Feminismus – März 2017

Léif Lieser*innen,

mir freeën eis dir hei deen éischte Magazine vu Jonk Lénk virstellen ze kënnen. Fir dës Ausgab hunn mer eis d’Thema Feminismus erausgesicht, passend zum internationalen Fraen*kampfdag, deen all Joer den 8. März statt fënnt.

Vläit beschäftegst du dech fir déi éischte Kéier mam Thema Feminismus, vläit bass du scho ganz laang dobäi? Sécher beonrouegt et dech genee wéi eis, dass a leschter Zäit vill vun de Rechter, déi an honnert Joer vun Feminist*innen erkämpft gi sinn, lues an lues nees a Fro gestallt ginn. Dass een Typ an den USA Präsident gi kann, fir deen sexueller Belästegung zum gudden Toun gehéiert. Dass och an Europa wou Fraen* nach ëmmer net d’selwegt vill verdéngen wéi d’Männer. Dass mer an enger Welt opwuessen an der mer vun klengem un an eng Zweegeschlechtlechkeet an a Geschlechter-Klischeen eran gedréckt ginn.

Fir eis ass kloer: Fraen*kampfdag ass net nëmmen eng Kéier am Joer – et ass all Dag.

Mir hu versicht eng méiglechst breet Mëschung aus Texter zesummenzestellen, zu ganz verschiddenen Sujet’en, déi mir zum Thema Gläichberechtegung a Feminismus wichteg fannen. Et ass fir all Mënsch eppes dobäi.

Op deenen näechste Säiten fënns du historesches: d’Sufragette-Beweegung, Feminismus an der indescher Mythologie, d’Geschicht vu feministeschen Organisatiounen a Frankräich an Informatik als Fraeberuff an de 40ger Joeren. Du léierst Persounen kennen, zum Beispill an engem Portrait vun der Philosophin Simone de Beauvoir oder an engem Interview mam Lana Pochiro, enger feministescher Aktivistin aus den USA. Mir hu Biller a Photoen zesummegesammelt an Gedichter sinn dobäi. Mir schreiwen iwwer Fraenfeindlechkeet an der lëtzebuerger Gesellschaft an an der Politik an weisen drop hin, wéi vill nach ze maachen ass. Mir probéieren och sexistesch Mechanismen siichtbar ze maachen andeems mer zum Beipill erkläeren, wat Consent beim Sex ass an wéi männlech-dominant Riede-Verhalen an Diskussiounen funktionéiert.

Mir wënschen dir eng interessant Lektür an hoffen dech fir de Kampf fir eng gläichberechtegt Gesellschaft gewannen ze kënnen.

Jonk Lénk


Hei fann der een PDF Download!


Sexism Sells! – E Joer Fraenfeindlechkeet zu Lëtzebuerg

Sufragettes – De Kampf fir d’Fraewahlrecht

Let’s talk about sex, baby. – Ze wëssen op eng Persoun mat enger anerer wierklech schlofen wëll ass kee Rätsel. Just “Jo” heescht “Jo”.

Fraen – Just Deko. – Make feminism a threat again

Finger weg von meinen Privilegien! – Anti-Feminismus und Fakten sind leider nicht vereinbar. Für manch einen sind Studien, die zeigen, dass Männer bevorzugt werden, nur weil sie Männer sind, lästig.

La lutte féministe den France – une chronique

Simone de Beauvoir – La femme à qui nous devons tout

Playlist

 Fraen hunn d’Programméieren erfonnt. Vun de “Computer Girls” bis bei d’Geeks. Wéini d‘IT-Branche zur Männerdomän gouf.

Chanson d’une ombre dans l’ombre – Poème inspiré de Chanson d’une dame dans l’ombre de Paul Celan

Moien, sexistesche Komerod – Strukturelle Sexismus: Och a lénke Parteien déif verankert.

White supremacy continues to happen – Interview mam Lana Pochiro, feministesch Aktivistin aus den USA.

Poème à crier dans un débarras – Inspiré de Poème à crier dans des ruines de Louis Aragon

Gut gemengten Fitness-Tipp fir dech!

13 vun 105 – E Bléck op d’Statistik ronderëm Fraen an der Gemengepolitik

Draupadi – Een Opruff zum feministeschen Handelen aus der indescher Mythologie

“De fem hersketeknikker” – Iergendwéi ass et an der leschter Diskussioun scho nees net sou gutt gelaf. U wat läit dat just – u dir selwer?


Den Genderstär *
Mir benotzen den Genderstär fir net just Männer a Fraen, mee och Leit déi sech kengem oder engem aneren Geschlecht zouuerdnen mat unzeschwätzen, mir schwätzen also zum Beispill vun Aktivist*inne a Schüler*innen.

Jonk Lénk ass eng politesch Jugendorganisatioun déi sech mat Aktiounen, Texter an Demostratiounen fir eng méi gerecht Gesellschaft asetzt. Mir wellen dem Nationalismus a Faschismus entgéinttrieden an Grenzen ofschafen. Mir stellen eis géint d’Ausbeutung vun de Menschen duerch de Kapitalismus an schaffen un enger solidarescher an ökologescher Zukunft vir jiddereen*t. Feminismus, d’Thema vun dësem Magazine, huet mat all dëse Kämpf ze dinn an ass eis besonnegt wichteg. Wann dat och deng Kämpf sinn dann bass du bei eis ëmmer wëllkomm.