Ons Heemecht an de Kräidprozess

Dës nei Versioun vun der Lëtzebuerger Nationalhymne sollt um Virowend vun Nationalfeierdag 2015 mat Kräid op d’Trape virun der Philharmonie geschriwwe ginn. Nom Mole vun ee puer Buschtawen, engem Police- an engem Pomjeesasaz, souwéi engem Geriichtsprozess gouf dës Kritik un der Natioun als “Geheie mat Géigestänn op ëffentlech Gebaier, mam Zil se knaschteg ze maachen” nom Artikel 557.4 Code Pénal mat Geldstrofe vu jeeweils 200€ veruerteelt. Déi Ugekloten, dorënner och Leit vu Jonk Lénk, sinn an Appell gaangen. (Info ënnert dem Link richtung22.org/kraidprozess )

Wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zitt
Den Auslänner kee Stëmmrecht kritt

Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht
An d’CSV am Bronge fëscht.

Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg blitt
Geet de Flüchtling zeréck an d’Krichsgebitt

Den Himmel Wäin ons mécht
an PWC d’Gesetzer sprécht

Dat ass onst Land, fir dat mer géif heinidden alles won,
Dat ass ee Land, dat kann een net ouni Alkohol erdroen.

Ons Heemechtsland dat mir sou déif an onsen Hierzer dron.
Ons Heemecht ass een Disneyland an d’Banken, déi hunn d’Soen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *