Eng nationalistesch Sprooch

Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg.

Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen.

Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun?

An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.

D’Iwwerliewen vun der Natioun? Wierklech?

Zur praktescher Diskussioun hu riets Ideolog*innen näischt bäizedroen. Trotzdeem probéiere sech hei op eemol Leit ze profiléieren, déi weder Sproochenexpert*inne sinn, déi an hirem Alldag oder op der Aarbecht ni mat dëse reale Problemer konfrontéiert a weder un Integratioun nach u praktesche Léisungen interesséiert sinn. Op et d’Initiative Nee2015.lu, d’Alternativ Demokratesch Reformpartei oder d’Patriot*innen aus de Bistroen an de soziale Medie sinn – rietse Brandstëfter*inne geet et dorëms, sachlech Debatten ze verhënneren. Si briechen de Problem bewosst op d’Fro vum Lëtzebuergeschen erof, emotionaliséieren d’Debatt a stiliséiere se zur Iwwerliewensfro vun der Natioun héich, déi vu baussen attackéiert gi géif. Sou soll eng Basis fir e Kulturkampf géint net-lëtzebuergesch Sproochecommunautéite geschafe ginn.

Och zu Lëtzebuerg hu Leit berechtegterweis Zukunftsängscht. Ëmmer méi Leit gi finanziell ofgehaangen, de Wunnengsnoutstand gëtt méi grouss an déi ongläich Verdeelung vu Räichtum gëtt ëmmer méi schlëmm. Dat zu Lëtzebuerg erschafent Finanzmonster dréint sech lues awer sécher och géint déi lokal Bevëlkerung. Elo wieren nei Weeër an d’Solidaritéit tëschent allen Betraffene gefrot. Mam Burka-, Réfugié-e-s- oder Sproochenthema gëtt awer och queesch duerch déi etabléiert Parteie probéiert, vun de wierklechen Ursaachen ofzelenken. Déi riets Strategie ass et, an onsécheren Zäiten déi Schwächst an déi, déi sech net wiere kënnen, zu Schëllegen ze maachen – a sou Muecht ze gewannen oder z’erhalen.

Rietsextremismus an Nationalismus bekämpfen.

Lëtzebuerg ass ufälleg fir riets an nationalistesch Iddien. De Referendum zum Awunner*innewahlrecht huet gewisen, dass sech och hei séier eng Majoritéit fënnt, déi op riets Parolë lauschtert an da bereet ass, géint d’Rechter vun hiren eegenen Noperen*eschen ze stëmmen. Eis Aufgab ass et elo, dem Rietsextremismus konsequent entgéintzetrieden a parallel all déi Betraffe fir de Kampf fir méi eng gerecht Welt zesummenzebréngen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *