Selfcare

„Pass op dech op!“ „Erhuel dech gutt!“ héiert een*t oft, wann een*t de Réck wéi, Migräne oder sech de Fous gebrach huet. Dann léist een*t sech krank schreiwen, leet sech an d’Bett an drénkt en Téi, gënnt sech en Owend op der Couch mat engem gudde Film. Oder wann een*t e stressegen Dag hat oder no enger Trennung: dann leet een*t sech an d’Bidden, een*t aner*t spillt eng Ronn Videospiller fir de Kapp fräi ze kréien. Wéi  d’Beispiller scho weisen, heescht „sech eppes Guddes doen“ fir jiddereen*t eppes anescht.

Mee wat heescht dat, wann een*t eng (chronesch) psychesch Krankheet huet? Et as eng verstoppte Krankheet, déi een*t vu baussen net ëmmer gesäit. A wann een*t sech net onbedéngt an enger Psychotherapie befënnt, kritt een*t och net ëmmer gesot, wat een*t maache kann, fir dass et engem besser geet. Hei gëtt et schon bëssi méi schwiereg ze verstoe wat gemengt as an dofir brauch et eng gewëssen Definitioun.

Selfcare klengt no melle Këssen, waarmem Téi, enger Emaarmung,… mee am Kontext  vu psychesche Krankheeten heescht et méi. Kloer gehéiert dat grad Erwääntes och dozou an déi Saache sinn och wäertvoll a wichteg. Mee an dësem Kontext heescht op sech oppassen och Saachen ze maachen, déi op den éischte Bléck vleit net sou angenehm sinn. Et geet drëms ze wëssen, wat een*t brauch, wien een*t as an sech selwer wäertzeschätzen a gär ze hunn.
Dës Aart vu Selfcare as net ëmmer schéin, se kann och onangenehm sinn a wéi doen. Mee se as noutwendeg, fir dass et engem besser geet.

Et geet zum Beispill drëms, den Telefon an d’Hand ze huelen, wou s de eng terribel Angscht virdrun hues, eng Therapeutin unzeruffen, déiste net kenns a virun däers de och Angscht hues an der Hëllef ze sichen. Et geet drëms, de Mutt opzebréngen, schaffen ze goen, akafen ze goen, eppes mat Kollegen ze maachen, och wannste fäerts, dass deng déif Trauregkeet, deng onerkläerlech Hoffnungslosegkeet déi ronderëm dech infizéiert an hinne weist, wéi verwonnbars du bass.

Et ass sech bewosst ginn, dass dat, wat deng Krankheet dech maachen deet –  dech doheem virun der Welt ze verstoppen, de ganzen Dag am Bett ze  bleiwen, keng Pläng ze maachen – net dat as, watste brauchs fir dass et  der gutt geet. Et as de Prozess ze realiséieren, dasste och Saache maache muss, déi kee Spaass maachen. Déi sech den éischte Moment net gutt ufillen. Déi der Angscht maachen an dech iwwerwältegen. An wannste dech bis iwwerwonnen hues se se maachen, hueste ee Schratt gemaach fir dass et der besser geet. Selfcare ass och, sech selwer als wichtegst Persoun ze gesinn. Et ass net egoistesch, no sech selwer ze kucken, et ass noutwenneg. Et ass och Grenze setzen a mol nee soen. An heiansdo heescht et och Leit de Réck zouzedréinen, déi engem net gutt doen, och wann een*t se gär huet.

Virun allem as Selfcare awer, seng eegen Bedürfnisser ze erfëllen, déi duerch eng psychesch Krankheet oft vergiess ginn oder wann deng Krankheet der erzielt, dass du déi Méi net wäert bass.

Virun allem as Selfcare awer, seng eege Bedürfnisser ze erfëllen, déi duerch eng psychesch Krankheet oft vergiess ginn oder wann deng Krankheet der  erzielt, dasste déi Méi net wäert bass. Dat kenne Saache si wéi eppes  z’iessen, eppes ze drénken oder noutwenneg Medikamenter ze huelen, wann een*t der brauch. Dat klengt banal, mee dat kann onendlech ustrengend sinn. Et geet zum Beispill drëms, dech aus dem Bett ze kämpfen, daatste schon säit gefillten Éiwegkeeten net méi frësch bezunn hues, dech ënnert d’Dusch ze stellen an der propper Kleeder unzedinn, och wannste der selwer net gleefs, dasste et wäert bass, dech waarm a propper ze fillen.

Mee wat messte, wannste dat alles net kanns? Wannste net op dech selwer  oppassen an der näischt guddes doe kanns? Mir léieren, dass een*t aner Leit net zur Laascht fale soll. Dass een*t ëmmer muss zréck ginn wat een*t kritt. Dofir fält et eis oft schwéier no Hëllef ze froen.
Mee heiansdo brauch een*t aner Leit, fir ze iwwerliewen. Mir brauche Community-Care, en Netzwierk u Frënd*innen, déi een*t ënnerstëtzen an sécherstelle, dass een*t net stierft oder zumindest sech net dräi Wochen um Stéck am Bett verstoppt, onfäeg z’iessen, ze duschen oder iwwerhaapt iergendeppes anescht ze maache wéi d’Mauer ze kucken. Leit, déi kryptesch Facebook Posts eescht huelen an net nëmmen mat „positiver Energie“ oder engem Häerz-Smiley kommentéieren. Leit, déi engem Iesse bestellen, d’Wunneng botzen, eng Wäsch amaachen oder an d’Therapie  begleeden (bzw eis motivéieren, iwwerhaapt dohinner ze goen). Mir hu geléiert, dass Ënnerstëtzung ëmmer ausbalancéiert muss sinn: ech ginn dir an du gëss mir eppes dofir zréck. Mee heiansdo geet dat eben net. An dat sollt ok sinn.

Mam Wuert „Selfcare“ schwéngt och ëmmer d’Iddi mat, dass een*t sech em sech selwer këmmere statt, dass aner dat maachen. Eben dass een*t kengem zur Laascht fält. Mir kréien ëmmer gezielt, dass mer alles an eis selwer hun, fir eis Zieler ze erreechen, mir misste just erausfannen, wéi mer déi Energie fräisetzen. Dass nëmme mir selwer eis hëllefe kennen. Mee genee dat kennen vill Leit mat enger psychescher Krankheet net. An wéi evident as et an enger Gesellschaft, déi op Selbstoptiméierung hinzielt, no Hëllef ze froen?

Mir brauchen e Kollektiv, dat géigesäiteg openeen oppasst.

Mir brauchen e Kollektiv, dat géigesäiteg openeen oppasst. An dat muss net ausbalancéiert sinn, well di eng hun méi Ressource wéi di aner. Mir brauche Frënn, déi no eis kucken, eis opfänken, wann mir an en déift Lach falen, déi bei eis setzen, wa mer Panikattacken hun an sech eis irrational Ängschten ulauschteren, ouni ze soen, dass mer iwwerdreiwen. Déi wëssen, wat eis Bedürfnisser sinn an se fir eis erfëllen. Frënn, déi eis eppes kachen, déi eis ënnert d’Dusch stellen, an eis hëllefen eng Aarbecht ze sichen, mat der mer ëmgoe kennen. Oft bleiwen sou Aufgaben u Famill a Partner*in hänken, mee dat as oft ze vill fir sou e klenge Krees u Leit an déi sinn oft séier iwwerfuerdert. Oder d’Persoun huet béides net.

Vill Leit hëllefe gär. „Wéi kann ech dech am beschten ënnerstëtzen?“ Et ass oft dat Eenzegt, wat Leit fir „Beweegung“ maache kennen an et as  sënnvoll a wichteg. Op sech selwer oppassen, iwwerliewen a méi wëllen as e radikalen Akt. An no aner Leit kucken och!

 

 

 

 

 

Art by Frizzkidart

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *