What is work? Baby don‘t hurt me

Wann ech Leit erzielen, woumatter ech meng Suen verdéngen, ass d‘Reaktioun meeschtens eppes am Stil vun „Ah, dat ass jo mega cool, datt s du deng Passioun zum Beruff konnts maachen“.

An dat stëmmt, mä iergendwou stëmmt et och net. Ech hu schonn als Jugendlechen ugefaangen, journalistesch ze schaffen. A wann ech „schaffe“ soen, mengen ech an dësem Kontext onbezuelten, fräiwëlleg Aarbecht. Also dat, wat een normalerweis een „Hobby“ nennt. An iergendwann hunn ech een „Job“ an deem Beräich kritt, deen e bëssen Suen erabruecht huet, mä d‘Zomm war éischter symbolesch. Mat der Zäit sinn d‘Aufgaben gewuess, d‘Zomme si méi héich ginn an ech hu festgestallt, datt ech mäin „Hobby“ net méi konnt als Fräizäitbeschäftegung ugesinn: Et war zwar nach ëmmer dat selwecht, mä d‘Uspréch – meng an déi vun deenen Leit, mat deenen ech zesummeschafft hunn – hate sech verännert.

Ech konnt mäin  „Hobby“ net méi als Fräizäitbeschäftegung ugesinn

Déi Evolutioun ass esou weider gaangen, haut hunn ech dräi verschidden Aarbechtsgeber*innen, an ech maachen nach ëmmer virun allem dat, wat ech sou laang a menger Fräizäit gemaach hunn: Texter schreiwen. Mä mëttlerweil gehéiert zu bal all Medienjob och d‘Betreiung vu social media-Accounts – an do fänkt et schonn un, schwiereg ze ginn: Wann ech elo op Facebook sinn, schaffen ech dann oder sinn ech a menger Fräizäit op der Plattform? Oder vill méi banal a ganz ouni Pseudo-Social-Media-Kritik: Wann ech moies de Radio lauschteren, fir ze wëssen, wat grad op der politescher Dagesuerdnung steet – ass dat scho Recherche fir de nächsten Artikel oder informéieren ech mech einfach just?

Ech hunn nach keng Äntwerten op déi Froen. Vläicht wäert ech se ni hunn. Ech wiere mech dogéint, just déi Saachen „Aarbecht“ ze nennen, fir déi ech Sue kréien. Well mäin Aktivismus (deen zum Deel Medienaktivismus ass), mäin Haushalt a meng tëschemënschlech Bezéiungen sinn och Aarbecht. Mä just well ech dat weess, sinn ech awer net manner duercherneen, wat d‘Trennung vu menger Fräizäit a mengem Suen-Verdéngen ugeet.
D‘Iwwergäng sinn fléissend, an ech froe mech, ob ech einfach „Chance“ hunn an dofir dat Verschwammen akzeptéiere muss, oder ob dat awer een Trend ass, dee ganz onofhängeg vu „mäin Hobby ass mäi Beruff“ opkënnt: Et g
ëtt jo net wéineg Leit, déi sech Aarbecht mat heem huelen (mussen), déi stänneg mat hirer Aarbecht kommunizéieren oder de Social-Media-Account souguer nach vun der Plage aus betreien. An ech mierke schonn, datt et een Nodeel ass, datt ech meeschtens vun Doheem aus schaffen a meng Fräizäit sou och dacks net onbedéngt raimlech getrennt vu menger Aarbecht ofleeft. Ee Grond, wisou vill Freelancer*innen sech an en hippe Café setzen an do schaffen. Dat ass awer och net fir jiddereen*t eng Alternativ.

D‘Flexibiliséierung vum ganz perséinleche Schaffdag heescht eben net nëmmen d‘Fräiheet, sech selwer anzedeelen mä och de Fluch, sech selwer andeelen ze mussen. Natierlech sinn ech net ëmmer immens gutt doranner, anzeschätzen, ob déi neisten Netflix-Serie net awer méi wichteg ass wéi deen Artikel, un deem ech eigentlech grad sëtze sollt – oder ob et eng gutt Iddi ass, eng Paus ze maachen a mat Kolleg*innen op e Kaffi ze goen. Natierlech maachen ech gäre Witzer iwwer Prokrastinatioun – mä dacks heescht „living the dream“ eben och, flexibel sinn ze mussen a séier op een Optrag reagéieren ze kënnen. Wéi dacks kann ech iwwerhaapt soen „Nee, dat kréien ech net hin“, bis ech guer net méi gefrot ginn? Kann ech mir et finanziell iwwerhaapt erlaben, „Nee“ ze soen?   

D‘Flexibiliséierung vum ganz perséinleche Schaffdag heescht eben net nëmmen d‘Fräiheet, sech selwer anzedeelen mä och de Fluch, sech selwer andeelen ze mussen

A wat wier dann d‘Utopie? Wann ech mir eng Welt virstellen, wou keen*t méi schaffe muss, mä jiddereen*t einfach dat schaffe kann, wat him am Beschte läit, da géif ech wahrscheinlech nach ëmmer zimlech dat selwecht maache wéi elo. Ech géif mech awer op méi kënschtleresch, artistesch Aspekter konzentréieren. Oder ech hätt Ressourcen, fir endlech déi Recherchen ze maachen, vun deenen ech scho länger dreemen. Vläicht kéint ech einfach mol eng Woch näischt maachen, ouni e fuerchtbar schlecht Gewëssen ze hunn, vläicht kéint ech mäi Weekend op deenen Deeg hunn, ob deenen anerer Leit hiren och hunn.

Ech well net falsch verstane ginn: Ech schätzen meng Chance, sou zimlech dat maachen ze kënnen, wat emol mäin Hobby war. Ech si frou, keen Job maachen ze mussen, deen mir guer net gefält an deen ech haassen. Mä dat sollt awer net dovunner oflenken, datt de Kapitalismus mech genee esou am Grëff huet wéi bei all anerem Job. An eben och, datt déi vermeintlech Fräiheet guer net esou grouss ass, wann een*t all déi Zwäng dobäirechent, déi domadder eben opkommen. Fir eis als jonk Lénker gëllt et also, eis Iddi vun deem, wat „Aarbecht“ ass a wéi se kann ausgesinn ze verbreeden an der Realitéit unzepassen. An dann musse mir all zesummen fir eng Welt kämpfen, wou mir eis aussiche kënnen, wat mir schaffen, wéi laang a wéi dacks mir schaffen an zu wat fir enge Konditiounen mir dat maache wëllen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *