Resignatioun amplaz Rebellioun

Buchrezensioun “Die Arbeitslosen von Marienthal- ein soziographischer Versuch” (1933), Marie Jahoda, Paul Lazarsfeld, Hans Zeisel.

Am Joer 1929 erreecht d’Weltwirtschaftskrise och Éisterräich. Zu Marienthal, engem typeschen “Fabrickduerf” net allzewäit fort vu Wien, mécht fir d’Éischt d’Spënnerei, dann d’Dréckerei an dann 1930 d’Wiewerei zou an ee Groussdeel vun der Duerfpopulatioun vun ca. 1500 Leit ass domat aarbechtslos. E Fuerschungsteam mécht sech op de Wee op Marienthal fir anhand vun deem Beispill Schlëss iwwer d’psychologesch Wierkung vun Aarbechtslosegkeet zéien ze kënnen. D’Resultat ass eng Etude, déi haut als e Grondsteen vu moderner Sozialfuerschung gellt.

Mat extremem Opwand gouf déi ganz Duerfbevëlkerung iwwer Observatiounsprotokoller, Froebéi, Interviewen a Statistik katalogiséiert. “Die Arbeitslosen von Marienthal” féiert op knapp 100 ergräifenden a gutt liesbare Säiten d’Resultater vun der Etude op a mécht eng Analys, gréisstendeels bestoend aus Tagebuchanträg vun de Fuerscher*innen, awer och vun de Leit aus dem Duerf. Et ass mat deen tabuloseste Bléck, dee jee op d’Konsequenzen vun Aarbechtslosegkeet geworf gouf an d’Buch ass dowéinst och haut nach ëmmer nees d’Basis fir Ënnersichungen awer och fir Verfilmungen. 2015 gouf et souguer op d’Bühn am Volkstheater zu Wien bruecht.

“Wie fremd steht man sich gegenüber, man verhärtet zusehends”

D’Etude ka beleeën, dass Laangzäitaarbechtslosegkeet net – wéi a bestëmmten Kreesser och haut nach gefaart gëtt – zur Rebellioun an zu Opstänn féiert. Am Géigendeel: Bei deene meeschte Mënschen ass d’Reultat eng wuessend Frustratioun, déi sech a Passivitéit, Resignatioun an dem kompletten an apatheschen Opginn vu sech selwer verwandelt. Et kënnt zum Réckzuch aus der Gesellschaft, dem Opginn vu soziale Kontakter. D’Aarbechtslosegkeet zitt no an no och déi stäerksten an aktivsten Membere vun der Duerfgemeinschaft an den Ofgrond. Uganks versiche vill Leit nach sou gutt et geet normal weiderzeliewe, analyséieren hir Situatioun och deels politesch. Am längste bleiwen déi Leit an engem aktiven Zoustand, déi sech aktiv ëm anerer suergen.

“Es war Sonntag, als wir hinkamen, und die Familie in keiner Weise auf unser Erscheinen vorbereitet. Beim Eintritt bot sich uns folgendes Bild. Der Vater saß auf einem niedrigen Schemel, vor ihm ein Haufen zerrissener Kinderschuhe, die er mit Dachpappe zu reparieren suchte […] Der Mann hat ein völlig zerrissenes Hemd und eine vielfach geflickte Hose an. Bei der Inventaraufnahme finden wir seine Angabe, dass das alles sei, was er besitze, bestätigt. Seine Röcke und Hosen sowie sein Unterrock waren längst in Kinderhosen und Mäntel verwandelt worden. Er sagt: Ich brauch nicht hinauszugehen, aber die Kinder müssen in die Schule”

Seng Aktualitéit huet d’Wierk haut besonnesch am Hinbléck op deen ëmmer erëm opdauchend Vermuddung, dass et déi Aarbechtslos wieren, déi Nazi-Parteien wielen, op d’Strooss goe géifen an zu Extremismus neigen. Dat ass net esou. Bei all Wahl weist sech och haut zouverlässeg de Phänomen: Wat d’Aarbechtslosegkeet am Quartier méi héich ass, wat d’Wahlbedeelegung méi erofgeet an d’Leit manner (politesch) aktiv sinn. D’Virstellung, déi Leit duerch politesch Rieden zeréck an d’Wahlkabinn ze kréien, ass utopesch. Déi Leit brauchen Hëllef – an dat ier dass se politesch aktiv gi kënnen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *