D’Selbstbestëmmungsrecht

Wien ass iwwerhaapt d'”Vollek”, dat der UN no d’Recht op ee Staat huet?

D’Vereenten Natiounen hunn an der Menscherechts-Charta en “Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker” festgeluecht. E Vollek huet der Charta no d’Recht iwwert säi politesche Status, seng sozial, kulturell a wirtschaftlech Entwécklung ze bestëmmen: Dat heescht ee Staat ze grënnen. Allerdéngs gouf keng Definitioun vun deem mat geliwwert, wat dann elo iwwerhaapt ee Vollek ass. Dat nämmlecht gelt fir d’Definitioune vun “Ethnie” an “Natioun”, déi praktesch Synonymmer vu “Vollek” sinn, a bei deenen och keen*t erkläre kann, wien lo eigentlech dobäi gehéiert a wien net. Wien sollen d’Staatsgrenzen dann elo ëmfaassen? Wiem sollen se d’Recht ginn, sech z’entwéckelen? Hei eng Iwwerpréiwung vun de gängegsten Agrenzungs-Usäz.

Solle Grenzen eng Natioun ëmfaassen? China huet offiziell 56 Natiounen.

Solle Grenzen eng Ethnie ëmfaassen? Soe mer, d’Ethnie wier eng Zereckféierung op eng geografesch Ofstamung: Ennerdeeler mer d’USA dann a lauter Fragmenter je no Hierkonft vu sengen Awunner*innen? Kréien d’Sorben, d’Friesen an d’Däne vun Däitschland dann een Territoire ofgestrueden? Sinn d’Bewunner*inne vu Wallis a Futuna net eigentlech Polynesier? Kloer ass emmerhin, dass mer eis Lëtzebuerg da spuere kéinten.

Solle Grenzen eng Sproochegemeinschaft ëmfaassen? Dann kréie mer dem Max-Planck-Institut no 6500 bis 7000 Staaten. Alleng Papua-Neuguinea misst sech an 100 Deeler splécken. Oder uerdne mer d’Länner ënnert deene gréisste Sproochgemeinschaften zesummen a kréien sou zum Beispill een eenheetlechen arabeschsproochege Staat, een eenheetlech spueneschsproochege Staat an een eenheetlech engleschsproochegen?

Solle Grenzen eng Kultur ëmfaassen? Mee wat ass eng Kultur? Lidder, Melodien an Dänz? Architektur? Kleeder an Iessgewunnechten? Ritualer? Misste mer dann net éischter Staaten fir Hippien a Hipster schafen, wéi fir Schwed*innen an Norweger*innen?

Solle Grenzen Reliounsgemeinschaft ëmfaassen? Fir den aktuellen indesche President ass Indien d’Land vun den Hindu, hien huet allerdéngs Problemer, dat den 240 Millioune Moslems z’erzielen, déi an Indien wunnen.

Oder erginn sech Grenzen aus der Geographie? Ëmmerhin ass Australien als Kontinent e Staat. Neiséiland ass eng Insel an ee Staat, Malta och. Et gëtt Grenzflëss, Mierer a Gebiergsketten, déi Länner vuneneen oftrennen. Mee geet d’Musel als Ofgrenzung duer? Op wéi enger Säit vum Bosphorus ass dann elo d’Tierkei? Den Ural trennt Europa an Asien, bréngt et awer net fäerdeg aus Russland zwee Staaten ze maachen.

Mënscherechter amplaz Vëlkerrechter!

Vill Froen, op déi et nimools eng Äntwert gi kann. D’Iwwerleeunge weisen awer, dass et virun allem eng grouss Gefor gëtt, de Begrëff “Vollek” an dat Selbstbestëmmungsrecht vun engem Land ze mëssbrauchen. Mat Begrëffer, déi grad sou schwammeg wéi dee vum Vollek sinn, gëtt versicht Ënnerscheeder an Trennungen ze fannen.

Amplaz dass sech also op dat näischtsoend Selbstbestëmmungsrecht vu Vëlker bezu gi sollt, misst d’Selbstbestëmmungsrecht vun all eenzelnen an de Virdergrond kommen. All eenzelne muss d’Recht hunn sech sozial, kulturell a wirtschaftlech z’entwéckelen. Ween “all eenzelnen” ass, ass nämlech am Géigesaz zu de “Vëlker” kloer.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *