Valerie Valere

D’Valérie Valère (wat mat richtegem Numm Valérie Charlotte Suzanne Samama geheescht huet) war eng franséisch Schrëftstellerin déi 1961 zu Paräis gebuer gouf an virun allem vir hier melancholesch an oftmools autobiographesch Wierker bekannt ass.

Schon frei gouf hat domat konfrontéiert wat et heescht, en schwiereg Kandheet ze hunn. An engem Haushalt wou den Streit méi present war wei d‘Léift, gouf d‘Valérie gebuer: Als zweet Kand an vun den Elteren net gewollt, wei et dono an sengen Schrëften ëmmer rëm duerchblécken gelooss huet. Duerch d´Vernoléissegung vun den Elteren markéiert, huet hat sech an eng Anorexie geflücht déi schliisslech dozou gefouert huet, das et an d’Psychiatrie komm ass. Do war hat grad mol 13 Joer aal. Virun  allem dat stännegt hin an hier zwëschen der totaler Isolatioun an der  Belounung hunn him ze schafen gemaach: Bei Gewiichtszounam huet hat  dierfen Besuch vun der Famill kréien (woubäi seng Mam och do distanzéiert an kal mat him ëmgaangen ass), bei Gewiichtsverloscht ass hat rëm komplett isoléiert an fort gespaart ginn. Des prekär Situatioun  huet an him den Drang ausgeléist, sou schnell wei méiglech un Gewiicht  zou ze huelen vir rëm do raus ze kommen.

Zwee Joer drop, wou seng Zéit an der Psychiatrie schonn eriwwer  war, huet  hat séin éischt autobiographescht Schrëftstéck verfaasst: Le Pavillon des enfants fous.Den  Grondsteen vir d‘Publikatioun gouf kuerz drop geluecht: No der Opnam  um Racine Gymnasium, krut hat d‘Propose gemaach vir séin Text ze  publizéieren. An obwuel d´Valérie ufanks net iwwerzeegt war vun dëser  Iddi, sou huet sech dunn spéider awer den Succès vum Buch duerchgesat. An dësem Wierk verschafft hat seng Erliefnesser déi hat während deenen 4 Méint an der Psychiatrie gemaach huet. Hat deelt mam Lieser seng  Gefiller an seng Ängscht, déi hat souwuel während dem Openthalt, wei och  dono hat. D’Onverständnis vum sozialen Ëmfeld, d’Degradéieren duerch  eng psychesch Erkrankung an d’Ëleng gelooss ginn vun der Famill sinn  nëmmen puer Saachen déi en aus dësem Buch eraus liesen kann.

Dat zweet Buch, Malika, ass manner autobiographesch, mee dofir éischter eng Mëschung aus dem Valérie Valere sengen Wonsch Virstellungen an Alpdreem. Et geet em 2 Kanner déi oft eleng gelooss ginn vun hirem Pap, an sech an dem Kontext en eegent Liewen, opbauen wëllen, onofhängeg an autonom an nëmmen mat  der Léift die si sech géigesäiteg entgéint bréngen. Des Pläng ginn awer vun hirem Pap ënnerdréckt, deen den Jong an en Heem well stiechen, wou  duerch déi ganz Situatioun aus dem Rudder leeft. Och wann dëst Buch net direkt ob dem Valérie sengen perséinlech Erfahrungen  berout, sou gëtt awer och hei rëm kloer: D’Solitude. d‘Vernoléissegung  an d’Flucht an en eegen Welt sinn Themen mat deenen hat sech  beschäftegt huet, an déi séin Weltschmerz an seng Melancholie zum  Ausdrock bréngen. Eleng gelooss an enger Gesellschaft déi him keen Verständnes entgéint bréngt, huet hat sech ëmmer rëm an seng eegen Welt geflücht: Eng Welt aus  Bicher, dem Zirkus (hat huet eng Zéit laang eng Zirkus-Schoul besicht) an senger psychescher Erkrankung, déi hat en Liewen laang begleet huet.Ëmmer rëm hat mat Dépressiounen an Medikamente Problemer ze kämpfen an konnt seng Selbstzweifelen en Liewen laang net ofleeën.1982  ass hat dunn gestuerwen an huet der Welt en grousst literarescht Wierk  hannerlooss. Seng Wierker spigelen net nëmmen hat als Persoun rëm, mee  seng Wierker ginn engem virun allem en Abléck an déi fréier Situatioun  vun Patienten an enger Psychiatrie  an se weisen den gesellschaftlechen  Ëmgang mat dësen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *