Literatur vun a fir Aarbechter*innen

Iwwer d’Entwécklung vun Aarbechter*inneliteratur an Däitschland.

Ween u Literatur denkt, deem komme meeschtens Nimm wei Goethe, Beauvoir, Poe oder Brontë an den Senn. Mä dass Literatur sech net nëmmen op en klengen elitäre Krees beschränkt, beweist eis d‘Aarbechter*inneliteratur.

Déi sougenannten Aarbechter*inneliteratur bezitt sech zum engen op Schrëftstécker, déi vun Aarbechter*inne verfaasst goufen, an zum aneren op Schrëftstécker, déi sech zwar mat der Liewensrealitéit vun den Aarbechter*innen auserneesetzen, awer net vun hinne selwer verfaasst goufen. Entstan ass dëse Courant zur Zéit vun der industrieller Revolutioun am 19. Joerhonnert. Während virun der industrieller Revolutioun virun allem an der Agrarwirtschaft geschafft gouf, huet sech den Aarbechtsmilieu dono haaptsächlech an d’Fabricke verlagert. Souwuel d´Aarbechtskondtioune wéi och d‘Liewensëmstänn vun de Leit hu sech doduerch radikal verännert: Nei technesch Errongenschafte sinn opkomm, Gewerkschaften hu sech no an no entwéckelt an och den Aarbechtsoflaf selwer war net méi dee selwechte wéi virdrun. Ausserdeem huet sech déi sozial Hierarchie nei forméiert: Op eemol stoungen d’Proletariat an d’Bourgeoisie sech géigeniwwer. Déi eng waren haart schaffend Aarbechter*innen an déi aner ware räich Fabrickbesëtzer*innen.

Fir hir Erfarungen a Gedanken no baussen droen ze kënnen, hu si ugefaang ze schreiwen.

Natierlech wierken esou Changementer an déi domat verbonnen Erfarungen sech och op d’Art an Weis aus, wéi d‘Mënschen denken a fillen. Fir hir Erfarungen a Gedanken no baussen droen ze kënnen, hu si ugefaang ze schreiwen. Ufanks waren et virun allem Aarbechter*innelidder a Gebrauchs- a Geleeënheetsdichtung, déi a satireschen Zeitungen (der Wahre Jakob, Süddeutscher Postillon) an an Aarbechter*innenzeitunge publizéiert goufen. Iwwerhaapt kann ee soen, dass villes, wat an deem Kontext un Aarbechter*inneprosa (déi sech awer méi spéit entwéckelt huet) an u Lyrik zustan komm ass, satiresch war. Dës Weidere war den Aarbechter*innentheater e wichtegt Mëttel zur Verbreedung vu politesch-proletarescher Literatur. No an no hunn och vereenzelt Aarbechter*innen ugefaang, Autobiographien ze schreiwen, fir de Leit en Abléck an hiert Liewen a Schaffen ze ginn.

Mä wéi bei sou villem huet sech och bei der Aarbechter*inneliteratur iergendwann e Wiessel vollzun. Den éischte gréissere Changement gouf et 1910: Vun do u gouf sech ëmmer méi un anere literareschen Couranten orientéiert (z.B. um Expressionismus, Naturalismus an un der Neiromantik). Wat d‘Themen ugeet, sou ass et haaptsächlech ëm d´Industrieaarbecht an ëm d’Liewen an der Groussstad gaang. Zudeem ass d‘Aarbecht (an déi domat verbonnen Ëmstänn) enorm idealiséiert ginn an der Literatur.

Déi zweet grouss Verännerung ass historesch an d‘Zäit vun der Weimarer Republik anzeuerdnen. Zu dëser Zäit ass d’KPD entstan, wat den Aarbechter*innen en neien Input ginn huet: Si hunn sech mam Klassekampf auserneegesat, dee fir si omnipresent war. Vun do uns wollte si sech net méi vun de räiche Fabrickbesëtzer*innen ausbeute loossen a fir fair Aarbechtskonditiounen astoen. Dëst Uleies huet sech dunn an der Literatur erëmgespigelt: Ab elo war dat Haaptzil, eng Literatur mat politescher Wierkung ënnert d’Leit ze bréngen. Et sollt eng Literatur sinn, déi op déi politesch a sozial Mëssstänn vun den Aarbechter*innen opmierksam mécht.

Literatur, déi op déi politesch a sozial Mëssstänn vun den Aarbechter*innen opmierksam mécht.

An den 20er Joren huet sech ech dunn de BPRS gegrënnt, en Zesummeschloss vu proletaresche Schrëftsteller*innen, déi sech vun de sozialdemokrateschen Schrëftsteller*innen ofgrenzen wollten a gréisstendeels den Aarbechtsalldag beschriwwen hunn. Mam Opkommen vum Nationalsozialismus ass et och fir d‘Schrëftsteller*innen ëmmer méi schwéier gi fir hir Texter publizéieren ze kënnen: Se goufe verbueden, verbrannt oder sou ëmgeschriwwen, dass se zur Ideologie vum Nationalsozialismus gepasst hunn. Vill vun den Aarbechter*innen hunn awer och missen an den Exil flüchten, wou se weider un hirer literarescher Aarbecht geschafft hunn. Réischt nom Enn vum 2ten Weltkrich an mam Ufank vun der DDR ass dës literaresch Form rëm méi gefërdert ginn, sou zum Beispill mam Bitterfelder Weg. Dës literaresch an kënschtleresch Bewegung hat zum Ziel, d’Aarbechter*innen an hirem kënschtlereschen Schaffen ze ënnerstëtzen, mä och hir Wierker engem méi breede Public zougänglech ze maachen. Doduerch dass de groussen Succès awer ausbliwwen ass, gouf dat Ganzt no e puer Joer rëm verworf.

Mä och an der BRD ware se net ontäteg, wat d’Aarbechter*inneliteratur ugeet: Sou gouf et z.B. d’Gruppe 61 an de Werkkreis Literatur der Arbeitswelt, déi sech ebenfalls drop konzentréiert hunn, de proletaresche Literat*innen zu méi Bekanntheet ze verhëllefen.

Am Laf vun den Joren ass d‘Aarbechter*inneliteratur dunn awer ëmmer méi duerch Reportagen an Dokumentatiounen (wei z.B. déi vum Günter Wallraff) ersat ginn, bis se schliisslech komplett vun der Bildfläch verschwonn ass.

Hautdësdaags ass dëse literareschen Genre souwuel an Däitschland wéi och an anere Länner quasi inexistent.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *