Wat bedeit(en) dir deng Nationalitéit(en)?

Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp.

“Näischt”

“Ee Label fir Leit déi probéieren eng Gemeinsamkeet ze fanne wou et keng gëtt. an awer och een Numm fir Leit déi iergendwéi dach komesch Gewunnechte gemeinsam hun.”

“Nationalitéit as en fiktivt Konstrukt, dat éischter Differenzen ewéi Gemeinsamkeete kreéiert. Och wann jiddereen*t déi nämmlecht Nationalitéit huet, bleiwen déi Differenze weider bestoen, Gläichheet as doduerch net garantéiert.”

“E Stéck Pabeier wat gläichzäiteg alles an näischt bedeit. Meng Mamm huet an de 70er d’britesch Nationalitéit ugeholl fir kënne legal a Westeuropa ze liewen an ze schaffen. Duebel hunn ech eben aus demselwechte Grond beantragt obwuel ech se usech bis virum Brexit refuséiert hat, well et fir mech en ze grousse Risiko ass net EU bierger ze si wou dach Lëtzebuerg awer mäin doheem ass. Oft ass d’Rhetorik ronderëm Nationalitéit a Gesetzeslagen dorëm immens op dé Fro vun der Identifikatioun ausgeriicht, mee fir vill vun eis di Immigrant*inne sinn, haaptsächlech wann déi eegen Nationalitéit net an Accorde mat abegraff si wi Schengen etc, ass dat eng grondsätzlech pragmatesch fro. Ech schaffe momentan mat villen ondokumentéierten Aarbechter*inne an den USA, haaptsächlech aus Latäinamerika mee deels och aus Europa a Westafrika. De Fait dass ee Stéck Pabeier sou vill pouvoir huet iwwer all Aspekter vun engem liewen ass sou onmënschlech. Dass ee konstant an total arbiträr dem system ausgeliwwert, natierlech säitens dem Staat mee och säitens engem säi/seng Patron, senge Client*innen, anere Mataarbechter*inne, dem Vermieter wu ee wunnt, Genre jidderengem mat deem een a Kontakt trëtt deen engem säi Status kennt. Dass sou fucked up.”

“Ech sinn “”Lëtzebuergerin”‘, meng Originne sinn awer belge an meng Mammesprooch ass franséisch. Ech sinn a Lëtzebuerg opgewuess a schwätze gréisstendeels lëtzebuergesch doheem a mat Kolleg*innen. Trotzdeem hun ech oft Gefill mech weder kënne ganz mat der letzebuergescher Nationalitéit identifizéieren ze kennen, weder déi belge. Am Fazit bedeit mir d’Nationalitéit awer net besonnesch vill, nach weder meng nach soss iergendengem seng.”

“Meng Nationalitéite bedeite mir dann eppes, wann ech mierken, dass ech doduerch Virdeeler vis-a-vis vun aneren hunn. Ech fannen et ongerecht a bal peinlech, dass ech zousätzlech Privileegien an de Pass geschriwwe krut. Et ass den Zoufall vu mengem Gebuertsuert, dass ech méi sozial Rechter, méi Sécherheeten a méi Chancë wéi déi allermeeschte Leit op der Welt hunn. Gefillt ergëtt sech fir mech doraus d’Verflichtung fir fir Gerechtegkeet ze kämpfen – an virun allem och géint d’Ausbeutung vun aneren duerch Lëtzebuerg.
Dann hunn ech och nach déi däitsch Nationalitéit, si ass u sech just een Hiweis op meng Famill an op d’Familljegeschicht an huet als Pass manner Bedeitung fir mech. Ech interesséiere mech vill fir däitsch Geschicht a fannen den däitschen Ëmgank mat hirer virbelaaschtener Nationalitéit interessant – mee ech fille mech net wéinst menger Nationalitéit concernéiert. Als “Preis” zu Lëtzebuerg ze zielen ass awer lusch. Et gëtt e jo wéinst senger Nationalitéit an Hierkonft vu bausse mat Klischeeë konfrontéiert an ech maan och selwer gär de Geck domat. Ech muss dann awer dax drun denken, dass meng lëtzebuergesch Bomi a mäin däitsche Bopi Morddrohunge vu “Patrioten” Mëtt vun de 50ger geschéckt kruten, wou si sech bestuet hunn. Trotzdeem sinn d’Viruerdeeler géint “Preisen” natierlech ee Witz géigeniwwer vun deem Rassismus an der Xenophobie, déi Leit mat anerer Hierkonft an Nationalitéit zu Lëtzebuerg entgéintbruecht gëtt.”

“Fir mech as de Begrëff Nationalitéit en negativ konnotéiert Wuert, well et d’Spaltung tëschen de Mënsche vir mech verdäitlecht. Amplaz dass d’Mënschen un engem Strang zeien, verstoppe sie sech hannert hirer Nationalitéit a gesinn hier Natioun als prioritär an iwwerleeë géigeniwwer anerer un. Eben genau doduerch entseet sou eng Spaltung déi verhënnert kinnt gi wann mir eis net mei op national Wäerter fokusséiere géife mee zesumme schaffe géifen. Ech sinn och der Meenung dass een duerch dat Konzept Natioun/Nationalitéit Elitten entstoe léist, déi sech dat Recht eraus huele vir iwwer Mënschen (déi eng aner Nationalitéit hun ) ze bestëmmen,well se dovun ausginn dass hier Kultur an hire System den eenzeg akzeptabelen as. Soumat bedeit et mir och neicht vir eng bestëmmten Nationalitéit ze hun, well ech perséinlech keng Identifikatioun par Rapport dozou opgebaut hun. Jo, wann een sech mäin Pass ukuckt sinn ech Lëtzebuergerin, mee wat seet dat iwwert mech als Mënsch aus? Natierlech as et reng rechtlech gesi schon relevant wat a mengem Pass steet, mee as dat net eigentlech eng Sauerei géigeniwwer deene Leit déi eppes anescht an hirem Pass stoen hun, an dat nëmme well se an eng aner Natioun era gebuer gi sinn? Ech kann einfach neicht Positives un eppes gesinn, wat sou staark Grenzen opbaut an dowéinst sinn ech géint dat nationaalt Schema wat an der Welt herrscht.”

“En Stéck Pabeier ze hunn mam roude Léiw als cover erlaabt mir et dat ech ouni Problemer an déi meescht Länner vun der Welt reesen kann, just well een*t vun mengen Elteren Lëtzebuerger*in ass. Well een duerch Zoufall an engem aneren Land gebuer ass, oder aus soss engem Grond en aneren Pass huet, huet een déi Chance net, mee vläicht souguer eng ganz Rëtsch Nodeeler.
Meng 2t Nationalitéit géif et mir erlaben och an Italien wielen ze kënnen opwuel ech net do wunnen an mech d’italienesch Politik guer net betrëfft. Gläichzäiteg kënnen hei zu Lëtzebuerg just déi Leit wielen déi en Lëtzebuerger Pass hunn an all déi déi en net hunn, dierfen dat net, obwuel si direkt vun den politeschen Entscheedungen betraff sinn.”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *