Aus der Krankheet eng Waff maachen

Zur Geschicht vum Sozialistesche Patientekollektiv (SPK)

Wee psychesch Problemer huet, ass selwer Schold. Déi Vue ass an eise Gesellschaften leider ëmmer nach virherrschend. Dir geet et net gutt, du bass depressiv, bipolar, leids ënner Panikattacken? Schold bass du selwer, sinn d’Erliefnisser an denger Kandheet oder däin Ëmfeld. A wa psychesch Krankheeten näischt anescht ewéi den Ausdrock vun enger kranker Gesellschaft wieren? „Das System hat uns krank gemacht, geben wir dem kranken System den Todesstoß!“ war eng vun de Parolen vum „Sozialistesche Patientekollektiv“.

Zwee Joer sinn d’Massendemonstratiounen an d’Ausernanersetzunge vun 1968 schon hier, wéi 1970 zu Heidelberg d’SPK gegrënnt gëtt. D’Studéierenderevolt ass méi oder wéineger gescheitert, vill Aktivist*innen zéien sech an d’Privatliewen oder an d’Universitéiten zréck. Den haarde Kär vun de Militanten radikaliséiert sech, versicht op anere Weeer, dem System de Garaus ze maachen: et ass d’Zäit, an där d’RAF (Rote Armee Fraktion) hir Grënnung bekannt gëtt an d’Zeeche stinn op Konfrontatioun.

„Es darf keine therapeutische Tat geben, die nicht zuvor klar und eindeutig als revolutionäre Tat ausgewiesen worden ist“

An  der Uniklinik Heidelberg schärt de Psychiater Wolfgang Huber eng ganz Rei Patient*innen rondrem sech. Net nëmmen dat: hien agitéiert, kämpft  géint déi hierkömmlech Psychiatrie-Methoden un – a kennt domat bei senge Patient*inne gutt un. D’Ursaach fir denen hir psychesch Erkrankungen gesäit den Huber am Kapitalismus, d’Psychiatrie ass fir hien näischt  anescht ewéi de Versuch, d’Leit rëm fit fir eng krank Gesellschaft ze maachen. No engem Sträit mat sengem Chef gëtt den Huber entlooss, him gëtt virgeworf, méi politesch Agitatioun ewéi soss eppes ze bedreiwen. Doropshi besetzen Patient*innen d’Uniklinik, verschiddener triede souguer an den Hongerstreik. Si stelle Fuerderungen: Récktrëtt vun der Direktioun, Annulatioun vu politesch motivéierten Entloossungen, an d’Selbstverwaltung vun der Klinik duerch d’Patient*innen.

Well de Kapitalismus d’Ursaach fir d’Krankheet ass, a well d’Krankheet gläichzäiteg den Ausdrock vun der Noutwendegkeet vun engem Ëmstuerz vun  den herrschende Verhältnisser ass, sinn d’Patient*innen am Huber a senge Matstreider*innen hiren Aen e revolutionärt Subjekt. „Es darf keine therapeutische Tat geben, die nicht zuvor klar und eindeutig als  revolutionäre Tat ausgewiesen worden ist“, schreift den Huber: „Im Sinne der Kranken kann es nur eine zweckmäßige bzw. kausale Bekämpfung ihrer Krankheit geben, nämlich die Abschaffung der krankmachenden  privatwirtschaftlich-patriarchalischen Gesellschaft.“
Zu Heidelberg hun d’Patient*innen Erfollech: d’Uniklinik gëtt no, den Huber gëtt nees agestallt, an hien a seng Matstreider*innen kréie Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt. Bis zu 500 Persounen therapéieren sech hei selwer a géigesäiteg a Gruppentherapien. Ee vun den  Haaptbestanddeeler vun denen Therapien ass d’gemeinsam Lecture vun Texter vu Karl Marx a Sigmund Freund, mee och vum Philosoph Georg Lukács oder de Vertrieder*inne vun der „Frankfurter Schule“. Et ass d’Gebuertsstonn vum SPK: „Aus der Krankheit eine Waffe machen“ heescht d’Manifest vum Kollektiv, dat 1972 erauskënnt a fir dat de Jean-Paul  Sartre e Virwuert verfaasst huet.

D’Krankheet, esou versteet et d’SPK, ass den individuellen Ausdrock vun der historescher Noutwendegkeet, de Kapitalismus ze iwwerwannen.

„Nach Marx ist es eine historische Notwendigkeit, dass aus den Widersprüchen des Kapitalismus der Sozialismus erfolgt“, heescht et doran. „Diese Notwendigkeit, die in jedem einzelnen verankert sein muss, ist die  Krankheit, das subjektive Leiden, die inneren Widersprüche, die das  Bewusstsein verändern und zum Handeln drängen. Die Notwendigkeit ist die  bewusste sinnliche Not des Einzelnen.“ D’Krankheet, esou versteet et d’SPK, ass den individuellen Ausdrock vun der historescher Noutwendegkeet, de Kapitalismus ze iwwerwannen.

D’SPK war net nëmmen der Direktioun vun der Uniklinik, mee och engem groussen  Deel vun der Press an den Autoritéiten en Dar am Aa: zevill Patient*inne si mëttlerweil organiséiert, an hir Aktioune gi méi  radikal. An de Gruppentherapien vum SPK gëtt d’Rolleverdeelung tëscht  Psychiater*in a „Kranken“ opgehuewen, déi individuell „Heelung“ als net erstriewenswäert ugesinn. Well och wann d’Krankheet vum Individuum als Leiden empfond gëtt, sou ass et dach schlussendlech, sou d’SPK, dat eenzegt Mënschlescht wat am kapitalistesche Verwäertungsprozess iwwreg bleift an sech esou der „Entfremdung“ entzitt.

Nodeems 1971 ee Branduschlag op eng psychiatresch Landesklinik verübt gëtt an et kuerz drop zu enger Schéisserei tëscht dem SPK nostoenden Aktivist*innen a Polizist*inne kënnt, ginn dem Kollektiv seng Raimlechkeete geraumt an den haarde Kär verhaft. Een Deel vum SPK grënnt doropshinn d’“Patientenfront“, en anere Grupp mat ähnlechen Zieler. En aneren Deel schléisst sech der RAF un. Vun hinne sinn der eng Rei un der Geiselnahm an der däitscher Botschaft zu Stockholm, sou wéi um Hanns Martin Schleyer senger Entféierung bedeelegt.

De Kapitalismus hunn se net iwwerwonnen an och wann et haut nach eng Gruppéierung gëtt, déi sech „Sozialistescht Patientekollektiv“ nennt, sou ass vun dem urspréngleche Kollektiv awer näischt méi iwwreg. Mee d’Iddi, dass d’Krankheet Ausdrock vun der Noutwendegkeet ass, déi kapitalistesch Verhältnisser z’iwwerwannen, déi huet haut nach  Aktualitéit.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *