Linnen op Kaarten

Wéi am 19ten Joerhonnert Strécher op de Globus gemoolt goufen, op déi d’Leit haut houfreg sinn.

Déi meescht vun den aktuelle Landesgrenzen op der Äerd ginn zeréck op sougenannten “territorial Nei-Uerdnungen”. Op exklusive Konferenze setzen sech ee puer Mächteger mat engem Lineal virun d’Weltkaart an definéiere Grenzen am Bezuch op hier strategesch Interessen op. Déi haiteg Grenzen op der Welt erginn sech aus ganz fréie Verträg wéi zum Beispill aus der Opdeelung vun de Weltmierer tëscht Portugal a Spuenien 1493 duerch de Pobst Alexander VI., deen domat dat spéidert Brasilien zu Aflossgebidd deklaréiert huet. Oder och aus méi rezente Verträg, wéi dee vun der Yalta-Konferenz nom zweete Weltkrich, op der Europa nei opgedeelt gouf. Et sinn awer virun allem Verträg aus dem 19ten Joerhonnert, op déi vill vun den haitege Lännergrenzen zeréckzeféiere sinn – enger Zäit an der och de Begrëff “Natioun” erfonnt gouf.

De Wiener Kongress 1815
No der Defaite vum Napoleon goufen um Wiener Kongress praktesch sämtlech Grenzen an Europa nei gezeechent. Et ass dobäi net just em Grenzregioune gaangen, mee em d’Grënnung vun neie Staaten oder och komplett Em-Uerdnungen, wéi z.B. dass Norwegen net méi Deel vun Dänemark mee Deel vu Schweden ginn ass. Grenzen hunn deemools haaptsächlech de Besetz vu Monarch*inne markéiert. Sou hunn nieft den aflossräichste Kinnekshaiser Russland, Groussbritannien, Habsburg, Preussen an dem Kierchestaat bal 200 weider Staaten a Stied um Kongress deelgeholl.

D’Londoner Konferenz 1867
Déi franséisch Regierung ënnert dem Kinnek Napoleon III hat virgehat d’Festung Lëtzebuerg dem Kinnek vun den Nidderlanden ofzekafen. Doduerch gouf déi sougenannten “Lëtzebuergkrise” ausgeléist, well Preussen em d’Sécherung vu senger Westgrenz gefaart huet. Op der Konferenz vu London gouf sech da pragmatesch op d’Neutralitéit an d’Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg an d’Zerstéierung vun der Festung gëeenegt. De Joresdag vun dëse Verhandlunge gouf viru kuerzem nach zu Lëtzebuerg a Präsenz vun der englescher Prinzessin Kate gefeiert: Mat vill verzweiwelte Versich wéi eng Natioun eriwwer ze kommen.

Berliner Kongress (“Kongo-Kongress”) 1885
Wesentlech méi wäitreechend wor de sougenannte Kongo-Kongress op deem déi grouss Kolonialmächt sech den afrikanesche Kontinent endgülteg an offiziell ënnert sech opgedeelt hunn. Initiéiert vum belsche Kinnek Leopold an dem däitsche Reichskanzler Bismarck hu sech d’Belsch, Nidderlanden, Frankräich, Groussbritannien, Portugal, Italien, Däitschland a Spuenien getraff, fir hier “Course op Afrika” duerch gemeinsamt Opzeechne vu Grenzen ze beenden. Et ass déi nach haut am willkürlechst wierkend Opdeelung, déi d’Kolonialzäit och an der aktueller afrikanescher Politik um Liewen erhält.

Wat sinn déi haiteg Länner also méi, wéi d’Produkter aus wirtschaftlechen a strategeschen Iwwerleeunge vun aflossräiche Kinnekshaiser? Och Lëtzebuerg ass näischt aneschtes wéi een Zoufalls- an Nieweprodukt vu geopoliteschen Iwwerleeungen. Kënschtlech sinn net just d’Grenzen, mee och dat doduercher resultéierend Zougehöregkeetsgefill vu Leit innerhalb vun deene Grenzen – a béides Déngt virun allem dem Erhale vun der Muecht vun e puer wéinegen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *