Schaffen; 2017 – ADEM, Aarbecht, Alternativen

Wéi bass du un deng Aarbecht komm?
Meng Aarbechtssich huet aanescht geklappt wéi sech dat normalerweis virgestallt gëtt. Nodeems ech mat mengem Studium opgehalen hunn a mech bei der ADEM ageschriwwen hat, si Leit op mech duerkomm, bei deenen ech e puer Joer virdrunner während dem Studium schonn ee Stage gemaach hat. Ech gouf gefrot, ob ech mer kéint virstellen, bei si ze komme fir hinne mat ënnerschiddlechen Saachen ënner d’Äerm ze graifen. Eigentlech war dat also zimlech genau dat wat ech dee Moment gesicht hunn. Ech war also nëmmen op engem Virstellungsgespreich.

Gefält der déi Aarbecht, déi s du méchs oder ass se ee Mëttel zum Zweck?
De Moment, wou ech am Stage do geschafft hunn, huet déi Aarbecht mech motvieiert, weider ze maache mam Studium, well ech déi extrem Villfältegkeet vum Beruff gesinn hunn. Meng Aarbechtskolleg*innen hu sech mat ville systemesche Problemer beschäftegt a wore sech dem Impakt vun hirer Aarbecht op d’Gesellschaft bewosst. Doduerch huet et méiglech erschéngt, och dat z’iwwerwannen, wat un Erwaardunge soss un de Beruff erugedroe gëtt, wat a mengen An zumools zu Lëtzebuerg extrem wichteg ass. Ab deem Moment, wou ech mech decideiert hunn, mat mengem Studium opzehalen, hunn ech nei iwwert meng berufflech Perspektiven nogeduecht. Ech si mer bewosst ginn, dass ech am Moment berufflech just eppes wëll maachen, wat mer nach genuch Energie iwwereg léisst, fir donieft nach kënnen Aarbecht ze maachen, déi keng Lounaarbecht ass. Dass mer dat, woumat ech Sue verdéngen, nach e bësse Spaass mécht, mécht et ëmsou besser.

Soll eng Lounaarbecht och en Dramberuff sinn?
Meng Virstellung vum “Dramberuff” huet sech iwwert daat lescht Joer staark verännert. Eis Generatioun huet oft d’Virstellung, dass eise Beruff eis komplett erfëlle sollt, quasi de Sënn vum Liewen net onbedengt ass, vill Suen ze verdengen, mä dass dat, waat een als Lounaarbecht mécht, dat ass wou ee sech verwierklecht. Laang Zait hunn ech daat och esou gesinn an dofir den Haaptdeel vu menger Energie a mäin Studium, also d’Virbereedung vu mengem Beruff, gestach. All déi kreativ Beruffsfelder sinn nach eng Keier mei ufälleg fir d’Denkweis, “säin Hobby zum Beruff ze maachen”. Mëttlerweil mengen ech net méi, dass een onbedéngt versiche sollt, sech iwwer säi Beruff ze verwierklechen, mä onofhängeg dovunner kucke muss, wat een sënnvoll fënnt a wouran ee seng Energie investéiere wëll. De Wandel vu menger Siicht ob Aarbecht hänkt virun allem mat perséinlechen Verännerungen a mengem Liewen zesummen. D’Ideal wier also, keng Lounaarbecht mussen ze hunn oder eben nëmmen e puer Stonnen d’Woch.

Beschreiwung vum Job: “Office Managerin”, administrativ Aarbecht, Organisatioun, Sekretariat a Logistik an deelweis Mataarbecht u Projeten. CIE, 20 St./Woch, 1000€ am Mount.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *