Strategie vun emotionaler Manipulatioun

Mir all manipuléiere vun Zäit zu Zäit eis Matmënschen. Zum Problem gëtt dat awer réischt, wann et systematesch gemaach gëtt, fir u Muecht ze gewannen. Dat muss mol net onbedéngt bedeiten, dass sech déi manipulativ Persoun bewosst ass, wat se mécht. Trotzdeem ass hiert Verhalen toxesch a däerf net toleréiert ginn. Egal ob Affer oder Täter*in: Et kann nie schueden, sech bewosst ze sinn, wat Strategie vun emotionaler Manipulatioun sinn an zu wéi engem Grad een op se zeréckgräift. Dofir hu mer hei e puer vun deene Wichtegsten zesummegestallt:

Love Bombing

Eng manipulativ Persoun mécht alles fir ze kréien, wat se wëll. Ee Mëttel dofir, besteet doran, eng Persoun ze idealiséieren a mat Komplimenter ze iwwerschëdden, fir se u sech ze bannen. Am Fall vu „Love bombing“ bleiwt et awer ëmmer just bei eidele Wieder. Weder spigelt sech dat, wat gesot gouf, am Verhale vun der manipulativer Persoun erëm, nach ass d’Idealiséierung vu laanger Dauer. Ass d’Persoun engem bis verfall, schloen d’Komplimenter séier a Kritik ëm. Besonnesch frustrant: Genau déi Saachen, déi virdrun appreciéiert goufen, sinn op eemol net méi erwënscht.
Heiru schléisst sech eng Taktik un, déi kann als „moving the goal posts“ beschriwwe ginn: D’Konditioune fir appreciéiert ze ginn, ginn dauernd geännert. Dat gëtt engem d’Gefill, et nie richteg ze maachen an net gutt genuch ze sinn.

Future faking

Eng weider manipulativ Strategie besteet doran, Pläng a Wënsch zum Ausdrock ze bréngen, fir dem Géigeniwwer ze gefalen. Dat kënnen sou Saache si wéi iwwert potenziell gemeinsam Aktivitéiten oder Vakanzen ze schwätzen. “Mir mussen onbedéngt dee Film zesumme kucke goen”, “mir mussen onbedéngt zesummen an dee Restaurant goen”, “ech muss dech onbedéngt menge Frënn virstellen” – alles Saachen, déi sech gutt ufillen, wa mer se gesot kréien an eis emotional un eng Persoun bannen.
Fir sech geholl, ass dat natierlech kee Problem an et ass och normal, dass net ëmmer alles ëmgesat ka ginn, wat een sech virhëlt. Wann awer 80% vun den Ukënnegungen net zustane kommen an d’manipulativ Persoun net déi klengsten Ustalte mécht, fir iergendeppes dovun an d’Weeër ze leeden, gëtt et e Problem. Dee Moment ass déi aner Persoun nämlech dauernd en suspense. Se waard op Saachen, déi nie komme wäerten. Op déi Aart a Weis hält een un enger Frëndschaft fest, déi engem näischt an der Géigewaart ze bidden huet, well een dauernd drop hofft, dass et gläich wäert besser ginn.

Blame-shifting

Eng manipulativ Persoun ass en Experten doran, e Gespréich sou ze beaflossen, dass si d’Kontroll behält. Wanns de se zum Beispill drop hiweis, dass se dech verletzt huet, wend se eng Villzuel u Strategien un. Si kann zum Beispill drop hiweisen, dass du si och schon emol verletzt hues oder och schon emol eppes falsch gemaach hues. Wann ee se dorop opmierksam mécht, dass se net anhält, wat se versprach huet a konkret Beispiller nennt, reagéiert se zum Beispill dorop, andeems se engem virwerft, kontrolléirend ze sinn (“Ech muss mech net dofir rechtfäerdegen, wat ech a menger Fräizäit maachen”). Se mécht dee Moment alles, fir de Fokus vun hier op déi aner Persoun ëmzelenken. Se kann awer och ënnersträichen, wéi schlëmm et fir si ass, sou e Virworf gemaach ze kréien. Dee Moment betount se, wéivill aner Suergen se huet, an dass hire Géigeniwwer hier lo zu allem Iwwerfloss nach eng Suerg dobäi ginn huet.
Et kann awer och sinn, dass déi manipulativ Persoun einfach abrupt d’Thema wiesselt, oder explizit seet, se wéilt net méi iwwert déi Saach schwätzen, bei där een sech grad oneens ass. Vläicht kritiséieren se awer och systematesch den Zäitpunkt (“firwat sos de mer dat net éischter / méi spéit?”). D’Betounung läit op “systematesch” d.h. dass all Kéier, wann en ongewollt Thema opbruecht gëtt, mat mindestens enger vun dëse Strategie reagéiert gëtt.
Manipulativ Persounen decidéiere wéini wouriwwer wéi geschwat gëtt. Wann een dat net respektéiert, gëtt ee mat Virwërf attackéiert. Manipulativ Mënschen iwwerhuelen net gäre Verantwortung: Wann eng hëtzeg Diskussioun entseet, ass dat net hier Schold, si hu just op déi aner Persoun reagéiert.

Minimizing

Manipulativ Persounen hunn eng Tendenz, d’Erliefnisser a Suerge vun aneren ze minimiséieren. Sou kann et net seele virkommen, dass ee virgeworf kritt, ze vill sensibel ze sinn an iwwerzereagéieren. Et gëtt een drop higewisen, dass et méi Wichteges op der Welt gëtt an dass ee just seng Zäit verschwent, wann een iwwert déi eng Saach schwätzt.
Dës Strategie gëtt besonnesch dann ugewend, wann dat Thema, iwwert dat grad geschwat gëtt, der manipulativer Persoun onangenehm ass. Et ass eng Aart a Weis, d’Gespréich ze beenden. Wat soll een och drop äntweren? Déi Persoun huet jo Rescht: Et ginn ëmmer nach schlëmmer Saachen op der Welt.

Crazy-Making

Dat heiten ass eng Taktik, déi besonnesch schwéier ze duerchkucken ass. Et kann zum Beispill sinn, dass een déi manipulative Persoun ëm e Gefale biet. Si seet, dass se gären hëllefe kann. Kuerz drop héiert een se awer seufzen, oder se seet eppes, mat deem selwechten Effekt (z.B. wéi vill se ze dinn huet). Wann ee se doropshi freet, ob et wierklech an der Rei ass fir si, ze hëllefen, seet se “natierlech” a stellt et sou duer, wéi wann een sech dat just agebilt hätt. (“Ech sot dach, ech géif gären hëllefen. Wéi kanns de dorun zweiwelen? Du spënns dach!”)
Eng aner “Crazy-Making”-Strategie besteet doran, Fakten ze verdréien. Dat kann zum Beispill dora bestoen, dass se seet “Ech hunn dat nie gesot”, wann se dat manifestement gemaach huet. Et kann awer och sinn, dass se systematesch iwwerdreiwen (“dauernd”, ëmmer”, ”alles”) oder bewosst wichteg Informatioune verheemlechen. Déi aner Persoun fänkt un, hirer eegener Erënnerung a Perceptioun ze mësstrauen an huet d’Gefill, musse Logbuch ze féieren, doriwwer, wat déi manipulativ Persoun seet.

Mind reading

Toxesch Persoune mengen zu all Moment ze wëssen, wat hire Géigeniwwer am Sënn huet a fäerten, dass een hinne schuede wéilt. Se zéie vireileg Schlëss, éier se sech d’Saach a Rou duerch de Kapp goe gelooss hunn. Se ënnerstellen engem béiswëlleg Intentiounen, déi ee guer net hat. Se ginn zum Beispill dovun aus, dass ee bestëmmt Saache just sot, fir se rosen ze maachen oder fir hinnen ze vermëttelen, wéi domm se sinn.

Wat Affer maachen

Amplaz anzegesinn, dass et näischt bréngt, un där Frëndschaft festzehalen, fänken Affer dacks domat un, hiren toxesche Kolleg ze verteidegen. Dacks souguer mat deem sengen eegene Wieder: “hatt huet dat just am Witz gemengt”, “hatt verletzt mech net express”, “ech hunn iwwerreagéiert”, “him geet et grad net gutt”, “ech verletzten hatt och heiansdo”, “hatt hat mer gesot, dass ech dat net dierft an ech hun et trotzdeem gesot / gemaach”. Et léisst een sech liicht blende vun deem, wat gesot gouf, mee letzten Endes sollt ee méi Gewiicht op d’Handlunge leeën.

Anerer manipuléieren huet usech nach näischt mat psychesche Stéierungen ze dinn. Indirekt awer schon: Éischtens ginn dës Strategien dacks vu Persounen applizéiert, déi sech um Spektrum vum narzisstesche Perséinlechkeetstyp befannen. Zweetens ass et fir d’Affer psychesch extreme belaaschtend eng länger Zäit enger toxescher Persoun ausgesat ze sinn. Et fänkt een un, u sech selwer ze zweiwelen, der eegener Intuitioun ze mësstraue – ëmmerhi probéiert déi toxesch Persoun engem konstant anzerieden, dass ee Problemer gesäit, wou keng sinn.

Et ass dofir wichteg, sech vun enger Persoun ze distanzéieren, déi een als toxesch a manipulativ empfënnt. Je éischter een de Kontakt ofbrécht, desto besser. Zwar kann een et emol uschwätzen, fir de Fall, dass et sech just em e Mëssverständnes handelt. Falls dat awer näischt bréngt, sollt een et si loossen. Et ass zwecklos, enger manipulativer Persoun wëlle sachlech ze erklären, firwat hiert Verhale problematesch an destruktiv ass: se wäert, jo se kann et net agesinn.

 

Art by Mona Mour

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *