Projet de loi 6992

Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass …

Den 8. Februar 2017 gouf an der Chamber ee neit Immigratiounsgesetz (PdL 6992) gestëmmt, dat un Hypokrisie net z’iwwerbidden ass. Et ëmfaasst dräi Punkten. Éischtens dass Famillje mat Kanner amplaz 3 elo 7 Deeg am Centre de rétention agespaart gi kënnen, ier se expulséiert ginn. Den Menscherechtskommissär vum Europarot huet sech zwar nach virum Vote ageschalt, fir op den eklatanten Verstouss géint d’Mënscherecht-Charta hinzeweisen, mee den zoustännege Minister Asselborn huet sech net irritéiere gelooss. Aus “prakteschen Grënn” wier dës Virgoensweis noutwänneg.
Den zweete Punkt aus dem Gesetz ass d’Schafen vun der Méiglechkeet fir Supperräicher en titre de sejour kréien, wa se genuch Suen mat op Lëtzebuerg bréngen. Eng Openthaltserlaabnis gett et zB. bei enger Anlaag vun 500.000€ oder engem direkten Investissement an eng zu Lëtzebuerg ugesiedelten Fong.
Deen drëtten Punkt ass een Asylrecht fir grouss Konzerner: Si kréien d’Erlaabnis sech, inklusive hierer Chefetage, direkt zu Lëtzebuerg installéieren ze kommen, falls se anzwousch aanescht zB. vun enger Naturkatastrophe getraff goufen.

Zougestëmmt hunn Nieft der DP, der CSV an dem ADR och d’LSAP an déi Gréng – just déi Lénk hunn dogéint gestëmmt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *