Dat hannerhältegste Land op der Welt.

Wéi Tricks mat Grenzen dëst Stéck Buedem zu enger richteger Natioun maachen.

Lëtzebuerg huet zanter senger Erfindung Problemer domat, sech als Natioun ze spieren. Also ginn ëmmer nees Weeër gesicht, vir géint dës Mannerwäertegkeetskomplexer virzegoen.

D’Politik huet Komesches proposéiert fir d’Patriot*innen ze berouegen: De blatzegen hollännesche Fändel sollt zum Beispill duerch ee Ritterbuergen-Léiw ausgetosch ginn. Den hei vun engem Deel vun den Awunner*inne geschwaten däitschen Dialekt kritt lo eng offiziell Grammatik a soll dann och Nationalsprooch ginn. D’Hymne, bei der een net erwäne sollt, dass se vun engem Auslänner komponéiert gouf, soll geschwënn Verfassungsrang kréien.

Dass dat net duer geet, fir d’Nervositéit ze calméieren hätt misse kloer sinn. Kee Wonner also, dass 80% vun de Wieler*innen aus Panik géint d’Wahlrecht vun hiren “Do-steet-net-luxembourgeoise-am-Pass”-Nopeschen a Nopere stëmmen. Elo probéiert et d’Regierung mat méi moderne Konzepter: Mat Nation-Building an enger hipper Graffiti-Wand um Knuedler. Et gëtt sou gemaach, wéi wann d’Geschicht scho laang virum Mëttelalter rout-wäiss-blo gewiescht wier, also praktesch 1000 Joer ier de Begrëff “Natioun” iwwerhaapt verwent gouf. De Jang de Blannen huet also ee lëtzebuergesche Pass a senger Rüstung mat sech ronderëm gedroen. Hëllefe soll och ee Bléck an de Stadsgeschichtsmusée, Pardon, an d'”The Luxembourg-Story”, rout-wäiss-blo Konschtinstallatiounen an d’Ausschaffe vun enger neier Corporate Identity, also engem Logo fir d’Firma Lëtzebuerg. Scho lo gëtt siichtbar, dass dat alles awer näischt bréngt, dat alles wierkt schlussendlech awer iergendwéi opgesat a kënschtlech.

Déi Responsabel fir d’lëtzebuerger National-Empfindlechkeete sollten dowéinst elo ëmdenken. Amplaz aus regionaler Kultur a Geschicht iergendeppes versichen erauszequetsche wourop een*t “stolz si kann” kéint sech einfach op déi Aspekter bezu ginn, bei deenen d’Grenze ronderëm dëst Stéck Buedem wierklech en Impakt hunn. Finanzplaz-Patriotismus – Let’s make it happen.

Souveränitéits-Nischen
Lëtzebuerg huet als souveräänt Land d’Recht Gesetzer a Kraaft trieden ze loossen. Dës Méiglechkeet ass näischt aneschtes wéi den neiste Geschäftsmodell vum Land. Lokal ginn zwar keng Gesetzer iwwert de steierfräien Handel mat Konschtwierker, iwwert de Resourcenofbau duerch Privatfirmaen am Weltraum oder och zur Aféierung vun alternativen Investmentfonge gebraucht – mee international gëtt et Konzerner, déi grad eng Plaz sichen, wou eng national Souveränitéit si (juristesch) schützt. Hei kréien d’Lëtzebuerger Grenzen op ee mol eng global Unerkennung.

Tanktourismus
Tëscht villen europäesche Staaten ass d’Iwwertriede vu Grenze kaum nach ze spieren – just zu Lëtzebuerg ass et anescht. Duerch déi héich Unzuel vun Tankstellen un all nach sou klengem Grenziwwergank ass fir d’Siichtbarkeet vun der Lëtzebuerger Grenz gesuergt. Wéi schonns bei de Souveränitéitsnische sinn och hei eis Grenzen eise Geschäftsmodell, Taxen op Bensin, Kaffi an Zigarette ginn erof gesat a schonn interesséieren sech vill méi Leit fir d’Lëtzebuerger Eegenheeten.

Grenzgänger*innen
E weideren Trick fir méiglechst ville Leit ze weisen, dass Lëtzebuerg eng eegestänneg Natioun ass, ass et se ze zwéngen d’Land all Dag ze verloossen an deen nächste Moien hei nees opzekräizen. Eis Landesgrenze ginn zum Ennerdréckungsinstrument well geschwënn d’Hallschent vun de Leit, déi hei schaffen net hei ugemellt sinn: also och hei net matschwätzen däerfen an och net eise Problem sinn, wann se hire Job verléieren. D’Frontaliere wëssen also ganz genee, dass Lëtzebuerg een eescht ze huelend Land ass, se spieren et all Dag.

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *