Traumatesch Erliefnisser sinn verierwbar

Traumatesch Erliefnisser, wéi d’Erliewe vu Krich a Katastrophen, kënnen zu  Posttraumateschem Stress Syndrom féieren, enger psychescher Erkrankung déi zu Flashbacks vum Trauma, Schlof- a Konzentratiounsproblemer, Angschtzoustänn an d’Vermeide vun ähnleche Situatioune féiere kann.

Generatiounen nom Holocaust gëtt festgestallt, dat souguer d’Kanner vun  Holocaustiwwerliewenden ënner ähnleche Symptomer leiden a weisen och  biologesch Unzeeche fir des Erkrankungen, wéi z.B. niddereg Cortisol  Wäerter – eng Hormon déi et dem Kierper erlaabt Traumata ze verschaffen –  ouni dat si selwer déi Atrocitéiten erlieft hunn [1]. Eng Hypothees beseet dat am genetesche Material, d.h. an der DNA, vun de spéideren Generatioune, Ännerunge stattfonnt hunn, déi des Individuen verhënnert mat Stresssituatiounen an Traumata ëmzegoen an se doduerch méi ufälleg gi fir Posttraumatesche Stress Syndrom ze entwéckelen.

 

Mir ierwen alleguer genetescht Material vun eisen Elteren, dat, am Zesummespill mat eise perséinlechen Erliefnisser, diktéiert wéi eise Kierper ausgesäit an sech behëlt. Sou entscheet eis DNA zum Beispill wéi eng Aanfarw mir hunn an op mer eis Zong rulle kënnen oder net. Et war allgemeng ugeholl dat Erliefnisser déi eis Eltere während hirem Liewe maachen, net un d’Kanner verierft ginn. Well just well eng Fra de Blinddarm mat 15 Joer erausgeholl krut, bedeit dat net dat säin Kannt och ouni Blinddarm op d’Welt kënnt an eng Narb um Bauch huet. Am Fall vun den Holocaustiwwerliewende verierwen d’Elteren den Trauma un hier Kanner an et schéngt wéi wann des traumatesch Situatioun dozou gefouert hätt, dat eng Narb op molekularem Niveau bei der sougenannter “2ter Generatioun” erëmzefannen ass. An genau dat, schéngt d’Equipe ronderëm d’Rachel Yehuda entdeckt ze hunn: Sou genannte “Epigenetesch Verännerungen” goufen souwuel bei Holocaust-Iwwerliewenden, wéi och bei hire Kanner erëmfonnt. Eng Korrelatioun, déi bei anere Familljen net konnt gemaachginn. [2]

Sou genannte “Epigenetesch Verännerungen” goufen souwuel bei Holocaust-Iwwerliewenden, wéi och bei hire Kanner erëmfonnt.

Fir ze verstoe wat dat fir Verännerunge sinn, soll een awer eng Iddi hunn wéi eis DNA iwwerhaapt funktionéiert. Eist genetescht Material kann een sech nämlech als eng Aart Bauanleitung virstellen, déi gelies gëtt fir d’Bausteng, ënner Form vu Proteinnen, vum Mënsch hierzestellen. Eis DNA kann eigentlech just duerch spontan Mutatioune verännert ginn. Ouni dës Mutatioune bleift den Text vun der Bauanleitung also prinzipiell ëmmer d’selwecht. Epigenetesch Verännerung, déi ënner Verdacht stinn des Symptomer bei de Kanner vun Holocaustiwwerliewenden ervirzebréngen, veränneren net eis DNA selwer mee just d’Aart an Weis, wéi, wou a wéini verschidden Deeler vun eiser DNA, och nach Gene genannt, gelies ginn. Sou kënne molekular Etiquetten – op Englesch “tag” genannt – un d’DNA ubruecht ginn, déi z.B. dozou féieren dat en bestëmmte Gen net gelies gëtt an doduerch eng  Protein feelt.

 

D’Fuerscher*innen hunn sou zum Beispill festgestallt dat Verännerunge vun der Unzuel vun  engem sougenannte “tag”, op engem bestëmmten Ofschnëtt vun der DNA, souwuel bei Holocaustiwwerliewenden, wéi och bei hire Kanner, stattfonnt hunn. Dësen tag, schéngt bei der 2ter Generatioun dozou ze féieren dat den Ofschnëtt vun der DNA méi oft gelies gëtt, an sou méi Proteinnen aus dësem Gen produzéiert ginn. Des Proteinne sinn an dësem Fall Enzymer (en Stoff deen biologesch Reaktiounen erméiglecht), déi dofir zoustänneg si Cortisol ofzebauen. Well des epigenetesch Verännerung dozou féiert, dat méi Enzymer am Kierper sinn déi Cortisol ofbauen, wäerten déi Individue schlussendlech en nidderege Cortisolspigel hunn. Well d’Kanner vun Holocaustiwwerliewenden duerch  des Verännerung manner Cortisol produzéiere kënne bedeit dat, dat si manner gutt Stress veraarbechte kënnen an immens schnell Symptomer entwéckelen nodeem si engem Trauma ausgesat waren. [2] Duerch des Verännerung an der Art a Weis wéi hier DNA gelies gëtt, kruten si souzesoen den Trauma vun hiren Eltere verierft a wäerte mat dëser molekularer Narb liewe mussen.

De Fall vun Holocaustiwwerliewenden ass gutt dokumentéiert, zemools well ee genuch Zäit hat fir d’Laangzäitfolgen – also iwwer puer  Generatiounen – vun deenen Erliefnisser festzestellen. Leider sinn hautdesdaags immens vill Leit nach ëmmer traumatesche Situatiounen ausgesat a mir wëssen, unhand vun dëse Studien, dat déi Erliefnisser net just déi Leit wäert beaflossen déi direkt betraff sinn, mee och hier Kanner.

Legal Fluchtweeër fir weider traumatesch Erliefnisser ze verhënneren.

An Syrien an am Irak herrscht Krich an immens vill Leit (dorënner Kanner) waren der Brutalitéit vun Daesh ausgesat. No dem Trauma den si an hirem eegene Land erlieft hunn, erliewe déi Persounen ganz schlëmm Situatiounen op hirer Flucht eraus aus dem Elend. Sief et duerch Schikanen un de Grenzen, duerch déi kierperlech Ustrengung, duerch  Mësshandlung duerch Schlepper oder déi allgemeng Angscht aus hirer Heemecht an d’Ongewëssheet ze flüchten. Alles dat si Momenter am Liewe vun deene Persounen déi psychologesch Auswierkunge wäerten hunn.

Et misst also op der Hand leien, dat des Persounen déi dem Dout an hirer Heemecht entkomme wëllen oder schonn entkomm sinn, net weideren Traumata dierfen ausgesat ginn, fir dat se ufänke kënnen hier Erliefnisser a Syrien an am Irak iwwerhaapt mol ze verschaffen. Andeems des Persounen awer weiderhin un den europäesche Grenze gequält a schikanéiert gi beanträchtege mer net just hier eege kierperlech a psyschech Gesondheet, mee gläichzäiteg si mir amgang souguer de psychologeschen Zoustand vun der nächster Generatioun ze beschiedegen.

Legal Fluchtweeër géifen d’Zoustänn am Mëttleren Osten zwar net direkt verbesseren, mee et géif de flüchtende Persounen erlabe weider traumatesch Erliefnisser ze vermeiden an dofir suergen dat si sech, an awer zemols hire Kanner, eng besser Zukunft opbaue kënnen.

 

[1] Kellermann, N.P.F. (1999a) Bibliography: Children of Holocaust survivors. AMCHA, the 
National Israeli Centre for Psychosocial Support of Holocaust Survivors and the Second Generation, Jerusalem

[2]  Rachel Yehuda, Nikolaos P. Daskalakis, Linda M. Bierer, Heather N.   Bader, Torsten Klengel, Florian Holsboer, Elisabeth B. Binder. (2016)  Holocaust Exposure Induced Intergenerational Effects on FKBP5  Methylation. Biological Psychiatry, 2016; 80 (5): 372 DOI: 
10.1016/j.biopsych.2015.08.005
Art by Mona Mour
and Lotta Prints

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *