Déi schéinsten Zäit vum Liewen?

Leeschtungsdrock a psychesch Erkrankungen an der Schoul.

Dass d’Schoulzeit déi schéinsten Zeit vum Liewen ass, krutt wahrscheinlech schon  jiddereen*t gesot, oder souguer als Reproche ze héieren krutt, wann et eben grad net soueng schéin Zeit ass.

“Du solls glécklech sinn, well an der Schoul/Lycée fenns de Frënn an du  léiers eppes fir d’Liewen! Ausserdem, du bass jo nach sou jonk, firwat féiers de eng op?” “Et sinn just Prüfungen, deng Angscht ass net berechtegt well den richtegen Stress kennt jo réicht wanns de schaffen gees. Géi elo leiern, irgendwann soll jo eng Keier eppes aus dir ginn!” Et ginn vill Beispiller vun Phrasen, die een*t als Schüler*in erdroen muss. Oft geht et drëms, dass een als Schüler*in wie eng Maschine fonktioneiern an büffelen sollt, well soss fënns de keng Arbecht! Wat oft vergies gëtt ass, wéivill Schüler*innen während dem ganzen procès  versacken an implodeiern. Alleng aus pérseinlecher Siicht kennen ech (ze)vill Mënschen, die net offenkundeg an dofir alleng ennert dem Leeschtungsdrock durch Famill, Proffen, imaginär Konkurrenz an der Klass  an der berechtegter Angscht virun der Zukunft an dem Arbechtsmarché leiden.

D’Angscht geht souweit, dass se sech un der kierperlecher Gesondheet bemierkbar mëcht

D’Mélanie, eng Schülerin, zum Beispill konnt aus Stress net virun Prüfungen an mendlech Prüfungen iessen.  Schlecht Noten hunn d’Selbstbewosstsein zerstéiert, eng Datz war ee  “Weltennergang”. D’Angscht geht souweit, dass se sech un der  kierperlecher Gesondheet bemierkbar mëcht: durch den Drock hat hat op  2ième een Mooschwier. Selwer hun ech die Erfahrung op 4ième gemach durch  Stress wéinst dem Besoin nonstop ze schaffen an emmer besser Noten ze  kreien.
Angscht  spielt dobei emmer eng zentral Roll. Eng gutt Partie vun Mënschen, déi  ech an der Lycéezeit richteg kennengeleiert hun, hun dat bewiesen: oft  gouff an Gespréicher dat Wuert benotzt, am Kontext vun Prüfungen oder  den Examen. Et ass kloer ginn, dass d’Institutioun, déi dir eppes  baibrengen sollt, een aanert Gesiit huet: et prépareiert dech ob de  fréien Arbechtsmarché an verlangt Leeschtung. Gut Resultater ginn  bevorzugt an mei schlecht Schüler*innen sollen méi schaffen, mei  Leeschtung brengen. Natierlech féiert dat zu engem schlechtem  allgemengen Klima. Et gouffen vill Schüler*innen aus mengem Emfëld, die  mir op 1ière zielten, dass sie ze wéineg schloofen duerch Arbechtsstress  an eng Therapie ugefangen hun. Oft sinn Wierder wéi Panikattack,  Schlofparalys (duerch Stress an Schlofmangel), Depressioun, Iessstörung  an Burnout gefall. Dat wéist wéi wichteg et ass kritesch mat sengem  Verhältnis zur Leeschtung emzegoen, wëll souoft die Leeschtung erzwongen  war vun Angscht.

Keng Prüfung, keen Examen an keng gutt Noten stinn iwwer denger Gesondheet.

Natierlech kann een die negativ Tendenzen am Schoulsystem net ennerbannen, well se  stark verlinkt sinn mat dem gesamten gesellschaftlechen Klima. Wann an  der Gesellschaft staark Leeschtung idealiseiert gett an Chômage verurdeelt gett, ass et logesch, dass et an der Schoul net anescht wärt  sinn. D’Folgen sinn bekannt an der gesamter leschtungsgedriwwener Gesellschaft: wenn dat Wuert ‘Volkskrankheit’ kennt, bezieht et oft ob Depressioun oder Burnout, dat zielt eben och fir Schoul.
Elo ass et wichteg offen ze soen, dass dat och een Problem an der Schoul ass, domat sech Schüler*innen net mussen feärten doweinst ridiculiséiert ze ginn wann se doriwwer schwetzen. Déi Roll als Gespréichspartner sollt zum Deel vun schouleschen Institutiounen wie dem Spos (Service de Psychologie et d’Orientation Scolaire) iwwerholl ginn, mais schéitert dobei laut dem Mélanie: “Ech fannen, den Spos konzentréiert sech méi op Mobbing, mee Mental Health ass en Sujet deen net wirklech behandelt gett. Ech fannen dat extrem schued & geféierlech, well déi Léit déi un engem mental Disorder leiden net wessen op dat wat se fillen/denken normal ass, zumols wann se net doheem ennerstetzt ginn!”
Schlussendlech  bléiwt d’Fro, wéi een sech organiseiern kann fir souengem Drock  entgéint ze trieden. Eng kloer Äntwert gëtt et leider net ouni dei  strukturell Leeschtungssucht vun der Gesellschaft ze ennerbannen. Ennert de Schüler*innen an der Schoul sollt awer d’Solidaritéit an  Zesummegefill iwwer dem Konkurrenzgefill stoen mais die Transition  dauert, well d’Realitéit geseit eben anescht aus, oft huet een dat och  kloer an Diskussionen mat Léit aus der Klass raushéiern: jiddereen well  d’Noten vum aaneren kennen, sech vergleichen.

Wichteg ass bei all dem, sech selwer an Fro ze stellen an d’Motivatioun hannert dem Schaffen. Eng keier neicht machen an awer stolz drop sinn. Mach der kloer, dass eben net wie eng Maschine schaffs mais wéi een Mensch (an domat fehlerhaft, wat selbstverständlech ass) an dass keng Prüfung, keen Examen an keng gut Noten iwwer denger Gesondheet stoen sollt.

 

 

 

Art by Mona Mour
and Lotta Prints

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *