Ginn d’Mënschen méi krank oder ginn d’Krankheeten méi mënschlech?

Psychesch Erkrankungen als Epidemie vun eiser Generatioun

Jiddereen*t kennt iergendeen*t dat eng psychesch Krankheet huet, oder et huet ee souguer selwer eng. D’Fro ass ob sech di Krankheete méi verbreeden oder ob just méi oft driwwer geschwat gëtt.

De wuessenden Drock, Stress an d’Zukunftsonsecherheet mat deem jonk Leit hautdesdaags konfrontéiert gi schéngt den Ausléiser fir Erkrankungen ze sinn. Ginn des Krankheeten einfach méi oft erkannt oder hunn se tatsächlech zougeholl? Laut Statistike sinn d’Zuele vun Diagnosen nämlech däitlech geklommen an ëmmer méi Leit gi wéinst Depressiounen an Angschtstéierungen krank geschriwwen. Dëst bedeit net onbedéngt dass sech d’Krankheete verbreet hunn, obwuel et dorop hiweise kéint dass et  an dëser Gesellschaft méi schwéier ass dem Drock dauerhaft Stand ze halen.

Ronn 20% vun Jugendleche teschend 10 an 18 Joer entwéckelen an der  Pubertéit eng psychesch Stéierung, ongeféier 10% vun dëse Stéierunge sinn sou schwéier dass se missten behandelt ginn. Leider loossen sech vill jonk Erwuessener net behandelen an se doen sech schwéier iwwert hir Situatioun ze schwätzen. Oft ginn Unzeechen och falsch gedeit an et  gëtt ugeholl et wier just eng Laun obwuel et vill méi schlëmm ass. Laut Statistike gëtt och den Duerchschnëttsalter wou en psychesche Problem fir d’Éischt antrëtt ëmmer méi niddereg. Dat soziaalt Ëmfeld, schoulesch Problemer oder d’familiär Situatioun spillen eng wichteg Roll a sinn oft den Ausléiser fir eng Erkrankung. D’emotional Sécherheet déi ee vun den Eltere vermëttelt kritt hunn Auswierkungen op d’Psyche vum Kand, dowéinst ass et wichteg, hinnen eng positiv Perspektiv ze bidde fir psychesch Problemer ze vermeiden. Kanner déi am Heem wunnen, sinn dofir  och zum Beispill besonnesch ufälleg fir Erkrankungen. Des Erfarung kann d’Gehir dauerhaft veränneren, mee et ass nogewisen dass d’Gehir vu Kanner ënnert 2 Joer déi bei Fleegeeltere wunnen sech vun dësen Schied erhëlt.

Ronn 20% vu Jugendlechen teschend 10 an 18 Joer entwéckelen an der  Pubertéit eng psychesch Stéierung

Déi heefegst Erkrankunge bei Jugendleche sinn Angschterkrankungen, Depressiounen, hyperkinetesch Stéierungen, Iessstéierungen a Selbstverletzungen. Bei enger Angschtstéierung fillt een sech oft net gutt genuch an d’Angscht sech ze blaméieren an ze versoen ass bei den betraffene Jugendleche grouss. Wann dann eppes net klappt, bleift dat  am Gediechtnes an et fillt een sech schlecht, wann een awer eppes hikritt ass et schnell erëm vergiess. Depressioune verursaache Schloofstéierungen, et huet een keng Loscht z’iessen, et zitt een sech zréck an et huet ee kee Spaass un Saachen déi ee soss gäre gemaach huet. Hyperkinetesch Stéierunge sinn Opmierksamkeetsstéierungen, wei zum Beispill ADS, an se wierken sech negativ op d’schoulesch Leeschtungen aus. Ausserdeem ass et méiglech dass eng Dispositioun zu Hyperaktivitéit besteet. Bei enger Iessstéierung denken vill Leit direkt un Magersucht. Aner Iessstéierunge sinn awer zum Beispill Bulimie a Binge-Eating. D’Selbstwäertgefill hänkt bei dësen Erkrankunge vum Gewiicht a vun der Figur of an et ass ee vill op Iessen fixéiert. Bei schlëmme Perséinlechkeetsstéierungen ass et souguer méiglech dass d’Erkrankung een dozou bréngt sech selwer ze verletzen oder een ufänkt zu Substanzkonsum ze tendéieren.

Vill vun dëse Krankheete si genetesch veranlaagt, mee besonnesch wann Krankheete wei Schizophrenie a bipolar Stéierungen an der Famill leien ass de Risiko grouss dass sech d’Krankheet bei engem entwéckelt, obwuel et och gutt méiglech ass dass ee gesond bleift. Et ass also och wichteg ze wëssen, fir wat ee kéint ufälleg sinn, dass des Krankheeten  sou wäit wéi méiglech vun Ufank un behandelt kënne ginn. Erkrankungen déi net behandelt ginn, kënne spéider Schlëmmeres ausléisen an et ass bewisen, dass Leit déi a jonke Joren Angschtkrankheeten hunn spéider oft Depressioune kréien.
Leider si psychesch Krankheeten an dëser Gesellschaft nach ëmmer en Tabuthema. Och wann sech dat schon verbessert huet feelt et nach ëmmer un Wëssen an Akzeptanz, mee et kann een nëmmen hoffen dass sech dat iergendwann  ännert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *