Schaffen; 2017 – Freelance, Frust a Fräizäit.

Wéi vill schaffs du an der Woch?
Am Moment schaffen ech 40 Stonnen d‘Woch an 2 Stonnen den Dag si mat fort fir op d‘Aarbecht hin an nees zeréck ze fueren. Déi sinn et och, déi mer e bëssen d‘Genéck briechen, wat Fräizäit ënnert der Woch ugeet. Virdrun hunn ech freelance geschafft, wou ee selwer e bëssen entscheede kann, wéi vill ee schafft a wei laang den Dag ass, mä et ass een och ofhängeg vum jeeweilege Projet. Leider war dat oft een Hin an Hier tëscht onméiglechen Iwwerstonnen während e puer Wochen an dann e puer Woche wou guer näischt leeft. Dat mécht d‘Fräizäit och stresseg, well ee stänneg mengt, datt ee grad schaffe misst oder datt ee wierklech schaffe muss fir de Loyer kënnen ze bezuelen.

Wéivill géifs du gären schaffen?
Et ass net sou einfach, mä 20-25 Stonnen wiere fir mech eng gutt Zäit. Et géing ee vill gemaach kréien an hätt gläichzäiteg awer och e Liewen.

Wat bedéit schaffe goen fir dech?
Wat Spaass oder Selbstverwierklechung am Beruff ugeet sinn ech éierlech gesot een zimlechen Zyniker ginn, well ech bis elo just gesinn hunn, wéi deen Enthusiasmus ausgebeut gëtt fir datt Leit méi schaffen a manner Bedeelegung um Erschafften hunn. D‘Unzuel u Leit déi ech kennen (an ech selwer och), déi no engem Film-/ Konscht-/Videospillprojet physesch a psychesch komplett futti waren, ass einfach riseg. D‘Branchen an deenen ech sinn, sinn zwar bestëmmt iwwerproportional betraff, mä et suckt trotzdem fuerchtbar. Dowéinst gesinn ech selwer Jobs wierklech just nach als eng Tätegkeet, déi mech dovun ofhält ze verhongeren, a géing all weider Stonn Fräizäit appreciéieren, well do probéieren ech dann de gudde Stuff ze maachen.

Jobbeschreiwung: Grafiker. 40 St./Woch, 2500€ am Mount

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *