Emma Goldman

E Kampf géint de Patriotismus

D´Emma Goldman, wat am Joer 1869 zu Kowno (haut Litauen) gebuer gouf, war Zäit hires Liewens eng engagéiert Aktivistin, Anarchistin an Feministin. Mee firwat huet d´Emma Goldman dëse Wee ageschloe gehat?

Schon séit fräister Kandheet huet hat geleiert wat et heescht, a batterer Aarmut ze liewen: mat 13 Joer muss hat schaffe goen, well d’Elteren d’Famill nëmmei iwwert d’Ronne brénge kennen. Dëse Fait huet sech awer och no der Emigratioun an d’USA net geännert: och do huet hat ënner inhumane Konditioune misse vir en Hongerloun schaffen.
Mee grad des Zéit war eng vun de prägendsten Etappen am Liewe vum Goldman: et war déi Zéit, an der hir kloer ginn ass, wei vill Muecht d‘Politiker an d‘Bourgeoisie hunn a wei staark sinn déi Muecht och vir sech ausnotzen.

Vir géint des Mëssstänn kenne vir ze goen, huet hat sech enger anarchistescher Beweegung ugeschloss a regelméisseg un Kundgebungen deel geholl vir d’Leit zu méi Widderstand opzeruffen. Regelméisseg huet hat sech géint d‘Militäriséierung, vir Fraen-Rechter a vir méi Fräiheet a gesat. Zudeem huet hat sech ganz kloer géint de Patriotismus ausgeschwat, wat virun allem am Buch Patriotism, a Menace to Liberty däitlech gëtt.

Patriotism, a Menace to Liberty

An dësem Buch stellt hat sech als éischt mol d’Fro wat Patriotismus ass. Sinn et all déi schéin Erënnerungen un eng Platz, un Momenter déi mir an eiser Heemecht erlieft hunn? En Evenement war mir a Relatioun mat enger bestëmmter Platz setzen? Wann dat Patriotismus wier, da wieren net vill Amerikaner*inne Patriot*innen. Well wéi vill gutt Erënnerunge kann ee Mënsch schonn hunn un seng eegen Heemecht hunn, wann en de ganzen Dag an enger stéckeger, däischterer Fabrick schafft.
Zudeem fördert de Patriotismus eng Mëssgonscht zwëschen den eenzelen Natiounen, well all Natioun sech vir déi bescht ënnert de beschten hält. An des bescht Natioun muss sech natierlech verteidegen, noutfalls och mat de primitive Mëttele vum Krich. Sou zumindest argumentéieren des sou genannte Patrioten (well natierlech alles erlaabt ass, sou laang een am Déngscht vu senger Patrie steet).

D’Konsequenz vun dëser “Mir mussen eis em all Präis verteidegen an dowéinst sou vill wei méiglech Suen an d’Oprüstung stiechen Mentalitéit”, ass dann och net schwéier ze erroden: déi Suen déi a Schëffs-Flotten a Waffe gestach ginn, kréien déi kleng Bierger (déi souwisou schonn um Existenz Minimum liewen) dann nach eng kéier manner, well vir déi dann natierlech neicht méi vir sinn iwwereg bléift (a vun den Traumata déi d’Zaldote während hire Krichs Asätz dovun droe scho mol guer net ze schwätzen). Soumat ass de Patriotismus och oft un de Militarismus gekoppelt.

Souguer d’Kanner gi scho mat militaristeschem a patrioteschem Gedankegutt gefiddert, vir dass se dono och zu gudde Patrioten erun wuesse kënnen. Eng geféierlech Entwécklung, déi et ze verhënnere gëllt.

Mee wei kann een sou eppes verhënneren, wann een dem Goldman sengem Konzept gleeft? Wat een hirer Meenung no brauchen, ass Solidaritéit zwëschen de Länner, zwëschen de Mënschen, an net eng stänneg Konflikt Situatioun an eng Ofkoppelung vun eneen. Well nëmme wann mir a Bridderlechkeet zesumme liewe kennen, kënne mir a Fräiheet liewen, an zwar ouni de Patriotismus. An vir och schonn de Kanner dat bei ze bréngen, muss een dat edukativt Konzept iwwerdenken. Sou zumindest war deemools dem Emma Goldman hir Opfaassung, eng Opfaassung déi deemools oft op Onverständnis gestouss ass.

Net seelen ass hat vir seng Rieden an seng Schrëfte verhaft ginn, well dat net an dat streng konservatiivt Weltbild gepasst huet. Mee och dovun huet hat sech net beaflosse gelooss an hir Zieler konsequent duerch gezunn, bis zu hirem Doud am Joer 1940.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *