Sakura Kai

Kiischtebléie Gesellschaft

D’Kiischtebléien Gesellschaft (Sakura Kai) war en ultra nationalistesche Geheim-Bond deen sech am Kontext vun der japanescher Arméi am Joer 1930 entwéckelt huet. D’Kiischtebléi sollt dobäi d’Vergänglechkeet vum Liewen an déi eegen Opferung duerstellen, mat der d’Zaldote während hirem Kampf konfrontéiert goufen. Mee aus wei engem Grond huet dëse Bond sech gegrënnt?

No deem sech an der japanescher Arméi en enormen Onmut par Rapport zu der bestoender Partei-Politik (déi an hiren Ae korrupt war) breet gemaach hat, hunn den Hashimoto Kingoro an de Cho Isamu sech zesumme geschloss an dëse Bond gegrënnt.

Ugefouert gouf den Sakura Kai deemno och haaptsächlech vun hinnen, mee och vu weidere Membere vum japanesche Militär, déi ënner anerem duerch hire Mäerz Tëschefall an d´Geschichtsbicher agaange sinn: deemools wollten si mat engem 3 Punkte Plang Onroue provozéieren an sech dunn mat Gewalt un d’Muecht putschen. Hiert Ziel war et nämlech vir eng Militärdiktatur a Japan anzeféieren.

Dëse Plang konnten sinn awer net ëmsetzen an déi eenzeg Optioun déi sinn dunn nach haten, ware verschidde Vertuschungs-Versich déi de Verantwortleche méi geréng Strofen abrénge sollten. Mee och vun der éischter Nidderlag huet den Hashimoto sech net ofzeschrecke gelooss, an en zweete Versuch, den sou genannten Oktober Tëschefall, geplangt.
Dësen zweete Putschversuch war awer genau sou wéineg vun Erfolleg gekréint wei den éischten, wou duerch dunn et dunn och net weider verwonnerlech war, dass de Sakura Kai sech 1931 opgeléist huet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *