Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

Léif Lieserin, léiwe Lieser,

psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen.

D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn.

Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi mir mat dir deele wëllen. Mir hunn iwwer d’Inclusioun vu Mënsche mat psychesche Krankheete geschriwwen, iwwer d’Verierwbarkeet vu traumateschen Erliefnisser, doriwwer wéi eis Generatioun betraff ass an iwwert den Drock an der Schoul. Du fënns hei Biographië vum Anna Freud a vum Valérie Valere, en Text iwwer d’“Sozialistescht Patientekollektiv” a virun allem perséinlech Erliefnisser an Texter iwwert den Ëmgank mat der eegener psychescher Erkrankung [1] [2]. Mir wollten och praktesch weiderhëllefen an hunn dofir Selfcare Tipps, eng Lëscht mat léiwen Gesten fir enger Persoun mat Depressiounen ze hëllefen, eng Checklëscht fir d’Verhale bei Panikattacken an en Text iwwert emotional Erpressung zesummegestallt.

Fir eis ass kloer, dass mir déi Systemer a Logike bekämpfe mussen, déi d’Mënsche futti maachen. An engem éischte Schrëtt heescht dat: driwwer schwätzen.

Jonk Lénk


Hei kënnt dir den Zine als PDF eroflueden


Ginn d’Mënschen méi krank oder ginn d’Krankheeten méi mënschlech? – Psychesch Erkrankungen als Epidemie vun eiser Generatioun
Begrëffer – Depressioun, Anxiety
Anna Freud – Biografie der Psychoanalytikerin Anna Freud
Driwwer schwätzen – 1 – Erfahrungsberichter
Selfcare – Waat heescht Selfcare am Kontext  vu psychesche Krankheeten
Super nice things to do for someone who has depression – List
Aus der Krankheet eng Waff maachen – Zur Geschicht vum Sozialistesche Patientekollektiv (SPK)
Traumatesch Erliefnisser sinn verierwbar
Driwwer schwätzen – 2 – Erfahrungsberichter
Valerie Valere – Biografie
Wei kann een mir hëllefen wann ech eng Panikattack hunn?– Checklist
Sozial Inklusioun vun Menschen mat psycheschen Krankheeten

 


Zousätzlech Links:


Merci fir d'Biller/Thank you for the images and pictures:
Hana Shafi/ Frizzkidart
Mona Steinmetzer/ Mona Mour
Claire Greter
Luca Andreolli
Milena Steinmetzer

Jonk Lénk ass eng politesch Jugendorganisatioun, déi sech mat Aktiounen, Texter an Demostratiounen fir eng méi gerecht Gesellschaft asetzt. Mir wellen dem Nationalismus a Faschismus entgéinttrieden a Grenzen ofschafen. Mir stellen eis géint d’Ausbeutung vun de Mënschen duerch de Kapitalismus a géint d’Ennerdréckung vun de Mënschen duerch d’Patriarchat. Mir schaffen un enger solidarescher an ökologescher Zukunft fir jiddereen*t. Wann dat och deng Kämpf sinn, da bass du bei eis ëmmer wëllkomm.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *