Energie fir eng progressiv Gesellschaft

Interview iwwer d‘Erausfuerderungen u lénke Separatismus an Europa.

Déi schottesch an déi katalanesch Onofhängegkeetsbestriewunge sinn zwee Mouvementer, bei deenen d’Virstellung vun enger “Staatsgrënnung” haaptsächlech vu lénken Iddie gedroe gëtt. Zentral sinn d’Iwwerleeunge ronderëm eng nei Selbstorganisatioun.

D’Tessy war fir säi Studium éischt zu Glasgow, dann um Erasmus zu Barcelona an elo och fir de Master zu Barcelona. Hatt kruut doduerch direkt zwee separatistesch Beweegungen an divers Referendumskampagne mat: De schotteschen Onofhängegkeetsreferendum am September 2014, déi zu engem Referendum iwwer d’Onofhängegkeet ëmdeklaréierte Wahl vum katalanesche Regionalparlament am September 2015, de Brexit-Referendum am Juni 2016 an elo d’Virbereedungen zu engem neie Referendum a Katalounien.

Du hues a Glasgow studéiert, zur Zäit vum schotteschen Onofhänegkeetsreferendum. Huet dech d’Thema interesséiert, hues du dech selwer betraff gespuert?
Tessy: Jo, absolut! D’Uni zu Glasgow ass eng extrem ‘diverse’ Uni, dofir kéint een unhuelen, dass schottesch a britesch Politik nitt sou wichteg um Campus ass, allerdéngs ginn et extrem vill politesch engagéiert Organisatioun, déi de Referendum souzesoen zum Alldagsthema gemaach hunn. Ech mengen ee wichtege Schrëtt derzou, dass souvill Leit sech derfir interesséiert hunn, wor d’Reegel, dass nitt nëmme Leit mat schotteschem Pass, mee jiddereen*t, dat/deen zum Zäitpunkt vum Referendum 24 Méint a Schottland gewunnt huet, d’Recht hat ze wielen. Fir den Zäitpunkt vum Referendum wier ech genau 24 Méint a Schottland gewiescht, dat heescht all déi Leit, déi mat mir ugefaangen hu mat studéieren, waren an der selwechter Situatioun.

De White Paper, deen d’SNP du verëffentlecht huet, wor a mengem Bekanntekrees extrem beléift – en wor immens einfach ze kréien, relativ komplex, an huet vill Punkten ugeschwat, ënner anerem “free education”, déi bei halbwegs progressiv-denkende Student*innen vill Resonanz fonnt huet. Hätt ech meng Zukunft a Schottland gesinn, wier ech och sécher matwiele gaangen.

Doriwwer eraus ass d’Uni zu Glasgow bekannt fir hier “Debate Society”, dat heescht zum Thema vum IndieRef gouf et op der Uni eng Reih hëtzeg, awer immens gutt strukturéiert a moderéiert Debates zu enger méiglecher Onofhängegkeet vu Schottland, dee menger Meenung no den Interêt nach eng Kéier amplifiéiert huet. An dono hunn ech mat engem Schott zesummegewunnt, deen aktiv fir d’SNP war, an doduerch krut ech och do nach allerhand mat.

 D’SNP huet de Begrëff vun “Nationalismus” hipp gemaach

Dat kléngt, wéi wann et eng kloer Preferenz ënnert de Studéirende fir d’Onofhängegkeet gouf? Gouf iwwer Nationalismus geschwat a wéi waren do d’Meenungen?
Tessy: Wann ech mech net ieren, war Glasgow och deemools vun dee Stied, déi, déi deen héchste Prozentsaz fir de ‘Yes’ hat…et goufe puer vereenzelt Tories, mee déi goufen esou rofgemeet – D’Thatcher setzt de Schotten nach ëmmer am Mo – dass ech mengen, dass d’Nee-Voter a mengem Ëmkrees einfach geduecht hunn, et ass besser näischt ze soen. Mee soss ënnert menge Kollege gouf et eng extrem Preferenz fir den “Jo”. Vereenzelt gouf et kritesch Stëmmen, fir Leit, déi mam Argument koum sinn “mir wëllen anescht si wéi d’Englänner*inne”, de Gros vun de Leit huet sech éischter vun enger méi progressiver Virstellung vum Land verféiere gelooss, wéi vu blannem Nationalismus.

Et war eng immens politiséiert Zäit, mat enger immens “tense” Stëmmung an der Loft, mee generell hunn ech kaum Rassismus oder Chauvinismus materlieft. An d’SNP huet de Begrëff vun “Nationalismus” allgemeng hip gemaach, déi éischter mat der Virstellung vu Selbstbestëmmung verbonne war, wéi mat den negative Conotatiounen, deen de Begrëff kann hunn. Wierklech kritesch Stëmme géintiwwer verfeelten Ambitioune wéinst dem Referendum, e.g. iwwersteiertem Nationalismus hunn ech eréischt vu Kollegen ee Joer nom Referendum héieren.

Mam Brexit gouf et direkt een zweete Referendum, dee jo u sech och ronderëm d’Fro vun der “Selbstbestëmmung” gedréint huet – an deem Schottland sech allerdéngs fir den “Remain” entscheet hat. Wéi krus du déi Campagne am Géigesaz zum Indyref mat?
Tessy: Während der Campagne hunn ech nitt an der UK gewunnt – mee natierlech hunn ech weiderhi mat Kolleg*inne geschwat. Wéi virdru gesot, d’Uni zu Glasgow huet extrem vill Studéirender vun ausserhalb, an vu dass et fir Studenten aus der EU keng Studiengebühre ginn, si vill vun deene Student*innen aus der EU, an hate keng “Incentive” fir sech, respektiv hier Kollegen do rauszekicken. Während et am IndyRef vill Debaten iwwer d’Politik an d’Zukunft vu Schottland goung, war et beim Brexit éischter eng Trotzhaltung géigeniwwer dem Cameron an den extrem (schlecht) populistesch gefouerte Campagnë wéi der UKIP (genau wéi d’Thatcher ass den Nigel Farrage sou eppes wéi eng persona non grata a Schottland).

Natierlech gouf et Gespréicher iwwer d’EU an op d’Institutioune wierklech dat maachen, waten se sollen – do hu vill Leit mam Jeremy Corbyn senger Astellung sympathiséiert – mee am grousse Ganze si meng Kolleg*innen dervun ausgaangen, dass de Brexit nitt méiglech wier.

Lo bass du a Barcelona a kriss mat der Katalanescher Separatistebeweegung eng zweet Beweegung mat, déi zum Zil huet een neien europäesche Staat ze grënnen. Wat sinn d’Ënnerscheeder zu dengen Erfarungen a Schottland?
Tessy: Ech krut déi Stëmmung zu Barcelona jo och zweemol mat….par rapport zu virun 2, 3 Joer, ass se zimlech abgeflaut. D’Schott*inne waren immens politiséiert am Virfeld vun deene jeeweilege Voten, während et bei de Katalan*inne méi een “Rund-Um-Die-Uhr” Status ass, an den Diskurs extrem, extrem emotional gefouert gëtt. Falls ee mol eng kritesch Fro stellt, fillen si sech och extrem schnell ugegraff, well se all d’Kritik aus ganz Spuenien gewinnt sinn, an direkt engem wëllen ënnerstellen, et wéilt een hinne Béises. Mee generell sinn hier Demonstratiounen déi ech matkrut, immens positiv an immens ergräifend.

Nationalismus ass fir vill Lénker een absoluten Albdram, deen an dem Erstaarke vun nationalistesche Parteie wéi dem Front National oder och der dänescher Vollekspartei an Europa wouer gëtt. Wéi gesäis du d’Thema Nationalismus op Basis vun deene Campagnen, déi’s du matkrus?
Tessy: Ech hunn de katalaneschen Nationalismus eng laang Zäit als extrem positiv opgeholl, a si gären op der “Independencia” Well matgeschwommen. Mëttlerweil schwammen awer eng gutt Partie Politiker vum rietse Bord op der Well mat – fir all Kritik déi si kréien, äntweren si mat “dir wëllt just d’katalanesch Onofhängegkeet nitt, dofir sidd dir géint mech.” Ech sinn extrem ugeekelt vun deem Phänomen, mee ech fannen, dass vill Lénker a Katalounien deen Deel Nationalismus komplett ausblennen. Ech wor lo vill a klengen Dierfer a Katalounien, an do ass och eng extrem Stëmmung en Faveur vun der Onofhängegkeet, obwuel si déi Entscheedung just periphäer géing treffen – dat huet mir bëssen d’Aen opgemaach, an ech stinn dem Katalaneschen Nationalismus vill méi kritesch géintiwwer wéi villäicht nach no der éischter Manifestatioun. Ausserdeem denken ech dass den ugekënnegte Referendum vum 1. Oktober haaptsächlech eng Masch vum Puigdemont ass fir erëmgewielt ze ginn.

Sou, mee lo allgemeng zum Nationalismus: ech denken, béid Katalounien an Schottland leiden extrem vill duerch déi konservativ (an deelweis richteg inkompetent) Regierungen, déi d’UK a Spuenien leeden. Ech denken, eng Onofhängegkeet wier fir béid Länner eng positiv Entwécklung a géif vill positiv Energie lasstriede fir eng “progressiv” Gesellschaft. Ech sinn och allgemeng der Iwwerzeegung, dass kleng Länner an eisem momentane politesche Kontext, vill méi einfach ze geréiere sinn an dofir “erstriewenswäert”. Allerdéngs mengen ech, dass besonnesch Katalounien d’Gefor vun Nationalismus total ënnerschätzen, an dass dat zu zimlech eeklege Situatioune féiere kéint.

Wou ech am Baskenland wäer, souzesoen dem europäeschen “Urgesteen” vum Nationalismusgefill, huet eng Baskin zu mir gesot: “Et ass schéin no Onofhängegkeet ze ruffen, schlussendlech mëscht déi awer just Sënn, wann dat bedeit, dass et ee wierkleche politeschen Ëmbroch gëtt. An politeschen Ëmbroch bedeit nitt, déi selwecht korrupt Politiker an der Versioun “Republik”.” Domat huet hat mengen ech een zimlech wichtege Saz gesot, an eppes, wat d’Zukunft vum lénken Discours wäert/sollt sinn: wéi gesäit eng Post-Natioune Gesellschaft aus? An der momentaner politescher Realitéit gesinn ech also, dass Onofhängegkeet béide Länner géing Guddes doen, allerdéngs dierft dat keng Endstatioun sinn, mee éischter ee weidere Gedankenustouss iwwer wéi een eng Gesellschaft wierklech soll “organiséieren” an op Natioune wierklech Sënn maachen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *