Wéi vill Stonnen an der Woch wëllt dir (spéider) eng Kéier schaffe goen?

Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp.

Ech géif am léifsten 20 bis 30 Stonnen d’Woch Lounaarbecht maachen an de Rescht vun der Zäit u spannende Projeten schaffen, mech selwer verwierklechen an d’Liewe genéissen. Natierlech wëlle mir all eng erfëllend Aarbecht, mä et ass seele gutt, sech op eng Saach ze konzentréieren, d.h. och bei deene beschten Aarbechtskonditiounen ass eng limitéiert Zäit sécher vu Virdeel.

Ech schaffen am Moment 40 Stonnen d’Woch an engem Beräich, dee mer guer näischt seet an do sinn 40 Stonnen definitiv ze vill. An engem Beräich, deen ech gären hunn a passionéiert sinn, kéint ech mer awer virstellen, 30/40 Stonnen d’Woch gären ze schaffen.

Ech géing am léifsten net méi wei 25 Stonnen d’Woch schaffen, och wann ech dat wat ech maache gären a mat Häerz maachen; mä Zäit fir eege Projeten, Energie fir mech nach niewebäi ze bilden an och einfach mol Zäit fir mech ze hunn an heiansdo einfach mol näischt ze maachen si fir mech einfach essentiell fir mäin Wuelergoen a meng psychesch Gesondheet.

Ech géif am léifsten net méi wei 30 Stonnen d’Woch schaffe fir genuch Zäit niewebäi fir mech ze hunn (eege Projeten, liesen, weiderbilden, soss Hobbyen). Ech denken och, dass ech net méi laang an der Woch op Dauer wierklech produktiv ka sinn. Also léiwer e bësse manner schaffen an dofir méi intensiv! Ech ka mer och gutt virstellen, déi 30 Stonne sou opzedeelen, dass ech nëmme 4 Deeg maximal an der Woch schaffe muss.

Also ech géif gären 30 Stonnen schaffen. Ech verstinn zwar, dass et Leit ginn, déi fir hir Aarbecht liewen an hir Erfëllung och dodra fannen, mä éischtens ass dat net bei jidderengem de Fall, an zweetens muss e gesonden Ausgläich (a wéi enger Form och ëmmer) niewent der Aarbecht trotzdem nach gi sinn. Dofir géif ech léiwer manner Stonnen schaffen, awer dofir mat méi Motivatioun an Energie.

Ech schaffe gär (méi wéi) 40 Stonnen an der Woch: Awer sou mann wéi méiglech just fir Suen an sou vill wéi méiglech fir d’Revolutioun 🙂 Am Moment kréien ech 20 Stonnen/Woch bezuelt an hunn domat genuch Suen zesumme vir ze liewen – allerdéngs geet iwwer d’Halschent eleng fir Loyer drop. Mengen 3 Deeg/Woch à 6 Stonne “regulär” Aarbecht wier mäin Ideal.

Souvill dass ech gemittlech liewen kann. Wéi vill Stonnen kann ech elo nach net soen. Hänkt och vun der Aarbecht of. Ganz éierlech géif ech léiwer guer net schaffen goen an just dat maachen, op wat ech Loscht hunn.

Ech hätt kee Problem, méi wéi 40 Stonnen d’Woch ze schaffen, soulaang ech decidéieren kann, wat déi Aarbecht ass. Mat engem “normalen” Job fannen ech datt eng 20-25 Stonnen Woch et engem misst erlaben, och nach e Liewen niewent dem Job ze hunn an denken, datt dat erstriewenswäert sollt sinn.

Ech weess net, ob ech well genuch “Beruffserfarung” hu fir mech wierklech festleeën ze kënnen, ech hu bis elo just e Stage vun 3 Méint gemaach, amfong mat 8 Stonnen den Dag (mä ech war meeschtens sou séier fäerdeg dass ech well 1-2 Stonne méi fréi goe konnt 😉 ). Fir d’Zukunft a mat menge jetzegen Erfarunge géif ech 20-30 Stonnen cool fanne fir nach Zäit fir mech ze hunn, mä 40 Stonne wier awer och okay wann d’Plaz mer wierklech gutt gefält an de Patron och sou fein an relax ass wéi a mengem Stage.

Ech schaffen am Moment 20 Stonnen/Woch, mä ech géif eigentlech am léifsten nach manner schaffen. Et ass awer ganz OK esou. Ech verdéngen halt net vill, d.h. am Moment ass meng Perspektive vum Wunnengsmaart zimlech… kack. Ech wunnen nees bei mengen Elteren, wat net onbedéngt den Dram ass mat 25 an ech hoffen drop, dass ech mech bei mengem*menger Partner*in kann incrustéieren.

Also vu datt ech héchstwahrscheinlech Proff ginn, erwaarde mech 20 Stonnen d’Woch wou ech Cours ginn. Mä hannendrun och nach vill Verbesserungen an Preparatioun. Sou e Rhythmus wier amfong fir mech gutt well ech da kann eng Famill niewebäi hunn a mech och aktiv ëm meng Kanner këmmere kann ouni eng Maison Relais (oder wéineg) oder eng Crèche ze brauchen. A kann dann och doheem schaffen, a mengem Rhythmus.

Als Schüler op der Première ass dat schwéier ze soen, du weess, wat schaffen/leieren bedeit, mä als Schüler méchs de dat jo nach fir dech an net fir e Patron oder de Staat.

E Vakanzenjob huet mer gewisen, dass 40 Stonnen d’Woch fir eng Aarbecht ze maachen, déi ee mécht fir Suen an net fir sech selwer, ustrengend an net erstriewenswäert ass. Wär cool, einfach weider Studien ze maachen anstatt iwwerhaapt schaffen ze goen, ëmmerhin ass ee repetitiven Job eng Aart Stëllstand, ka mer dat momentan guer net virstellen.

Et hänkt ganz dovunner of, wéieng Aarbecht et ass. Ass kreativ sinn Aarbecht?

Also dat ass schwéier soen, well mäi Beruff u sech mäin Hobby a meng Leidenschaft ass… mä weekends ass Tabu et soll kee weekends schaffen mussen.

Bis elo hat ech nëmmen ee Vakanzenjob, wou ech 40 Stonnen d’Woch eng Aarbecht gemaach hunn, déi mir net wierklech gefall huet, mä ech hunn et ebe fir d’Geld gemaach. Ech ka mir ganz gutt virstellen, 40 Stonnen d’Woch ze schaffe wann d’Aarbecht mir gefält. Ideal wiere fir mech ëm déi 30 Stonnen d`Woch, esou dass ech nach genuch Zäit hätt fir niewebäi dat ze maachen wat mir gefält.

Ech ka mir gutt virstellen, spéiderhin als Freelance am Beräich Illustratioun oder Mediendesign ze schaffen. Ech weess awer, dass dat en haarden Job ass, wou een oft méi schaffe muss wei een et am léifsten hätt. Mä kënne vun Konscht ze liewen a meng Kreativitéit ausliewen ze kënne wier mäin Dram, 40+ hin oder hier.

Ech maachen en Job, bei dem d’Grenzen tëschent Aarbecht a Fräizäit stänneg verschwammen, dee mer awer genuch Spaass mécht fir dass dat mer meeschtens näischt ausmécht. Mä well déi meescht Jobs ebe Schäiss sinn, a well Schaffen trotz allem nervt, sinn ech fir eng 20-Stonne-Woch. Dat geet och locker duer fir all déi Aarbecht ze erleedegen, déi muss gemaach ginn.

Ech géing spéider am léifsten 20-25 Stonnen engem sënnvolle Beruff nogoen. Nieft der Aarbecht wëll ech nach genuch Zäit hu fir Hobbyen, soziaalt Engagement a fir mech mat Frënd*innen ze treffen.

Et ass schwéier ze soen, wei vill Stonnen ech spéiderhi schaffe wëll, mä ech hoffen, dass ech net méi wéi 30 Stonnen an der Woch schaffen muss an ech eng Platz fanne wou ech éischter fräi a kreativ schaffen kann.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *