vun den Deieren, wei vun de Mënschen.De gesondheetleche Volet vun der Diskussioun ass deen an der Ëffentlechkeet am meeschte gefouert gëtt an och generell op di gréissten Zoustëmmung stéisst. Ëmmer méi Studie weisen dass de Konsum vu Fleesch, Mëllech an Eeër schiedlech ass fir de Mënsch. Fetteg, Cholesterol fördernd a souguer als kriibsereegend gouf de Konsum vu Fleesch agestuuft. Och Mëllech ass wesentlech manner gesondheetsfördernd wei eis als Kanner ëmmer bäibruecht gëtt. Dobäi kennt och dass ronn 1/3 vun der Weltbevëlkerung als, deelweis bis komplett, lactoseintolerant ageschat gëtt.
    An Planze fënnt de Mënsch all Nährstoffer déi et och am Fleesch oder anerer Produkter gëtt. Vun Proteinnen, iwwer Calcium an Eise bis zu Ballaststoffer a Vitaminnen ass alles dobäi. Tofu, Lënsen, Bounen, Ierbessen a ganzt gewéinlecht Uebst a Geméiss soe Moien. Natierlech ass eng komplett Iess-Ëmstellung net einfach a mat Energie an Zäitopwand verbonnen.
    Dozou kennt och dass an der Massendeierenhaltung den Déiere fill ze oft Antibiotiken an d'Fudder gemëscht gëtt fir ze vermeiden dat Deiere krank ginn. Well a risege Ställ vun 1000den Deieren ass et praktesch onméiglech all Deier déi néideg Fleeg a medezinesch Betreiung ze gi fir dass se all gesond bleiwen. Des Iwwerbenotzung vun Antibiotike feiert dozou dass sech Bakterië mat immens staarke Resistenze bilden déi dann duerch de Konsum vum Fleesch propagéiert kenne ginn.Schlussendlech spillt Ëmweltschutz beim Veganismus och eng grouss Roll. D'Fleesch a Mëllech Industrie ass ee vun de gréissten Ëmweltverschmotzer weltwäit. Zuele vun der UN weisen dass d'Fleeschindustrie mat 14,5% vun allen weltwäiten Treibhausgase fir méi Emitioune verantwortlech ass wei d Stroumindustrie oder den automobile Sekteur. 25% vum Drénkwaasser ginn am Schnëtt vun der Fleeschindustrie verbraucht an 33% vum weltwäiten Akerland gëtt dofir benotzt Deieren aus der Fleeschproduktioun ze fidderen. Déi gigantesch Zuelen entstinn doduerch dass Fleesch keen direkte Produit ass, mee dass eng Rei aner Produiten als eicht mussen hiergestallt gi fir iwwerhaapt kenne Fleesch ze produzéieren, virun allem Fudder. De gréissten Deel vum weltwäit ugebaute Mais a Soja gëtt benotzt fir Kéi a Schwäin ze fidderen. Fir dëst Fudder, wat de Mënsch a senger éischter Form well iesse kéint, gëtt Waasser gebraucht. Dono ginn des Planze gepléckt, gewäsch, veraarbecht an iwwer Land, Waasser a Loft-Weeër zur weider Notzung transportéiert. Och Deiere mussen dann an d Schluechthaus transportéiert ginn, fir gebotzt, geschluecht a veraarbecht ze ginn. Vun do geet et da weider an de Supermarché fir da réicht beim Konsument ze landen. Déi onmoosseg Verschwendung vu Waasser, Iessen an Energie kennt engem nach méi absurd wann ee bedenkt dass weltwäit Milliarde Leit un Honger a Waassernout leiden.
    D'Umooss déi d'Fleesch-Industrie ugeholl huet sinn sou enorm grouss, dass d'Kéi duerch hier Verdauung déi weltwäit gréisste Methan-Gas Produzent sinn an sou och nach  erheebleche vum Klimawandel bäidroen. Dann kennt nach dobäi dass fir den néidege Mais a Soja unzebauen a Süd Amerika Masseweis Bëscher gerodet gi fir Platz fir Felder ze maachen. Dëst Lëscht mat Argumenter kéint een nach laang weiderféieren.Veganismus ass méi wei just eng trendy Aart a Weis gesond ze liewen a fit ze bleiwen. Et ginn net fill Liewenaartaweisen déi sou ee groussen Impakt op eis Gesellschaft hunn bzw. kéinten an déi dobäi sou einfach sinn. Veganismus ass eppes wat an eiser Gesellschaft fir di meescht Léit accessibel ass. Vegan Produite kaschte meeschtens net méi wei Fleesch a wann een sech d'Zäit hellt selwer ze kache kennt ee fir manner Geld méi gesond, ëmweltfrëndlech an mat méi Matgefill fir all d Lieweweisen déi em een sou gëtt duerch d Liewen.
    Et ass keng Fro vu kennen, just vu wëllen.

    Read more

    Antifaschismus

    Antifaschistische Aktion, oder kuerz Antifa, ass ee Label deen duerch d'Geschicht erduerch vu villen Eenzelpersounen a Gruppe benotzt ginn ass, fir sech Faschist*innen entgéint ze stellen. “D’Antifa” existéiert also net als  Grupp, wei dat dacks an de Medien duergestallt gëtt. Et gëtt net déi ENG Antifa-Grupp déi d’Aktiounen iwwerall koordinéiert. Et si vill verschidde méi oder manner grouss Gruppen déi dezentral Aktioune setzen an heiansdo och mol méi grouss op een Datum hin mobiliséieren.

    Eng éischt "Antifa" gouf et schonn an den 1920er Joren an Däitschland. Enner dem Label "Antifaschistische Aktion" hunn sech Sozialist*innen, Kommunist*innen an Anarchist*innen zesummefonnt, fir eenheetlech géint den eropkommende Faschismus virzegoen - leider am Nachhinein mat wéineg Erfolleg. Den historesche Logo vun der "Antifa" gëtt och haut nach a liicht ofgewandelter Form vun Antifa-Gruppe rondrëm d'Welt benotzt.

    D’Aktiounsmëttelen déi benotzt gi si vun dohier och extrem villfälteg: Et existéiere biergerlech Bündnisser, wou zum Deel och Parteien dra sinn. D'Aktioune vun deene Gruppe beweegen sech meeschtens streng am legale Kader. Donieft ginn et autonom Gruppen an Bündnisser, déi ëffentlech Kommunikatiounsaarbescht leeschten a vun dohier och eichter Demoen asw organiséieren. Dës Gruppen erklären sech awer solidaresch mat allen Antifaschist*innen, onofhängeg vun de benotzte Mëttel.  An da gëtt et nach Persounen oder Gruppen déi eichter klandestin operéieren an dacks och Mëttele benotzen, déi no aktueller Rechtslag net ëmmer legal sinn. Si trieden net no baussen op, well se sou kenne sécher goen, dass d’Gefor vu staatlecher Repressioun sou kleng wei méiglech ass.
    Antifaschisteschen Kampf besteet haaptsächlech doraus, déi momentan Gesellschaft viru sengen eeklegsten Ausbrütungen ze schützen. Et ass also méi Verteidegungskampf, Ofwier a Reaktioun op riets Aktioune wei Kampf fir eng progressiv Gesellschaft. Trotzdem hunn déi meescht Gruppen den Usproch hier Aarbecht net dorop ze beschränken, mee och selwer eng lénksradikal Politik virun ze bréngen. Mat dem haitege Rietsruck vu Politik a  Gesellschaft ass dat zimlech schwiereg. Dacks bleift net vill Zäit an Energie iwwreg, bei deem ganze Schäissdreck dee vu Riets kënnt. Trotzdem ass et immens wichteg Antifaschismus net als eenzelne Kampf ze gesinn, mee als deel vun enger progressiver Praxis.

    Ganz vereinfacht duergestallt, gëtt et eigentlech zwou Aart a Weise wei sech déi meescht Aktivist*inne géint Riets engagéieren, engersäits gëtt et de symbolesche Protest an op der anerer Säit gëtt et Blockade vu rietsen Demoen oder Veranstaltungen. Beim symbolesche Protest geet et virun allem drëms an der Ëffentlechkeet an an de Medien ze weisen, dass et Mënsche ginn, déi net riets Denken an sech fir eng oppe Gesellschaft asetzen. Bei de Blockade geet et geziilt dorëms déi geplangte Veranstaltung vun de Faschoen net stattfannen ze loossen, an doduerch iwwerhaapt ze verhënneren, dass si hier riets Ideologië kënne verbreeden. Déi zwou Aarte vum Protest sinn an eisen Ae legitim a verdéngen eis Solidaritéit.

    Ee wichtegen Deel vun der antifaschistescher Aarbecht ass d'Recherche. Dobäi geet et drëms, op méiglechst ville rietsextrem Veranstaltungen ze sinn, Fotoen ze mäen an och iwwert déi Persounen déi do uwiesend sinn, ze recherchéieren. Doduerch kenne Connections tëscht Eenzelpersounen oder Gruppen opgedeckt ginn, Nazie kënne geoutet ginn a mussen sech doduerch fir hier riets Ideologie verantworten. Et ass och schonn ëfters virkomm, dass Strofdote vu Rietsextremist*innen opgekläert konnte ginn duerch d’Arabescht vun der Antifa Recherche.

    Ee Wuert wat oft am Zesummenhang mat Antifa benotzt gëtt ass “Black Block”. De Black Block ass eng Aktiounsform wou sech Persounen alleguerte schwaarz undoen, fir als Mass kënnen opzetrieden an sech doduerch viru Repressioun vun der Police a virun Ugrëffer vun Nazien ze schützen. Dacks gëtt vu biergerlecher Säit kritiséiert, datt d'Persounen am Black Block sech fir dës Aktiounsform vermummen. D'Argumenter sinn dobäi, datt een säi Gesiicht misst weise wann een sech fir eppes asetzt, oder datt een sech nëmme géif vermummen, fir kënne Schäiss ze bauen. Tatsächlech ass d'Vermummen awer virun allem ee Moyen zum Selbstschutz. Wann Persounen oft op Antifa-Demoe ginn, dann ass et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis d’Nazien oder d’Police déi Persounen erkennen an se doduerch enger gréisserer Gefor ausgesat sinn. Repressiounsgefor vun der Säit vun der Police kann sech op vill Aart a Weisen ausdrécken. Déi diskretsten Aart a Weis ass wahrscheinlech wann eng Persoun z.B. eng Geldstrof ze bezuele kritt, well se z.B. bei enger Blockade vun enger Nazidemo matgemaach huet. D'Police filmt a bestëmmte Regiounen Antifademoe komplett mat, wann een also all Kéiers déi Persoun mat der rouder Jacketten ass, dann ass et relativ liicht eraus ze fannen op weivillen Demoen déi Persoun war. Och de Verfassungsschutz probéiert d'Antifastrukture genau ze kennen an ze duerchkucken. De Sënn vu Repressioun ass, den Aktivist*innen Angscht viru weideren Aktiounen ze maachen.

    Ausserdeem gëtt et net nëmmen Antifas déi Recherche iwwert Nazie maen, mee och Nazien déi Anti-Antifa-Recherche mäen. Wann déi z.B engem seng Adressen erausfannen, kann dat ganz geféierlech ginn. Oft ass et scho virkomm dass Lenks Aktivist*innen ageschüchtert oder souguer kierperlech ugegraff goufen. Fir dës Angscht net hunn ze mussen, setzt d'Aktiounsform vum "schwaarze Block" also op Vermummen. An eisen Aen ass et wichteg, antifaschistesch Solidaritéit net just op Persounen déi “hiert Gesiicht weisen” ze beschränken, mee op all Aktiounsform auszebreeden.

    Vun bannen a vu bausse kënnt oft de Virworf, dass d’Antifa martialesch oder souguer machistesch optrëtt. Dofir gëtt et eng Beweegung an autonomen Antifa Kreesser, déi sech Fantifa nennt a feministesch Uspréch och un d’Antifa-Arbescht stellt. D'Fraen* wëllen net vu fir era bei verschiddenen Aktiounsformen ausgeschloss ginn, egal ob dës geféierlech sinn oder net. Et gëtt Reflektiounen iwwert d’Openheet an d’Ausriichtung vun Antifagruppen, Männlechkeet gëtt reflektéiert, etc. Dozou fënnt den 20. bis den 22. Mee zu Hamburg ee ganze Fantifa-Kongress statt, deen net nëmme fir FLIT* Persounen oppen ass.

    Eng weider Iwwerschneidung gëtt et mat antirassitescher Aarbecht, kuerz AntiRa. Hei geet et drëms aktiv Persounen oder Gruppen déi vu Rassismus betraff sinn ze ënnerstëtzen, z.B. bei Abschiebungen. Duerch AntiRa Solidaritéit kënnen esou ëmmer nees Abschiebunge verhënnert ginn. Informatiounen zu wei een sech uleeë ka fir Persounen déi vun Expulsioun betraff sinn aktiv ze ënnerstëtze gëtt et op: http://nodeportation.antira.info.

    Well et schwiereg ass een esou breede Begrëff a kuerzer Zäit méiglechst verständlech ze erklären, sti mer fir weider Froen dozou gären op FB oder per Mail zur Verfügung.
    Read more

Straight Edge

Straight Edge ass en Begrëff de benotzt gëtt fir eng bestëmmte Liewensastellung ze definéieren. Leit déi sech als Straight Edge bezeechnen, verzichte bewosst op Drogekonsum. Woubäi een net just op haart oder illegal Droge verzicht. Eng Drog soll an dem Kontext als Substanz déi ofhängeg mëscht an d'Bewosstsinn ännere ka verstan ginn. Leit déi sech als Straight Edge bezeechne verzichten also souwuel op z.B. Cannabis, Heroin an Extasy, mee och op Alkohol an Tubak.
Entstanen ass déi Subkultur Ufank der 1980er als Reaktioun op de staarken Drogekonsum an der Punk Szen, Persounen a Gruppen aus dem Hardcore-Punk hunn mat komplettem Verzicht op Drogen dorop reagéiert.
Déi meeschte Leit déi sech als Straight Edge verstinn, verzichte just op Drogen, et gëtt awer ëmmer erëm Persounen oder Gruppen déi "drug free life" nach an aner Richtungen interpretéieren: vegetaresch oder vegan sinn, keng "one night stands" oder souguer kee Sex virum Bestietnis.
D'Bezeechnung "Straight Edge" gouf vum Lidd vun der Band Minor Threat ofgeleet wouran de Sänger erklärt, dass hie besseres ze dinn huet wei sech zou ze dröhnen. "I've got the straight edge" soll also op ee kloren a schaarfe Verstand hiweisen, wouhier den Numm entstanen ass.
Oft gëtt de X als Symbol fir SxE benotzt, dee kënnt dohier dass an Amerika "all ages" Shows organiséiert goufen, wou Persounen ënnert 21 Joer ee X mat engem Stëft op d Hand gemoolt krute fir dass se un der Bar keen Alkohol kafe kéinten. Iergendwann gouf dat vun der SxE Beweegung adoptéiert als Zeeche souwuel op der Hand wei och op Merch vu SxE Bands.
Et gëtt extrem politiséiert a souguer mackereg oder fundamentalistesch SxE Stréimungen, mee SxE kann och eng politesch Connotatioun hunn.
Sou ass SxE och als Protest géint Kapitalismus ze gesinn, andeems een op enger perséinlecher Ebene probéiert dem System vun, am Dag de Stress aushalen an Owes de Stress vergiessen, eppes entgéint ze setzen.
Drogenofhängegkeet war schonn ëmmer en Problem de verstäerkt an den ënnerdréckte Schichte virkomm ass. De Problem gouf als weidert Symptom vun der Misère gesinn den duerch kapitalistesch Zoustänn entstan ass. Alkohol gouf an den Aarbechter*inne Bewegungen a vun Anarchist*innen als Gëft ugesinn dat vun der Bourgeoisie benotzt gouf fir de kloren Verstand vun der schaffender Bevëlkerung ze ënnerdrécken.
Wou verschiddener Drogen als eng Substanz gesinn déi hinnen hëlleft d'Ënnerdréckung an d'Aarmut ze vergiessen, do gesäit d'Straight Edge Bewegung genau dës Substanzen als Hinderniss fir aus dem Elend erauszekommen an erhoffen sech duerch Abstinenz déi néideg Denkfähegkeete bäizebehale fir sech ze befreien.
Sou ass et am antifaschistesche Kampf och wichteg ee kloren Kapp ze behalen, fir kënne schnell a bewosst op konfrontativ Situatiounen ze reagéieren.
Et geet also ëm Bewosstsinn, drëm Responsabilitéit ze iwwerhuelen an drëms onofhängeg ze agéieren.
Anerersäits gëllt et sech och der Alkohol- an Tubaksindustrie entgéint ze setzen. Enger Industrie déi dorop ofziilt duerch d'Sucht a Krankheet vun de Konsumente Profit ze maachen. Straight Edge kann also och als Boycott géigeniwwer dësem kapitalistesche Mechanismus den d'Ofhängegkeet vun de Leit fir Profit ausbeut, ze verstoe sinn.

Leider gi mer duerch dës Definitioun dem Cliché vum lénks-gréng-verkifften-antifa-Demonstrant net gerecht. D'Straight-Edge Bewegung ass nämlech och Deel vum lénksradikale Spektrum.

Read more

Feminismus

De Prinzip vum Feminismus ass eigentlech ganz einfach erklärt: All Mënsch, egal ob Mann oder Fra, sollen déi selwecht Rechter hunn an onofhängeg vun hirem Geschlecht mam gläiche Respekt behandelt ginn. Klengt simpel, ass et och.
Sou selbstverständlech wéi des Definitioun ass, sou ginn et trotzdem ëmmer Bedenke géigeniwwer dem Feminismus. Brauche mir iwwerhaapt haut nach Feminismus?
Och dës Fro ass ganz einfach mat engem "Jo" beäntwert.
Just well eng Fra Presidentin ka ginn oder CEO an enger grousser Boite, heescht dat net dat et kee Sexismus méi gëtt an dat ee Feminismus net méi brauch.
Frae verdéngen an der Moyenne manner wéi Männer fir déi selwecht Aarbecht, Frae sinn ënnerrepresentéiert a Verwaltungsréit, Parlamenter an anere Féierungspositiounen, ... Frae ginn dagdeeglech op der Strooss agresséiert, a si vill ze oft Opfer vun häuslecher Gewalt.
Wéinst all deene Grënn an nach villen aneren ass et wichteg d'Fraen an hirem Kampf fir Gläichberechtegung ze ënnerstëtzen.
Entstanen ass Feminismus als politesch Bewegung Enn vum 18., Ufank vum 19. Joerhonnert, wéi fir d'éischte Kéier Fraen sech zesummegedoen hunn, fir déi selwecht Grondrechter wéi d'Männer anzfuerderen.
Relativ fréi geet et dann an ëmmer méi Länner drëms, d'Wahlrecht fir Fraen ze erkämpfen. 1911 fënnt den éischte Weltfraendag, oder "Frauenkampftag" statt, wat maassgeeblech op d'Initiative vun der däitscher Kommunistin a Feministin Clara Zetkin zréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg dauert et nach bis 1929, bis den éischte Fraendag stattfënnt. Trotzdem gëtt 1919 zu Lëtzebuerg - éischter wéi a villen anere Länner - d'Fraewahlrecht agefouert - allerdéngs éischter aus politeschem Kalkül säitens der CSV hirer Virleeferin, der Rietspartei: Duerch d'Aféierung vun dësem Fraewahlrecht erhofft sech d'Rietspartei, dass eng Majoritéit vun de Frae beim bevirstoende Referendum iwwer d'Monarchie sech vir d'Grande-Duchesse ausschwätzt. Eng Rechnung, déi opgeet.
Zu Lëtzebuerg kann een ongeféier vun dem Zäitpunkt, also kuerz nom éischte Weltkrich, un, vun enger feministescher Bewegung schwätzen. Hiren Héichpunkt sollt dës Bewegung an de 70er Joere mam MLF, Mouvement de Libération des Femmes, erliewen.
Och haut nach ginn et aktiv feministesch Strukturen zu Lëtzebuerg, déi sech iwwer Joeren a Joerzéngte fir Gläichberechtegung, sexuell Befreiung a Chancëgläichheet asetzen. Eng dovunner ass de CID-Fraen a Gender, op dee mer nach wäerten zeréckkommen.
Sech fir Feminismus anzesetzen heescht awer méi d'Frae mat Respekt ze behandelen.
Et soll een natierlech als éischt op seng eegen Aktiounen oppassen, mee do hält et net op.
Feminismus heescht och, dat Rollebild, wat eis vun der Gesellschaft opgezwonge gëtt, ëmmer rëm a Fro ze stellen. Vu klengem un gi mir alleguer a Schablounen eragestach, kréie gesot, wéi een sech als "Jong" oder als "Meedchen" ze verhalen huet. Mir gi gezwongen, eis mat engem Geschlecht an den domat zesummenhänkend Rollebiller ze identifizéieren. Dobäi ginn et vill Mënschen, déi sech vläicht méi no un dem anere Geschlecht spieren, oder u guer kengem Geschlecht, oder un all de Geschlechter. Sech dofir anzesetzen, dass jiddwereen sech genau sou undoen, behuelen a verhale kann, wéi e grad Loscht huet, an net wéi d'Gesellschaft et vun em well, och dat ass Feminismus.
Mee Feminismus kann nach méi wäit goen: Feminismus ass eng Iddi, déi konstant am Wandel ass an sech weiderentwéckelt. Bei villen herrscht dat Bild vir, bei Feminismus géif et nëmmen drëms goen, de Frae méi Rechter anzegestoe wéi de Männer. Dobäi geet et net dorëm. Et geet drëm, déi gesellschaftlech Mechanismen, déi dozou féieren, dass Frae vu Männer ënnerdréckt ginn, opzedecken an ze bekämpfen. Dobäi versteet de Feminismus vun haut et ganz gutt, eng differenzéiert Vue op d'Gesellschaft ze werfen. De sougenannten "intersektionalen" Usaz zum Beispill versicht, d'Verflechtungen tëschent diverse verschiddenen Ënnerdreckungsmechanismen - Rassismus, Homophobie, Sexismus, Klassegéigesätz, fir der nëmmen e puer ze nennen - opzedecken an sou e ganzheetleche Bléck ze kréien.
Et ass wichteg ze verstoen, dass Kapitalismus, Sexismus, Rassismus, mee och aner Forme vun Ënnerdreckung an Diskriminéierung eng zesummenhänken. Si kënnen zwar och onofhängeg vunenee funktionéieren, mee si begënschtegen sech géigesäiteg a bauen openeen op an eiser Gesellschaft.
Wat huet de Feminismus bis haut erreecht? Ganz vill vun deene Saachen, déi mer haut als selbstverständlech wouerhuelen. Dass Frae schaffen däerfen zum Beispill, an dass se hire Mann net mussen em Erlaabnis froen, fir e Kont opzemaachen. Mee och, dass ee Verhütungsmëttelen iwwerall kafe kann an deelweis souguer rembourséiert krit, ass de Feministinnen hire Verdéngscht. Oder nach, dass eng "Interruption Volontaire de Grossesse" haut net méi als e Verbriechen ugesi gëtt. Och de Fait, dass eis Rollebiller un d'Wackele komm sinn, dass et haut nach aner Méiglechkeete ginn ze liewen, wéi sech fréi ze bestueden a Kanner ze kréien, kann ee gréisstendeels op d'Aktioun vun der feministescher Bewegung zeréckféieren, grad sou wéi nach vill aner Saachen.
Domat weisen eis d'Feministinnen och, dass een, wann ee bereet ass fir seng Rechter an Idealer ze kämpfen, villes erreeche kann, och wann et heiansdo e laange Wee ass.
"Lassen wir uns nicht schrecken durch die Ungunst äußerer Umstände, haben wir für alle Schwierigkeiten nur eine Antwort: Erst recht!" sot d'Clara Zetkin eng Kéier, an huet domat och haut nach Recht.

Read more