Nationalismus, Grenzen a Patriotismus – Juni 2017

Léif Lieserin, léiwe Lieser,

den drëtten Zine vu Jonk Lénk hu mir zum Thema Nationalismus, Grenzen a Patriotismus geschriwwen. D’Publikatioun reit sech an an eng Rei vun Aktiounen, déi mer ronderëm Nationalfeierdag den 23. Juni lancéiere fir géint d’Feieren vu Natiounen ze protestéieren. Dass dëst Thema schonn nees do ass, bzw. ni fort war a lo esou aktuell wéi scho laang net méi ass, ass wierklech tragesch. Mir gesinn, dass sech den neien Nationalismus haaptsächlech aus de Verwerfunge vum Kapitalismus an de Wirtschaftskrisen eraus entwéckelt. Dobäi gëtt ëmmer nees déi nämmlecht Logik benotzt: Wann et eis net gutt geet, musse mer eis als Éischtes ëm “eis” selwer këmmeren. Firwat zu deenen, ëm déi een*t sech da këmmere soll awer d’Multimilliardär*in am “eegene Land” gehéiert, net awer Leit, déi aus hire Länner flüchte musse gehéiere bleift ee Rätsel.

Op deenen nächste Säite fënns du haaptsächlech prinzipiell Iwwerleeungen zu Nationalismus. Mir kucken zeréck an d’Geschicht an d’Zäit wou d’Grenzen op d’Kaarte gezeechent goufen a wou d’Emma Goldman géint de Patriotismus geschriwwen a gekämpft huet, analyséieren “Selbstbestëmmungsrecht vun der Vëlker” an ginn op verschidden Zorte vu Patriotismus an. Mir hunn nogefrot wéi déi separatistesch Beweegungen a Katalounien an a Schottland ze bewäerte sinn a stellen eist Antinationalt Fest vir.

Mir hunn eis natierlech och mam Nationalismus zu Lëtzebuerg beschäftegt: Mat der Debatt em d’Sprooch, der Wirtschaftspolitik, dem neien Immigratiounsgesetz. Och hu mir eis selwer gefrot, wat mir vun eisen Nationalitéiten halen. Biller an dësem Zine sinn ë.a. Photoe vu Grenzanlage ronderëm d’EU: Den neie Grenzzonk an Ungarn an d’Befestegungsanlag vu Melilla, Spuenien/Marokko.

Mir wënschen dir eng interessant Lektür an hoffen, dass du beim Kampf fir eng Gesellschaft ouni Natiounen an ouni Grenzen dobäi wäers sinn.

Jonk Lénk


Hei kënnt dir den Zine als pdf eroflueden.


Et gëtt näischt ze feieren Wisou et keen Grond gëtt, den 23. Juni ze feieren
D’SelbstbestëmmungsrechtWien ass iwwerhaapt d’”Vollek”, dat der UN no d’Recht op ee Staat huet?
Projet de loi 6992Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass …
Jingoismus, Hurra Patriotismus, Spread-EagleismusFirwat ech soss keen Stolz an mengem Liewen hun oofgsin vun mengem Nationalstolz
Eng nationalistesch SproochJonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg.
Ons Heemecht an de Kräidprozesswéi aus e bësse Kräid e nationale Skandal gouf
Emma GoldmanE Kampf géint de Patriotismus
Eng offiziell LegitimatiounInterview mat enger lénker Persoun, déi ee lëtzebuergesche Pass ugeholl huet
Fete antinationale
Linnen op KaartenWéi am 19ten Joerhonnert Strécher op de Globus gemoolt goufen, op déi d’Leit haut houfreg sinn.
Wat bedeit(en) dir deng Nationalitéit(en)? – Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp.
Dat hannerhältegste Land op der Welt. – Wéi Tricks mat Grenzen dëst Stéck Buedem zu enger richteger Natioun maachen.
Energie fir eng progressiv Gesellschaft – Interview iwwer d‘Erausfuerderungen u lénke Separatismus an Europa.
Sakura Kai – Kiischtebléie Gesellschaft
Natiounen, déi eis gefalen


Jonk Lénk ass eng politesch Jugendorganisatioun, déi sech mat Aktiounen, Texter an Demostratiounen fir eng méi gerecht Gesellschaft asetzt. Mir wellen dem Nationalismus a Faschismus entgéinttrieden a Grenzen ofschafen. Mir stellen eis géint d’Ausbeutung vun de Mënschen duerch de Kapitalismus a géint d’Ennerdréckung vun de Mënschen duerch d’Patriarchat. Mir schaffen un enger solidarescher an ökologescher Zukunft fir jiddereen*t. Wann dat och deng Kämpf sinn, da bass du bei eis ëmmer wëllkomm.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *