Schaffen; 2017 – Examen, Éducatioun, Empathie

Job: Proff.
Vollzäit beim Staat. 2900€ den Mount.

Wéi bass du un däi Job komm?
Nodeems ech no der Uni eng Zäit laang aarbechtslos war an bëssen gejobt hunn, hunn ech mech decidéiert den Concours ze maachen fir Proff ze ginn. Et ass schonn liicht frustrant wann s de vun der Uni kënns an en Master an engem Beräich hues, an dann dech awer nach vrun den alen lëtzebuerger Proffen beweisen muss.Du kenns dech mat den neisten Errongenschaften an dengem Beräich aus, mee et gëtt elo nach kontrolléiert ops de dann elo wierklech däin Fach sou beherrschs wéi si et gär hätten. Net d‘Pädagogik, d‘Wëssensvermëttelung oder den Ëmgang mat Jugendlechen, mee just d‘Fachwëssen schéngt wichteg ze sinn. Schlussendlech hunn ech den Concours net gepackt well ech an engem vun 4 Examen duerchgefall sinn – wéinst Froen, déi eben grad wann et ëm Fachwëssen geet irrelevant sinn.

Net gutt genuch sinn huet awer net geheescht dat meng Aarbecht net gebraucht gëtt. Ech gouf nämlech als chargé d’éducation agestallt. Ech hu méi Stonnen missen schaffen wéi en Prof an hunn awer manner verdéngt. Do huet sech mir d’Fro gestallt wat dann den Zweck vun dem Examen war?

Wat ass déi Aarbecht fir dech?
Keen mëscht seng Aarbecht fräiwëlleg, soss géif keen sech ob d’Vakanz freeën. Ech maachen meng Aarbecht als chargé d’éducation awer gären. Mat Jugendlechen kënnen ze schaffen an ze diskutéieren, hinnen spannend Saachen méi no ze bréngen an an enger gudder Atmosphär schaffen ze kënnen, sinn cool Eegenschaften vun mengem Job. Well d’Liewen, zemools zu Lëtzebuerg, immens deier ass an een*t ouni Gehalt net iwwerlieft, ass meng Aarbecht awer och virrangeg einfach en Wee fir un Suen ze kommen.

Wéi géif déi ideal Aarbecht fir dech ausgesinn?
Ech maachen meng Aarbecht gär an géif se däitlech léiwer an besser maachen kënnen wann ech manner Stonnen géif schaffen. Ech ginn während 23 Stonnen Cours am Lycée, fir all Stonn déi ech vrun der Klass stinn kréien ech bal eng Stonn fir Virbereedungen, Verbesserungen asw. ugerechent, sou dat ech mat 23 Stonnen Cours theoretesch op eng 40 Stonnen Woch kommen. All Proff / Chargé den ufänkt mat schaffen ass et kloer dat Virbereedungen, Prüfungen opstellen, Verbesserungen, asw. méi wéi 1 Stonn pro Stonn Cours anhëlt. Wéi vill onbezuelten Iwwerstonnen ech maachen, kann ech net soen, well ech vun Woch zu Woch eng aner Aarbechtslaascht hunn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *