Wei kann een mir hëllefen wann ech eng Panikattack hunn?

(en Usaatz)

Gutt Iddien:

  1. Bleif bei mer a bleif roueg. Dat lescht wat ech während enger Panikattack brauch, as eng aner Persoun, déi mat mer panikéiert.
  2. Fro, ob ech Medikamenter brauch. Et gi Leit, déi Medikamenter huelen/brauchen, anerer net; mee fro wannechgelift. Ech denken vleit net drun.
  3. Bréng mech iergendswou hin, wou et roueg as. Ech brauch Zäit fir rem kloer Gedanken ze kréien an ze ootmen. Wa vill Leit ronderëm sinn, geet dat net.
  4. Géi net dovun aus, dasste weess wat ech brauch. Fro no. Ech soen der, wat ech brauchen a wat mer hëlleft.
  5. Schwätz mat mer a kuerzen, einfache Sätz.
  6. Sief berechebar. Vermeit Iwwerraschungen.
  7. Hëllef mer ootmen, andeems de mat mer otems oder lues bis 10 ziels. Klengt komesch, hëlleft awer.

 

 

 

Schlecht Iddien:

  1. “Et gëtt kee Grond ze panikéieren.”
    Ech weess. Ech weess. Ech weess. A well ech weess, dass et kee Grond gëtt fir ze panikéieren, kréien ech nëmmen nach méi Panik. Wann ech realiséieren, dass meng Angscht onbegrënnt as, kréien ech nëmmen nach méi Panik, well ech de Bezuch zur Realitéit verléieren. Dat beonrouegt. Dat mécht Angscht.
    Meeschtens as Panik irrational. Heiansdo kennt d’Angscht aus engem bestëmmte Grond, mee meeschtens sinn d’Grënn dass ech panikéieren komplex, schwéier auszedrécken oder einfach net ze erklären. Ech ka mer de ganzen Dag soen, dass et kee Grond gëtt ze panikéieren an ech maachen et trotzdeem. Ech weess, dass alles a mengem Kapp as, mee do kann et heiansdo guer net schéin sinn wann et sou weit as.
    Alternativ: So: “Ech verstinn, dasste dech opreegs. Et as ok. Du hues d’Recht dech opzereegen an ech sinn hei fir der ze hëllefen.”
  2. “Reeg dech of!”
    Dat as mat dat schlëmmst, watste soe kanns, wann een*t grad eng Panikattack huet. „Aah ok, dat hun ech nach nie probéiert, merci fir den Tipp, schreiwen ech mer direkt op, fir dass ech et net vergiessen!“ Et bréngt guer näischt.
    Alternativ: Dat bescht watste maache kanns as nolauschteren an ënnerstëtzen.
  3. “Ech loossen dech mol e puer Minutten eleng”
    Eleng mat menger Angscht ze bleiwen deet mäin Häerz nëmmen nach méi séier schloen. Dat lescht wat ech well as mat mengem duerchdréinende Kapp eleng gelooss ze ginn. Vill vu menge Panikattacken komme well ech mer ze vill Gedanke maachen an dann as et gutt, wann eng Persoun mech mat eppes anerem wéi dem Kaméidi a mengem Kapp oflenkt. Ausserdeem as et gutt wann een*t do as, wann ech Waasser brauch, et mer schlecht gëtt oder ech ëmkippen.
    Alternativ: Heiansdo hëlleft et, wa mer een*t eng Geschicht erzielt oder eppes sengt. Ech muss aus mengem eegenen Gedankestrudel erauskommen an un eppes anescht wéi meng eegen Angscht denken.
  4. “Du iwwerdreifs!”
    Nope. D’Panikattack as vleit a mengem Kapp, mee ech leiden wierklech. Wanns du der d’Been oprapps, géif dir och kee soen, dass du iwwerdreifs. Et as typesch, dass Erfarungen an Gefiller vu Leit mat Panik oder Angscht erofgespillt ginn, well et keng äusserlech Wonne sinn an well et net novollzéibar as, firwat déi Persoun lo sou eng Angscht huet. Dat as wierklech mat dat schlëmmst, watste soen kanns, wann eng Persoun grad Panik huet.
    Alternativ: Géi mat enger Panikattack genee wéi mat all aner medezineschem Noutfall em. Lauschter der Persoun no. Bréng der Persoun Waasser, wann se es brauch. Fro wat hëlleft. A wannste iwwerfuerdert bass an d’Persoun net selwer eens gëtt, da zeck net den 112 ze ruffen. Huel d’Persoun eescht. Psychesch Gesondheet verdéngt genee sou vill Respekt an Hëllef wéi physesch Gesondheet.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *