Sozial Inklusioun vun Menschen mat psycheschen Krankheeten

Inklusiv liewen bedeit als Mënsch fäeg ze sinn, un all Aspekt vun der Gesellschaft deelzehuelen. Des Gesellschaft gesäit als en erfollegräicht Liewen, wann 4 Rubriken erfëllt sinn: Gesondheet, Aarbecht/Bildung, Finanzen an dat soziaalt Liewen. Duerch verschidde psychesch Krankheeten riskéieren awer vill Leit duerch hir Erkrankung an eng fräiwëlleg oder onfräiwëlleg Isolatioun ze geroden. Mee och psychesch Kranker sollen d’Wiel hunn, do ze wunnen, ze schaffen an ze léiere wou se wëllen.
Diskriminéiert an stigmatiséiert ze ginn si Problemer, deenen vill krank Leit wëllen aus dem Wee goen an deem se net iwwert d’Krankheeten schwätzen, sief et mat Famill oder Frënn, oder op der Aarbecht. D’Reaktioun vum Ëmfeld kann dozou feieren, dass Kranker sech zréckzéien oder zréckgestouss fillen an se hunn d’Gefill, hir Plaz an dëser Welt net ze fannen. Eng Isolatioun ass awer a ville Fäll net d’Léisung well de Problem méi komplex ass an oft Akzeptanz vum Ëmfeld eng grouss Hëllef ka sinn an d’Situatioun fir d’Persoun schon däitlech verbessert.

De Wirtschaftssystem a Bildungssystem huet oft niddereg Erwaardungen un Leit mat psychesche Krankheeten a wat des erreeche kennen. D’Aarbechtsplaz ze verléieren, ass eng grouss Gefor a besonnesch Leit mat Psychosen, Schizophrenie a bipolare Krankheeten si vun dëser Problematik betraff, awer och Mënschen mat Depressiounen. Duerch den Openthalt an enger Psychiatrie d’Aarbechtsplaz ze verléieren, ass eng berechtegt Angscht, an dëse Risiko wëll een net agoen. Dëst kann dozou féieren, dass een sech schummt iwwert Krankheeten ze schwätzen an et probéiert een, se et sou gutt wéi méiglech ze verstoppen. Psychesch Krankheete ginn awer ënner anerem och dowéinst ëmmer méi spéit erkannt a behandelt.

Empathie fir Leit mat psychotesche Krankheeten, déi beispillsweis un Psychosen, Halluzinatiounen, oder Wahnvirstellungen erkranken, bleift meeschtens aus. Et ginn zwou verschidden Aarte vun Empathie: kognitiv Empathie, déi d’Behuelen vun aneren versteet a virausseet an emotional Empathie, wouduerch mir matfillen a matempfanne kennen. Well des Krankheeten awer friem sinn ass et méi schwéier sech virzestellen wei si sech fillen an et fënnt een oft keng parallellen zu hirer Denkweis. De Problem hei ass dass vill Leit mat Angscht un erkrankt Leit eru ginn, wat awer déi falsch Approche ass. Et ass besser se op de Problem unzeschwätzen an ze hëllefen, well oft ass d’Bedierfnes ze schwätzen do, mee et traut een sech just net.

 

 

 

 

 

En weidere Problem ass d’Diskriminatioun duerch d’Psychiatrie, wou Mënschen sozial ausgegrenzt ginn an an zouener Gesellschaft liewen. Hei fannen si zwar professionell Hëllef, mee oft ënnert onmënschlechen Konditiounen. Besonnesch fir Patienten déi eng Gefor fir sech selwer oder hir Matmënschen duerstellen an doduerch zwangsënnerbruet ginn ass eng professionell Institutioun déi eenzeg Behandlungsméiglechkeet. En Patient kann duerch eng psychiatresch Zwangsbehandlung awer duerno traumatesch Schied behalen. Eréischt wann eng richteg Diagnose gefall ass, ass et méiglech eng Krankheet zouverlässeg ze behandelen. D’Isolatioun an d’Folter sinn an villen Fäll liewenslaang an bidden den Patienten weder Stabilitéit nach Ënnerstëtzung. Dëst feelt och ausserhalb vun der Institutioun, wat mat sech bréngt, dass Patienten sech ouni Support am spéideren Liewen verlooss fillen an och d’Wahrscheinlechkeet réckfälleg ze ginn bleift grouss an esou entsteet e Schema aus deem se herno net méi erauskommen.

Eng Léisung fir dëse Problem sinn Wunnengen déi vun der Gemeng gestallt ginn wou schwéier an chronesch psychesch erkrankt Mënschen liewen kennen. De System dovun ass, dass des Mënschen sou d’Méiglechkeet kréien, trotzdeem en normalen Alldag ze féieren an gläichberechtegt un der Gesellschaft deel ze huelen. Si ginn awer vun Psychologen an weiderem Fachleit ënnerstëtzt, jidderee vun den Bewunner huet eng professionell Bezugspersoun an et ass all Form vun Hëllef zu all Auerzäit disponibel. Dëse System huet sech an den skandinaveschen Länner schon bewisen, an et huet sech erausgestallt dass dëst vill besser vir Patienten ass, an sech d’Phasen wou d’Krankheet antrëtt reduzéiert.

Des weideren muss en psychesch Kranken sech net nëmmen sou wäit et geet gesondheetlech erhuelen, mee och nach an anere Beräicher fir d’Wuelbefannen erëm hierzestellen. Déi wichtegst Besserung déi erfuerderlech ass, sinn déi am perséinlechen an am soziale Beräich, wat ënner anerem bedeit dass si hir Identitéit erëm musse fannen an hir sozial Kreesser erëm hiergestallt ginn. Eng ekonomesch Verbesserung fir fréier Patienten ass och wichteg, wat bedeit dass de Liewensstandard a finanziell Stabilitéit musse verstäerkt ginn.

D’sozial Inklusioun vun psychesch Kranken ass awer net nëmmen fir si selwer wichteg, mee et wier och en Verloscht fir d’Gesellschaft wann Mënschen mat Potential systematesch ausgegrenzt ginn.

 

Art by Frizzkidart
and Mona Mour

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *