Eng offiziell Legitimatioun

Interview mat enger lénker Persoun, déi ee lëtzebuergesche Pass ugeholl huet

Wisou hues du déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl?
Dat ass lo bal 20 Joer hier, an ech kann di genau Motivatioun net méi richteg retracéieren. Mee ech mengen, et war aus engem – deemools – eescht gemengten “Zugehörigkeitsgefühl”; ech sinn zu Lëtzebuerg gebuer, opgewuess, an d’ Schoul gaangen, an hu mat mengem “Ursprongsland” Italien just familiär Connectiounen, a keng vum Liewensalldaag. Ech hunn dat deemools scho komesch fonnt, dass ech dann an Italien hätt dierfe wielen, mee hei dann net.
Et war awer och bëssen aus Trotz: ech hu selwer ni grouss Diskriminéierungen erfuer, mee anscheinend gesinn ech wuel net “lëtzeboiesch” genuch aus; ech wollt deemools also och eng “offiziell” Legitimatioun hunn, fir Leit kënnen ze soen: Ech si vun hei, gëff eens!

Ech si vun hei, gëff eens!

Wat huet sech doduercher konkret fir dech an dengem Alldag verännert?
Éierlech gesot, sou direkt näischt, ofgesi wéi gesot, dass ech dann duerno hunn dierfe bei (all!) de Wahle participéieren.

Gouf et Reaktioune vu Leit aus denger Famill oder dengem Frënd*innenkrees?
Ech perséinlech hunn näischt Negatives vun der Famill/Frënd*innekrees dozou gesot kritt.
Just de Monsieur am Italienesche Konsulat huet dat net wierklech begréisst, an huet mer nach eng Ried gehalen, dass ech mer dat iwwerleeë sollt well et “onwiderruflech” wär. Dat huet mech net wierklech beandrockt.

War et komesch fir dech, eng Nationalitéit missen ofzeginn? Häss de léiwer déi duebel Nationalitéit geholl?
Ech mengen deemools hätt ech léiwer déi duebel gehat, mee dat goung deemools nach net. Mëttlerweil ass et mer schnurz. Well ech jo ni an Italien gelieft hunn, an et och net onbedéngt aktuell vir hunn, ass et ok, sou wéi et ass. Mëttlerweil reflektéieren ech di ganz Nationalitéitssaach och ganz anescht wéi deemools; ech hu laang am Ausland gelieft a fille mech bëssen iwwerall wéi en “Ex-Pat” well dat “Nationalgefill” mer abhande komm ass bzw. ech dat ni sou gefillt hunn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *