Jonk a prekär beschäftegt.

Wat kee Mensch iwwer d’Aarbechtskonditiounen vu Jonken wesse well.

Gleeft een dem Aarbechtsminister Schmitt, den Zuelen vun der ADEM oder och de Medien, déi wéi zum Beispill d’Wort mat Titele wéi “Jahresbericht der ADEM: Ein großer Schritt nach vorne” oder “Jugendarbeitlosigkeit: Luxemburg ist Klassenbester” gutt Stëmmung verbreeden schéngt Letzebuerg a Puncto Aarbechtslosegkeet gutt do ze stoen. Kuckt een awer méi genee hin, a sicht ee sech net grad just aus deene Statistiken déi Zuele raus, déi ee sou dréine kann, dass et gutt ausgesäit, dann ass ze erkennen, dass sech elo scho grouss Deeler vun enger ganzer Generatioun a prekären Aarbechtsverhältnisser befannen.

Zuelen iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet liwwert d’ADEM just iwwert déi offiziell bei hinnen ageschriwwe Jonker. Mam Taux vun der Jugendaarbechtslosegkeet gëtt dann d’Verhältnis vun deenen erëmginn, déi als aarbechtslos gemellt sinn zu deenen déi een Aarbechtsvertrag hunn (Dës zwou Gruppen maachen dann insgesamt déi “aktiv Bevölkerung” aus). Dës Zuel ass keng Ausso dozou, wéi vill Jonker aarbechtslos sinn, awer net ugemellt (well se zB. am Ausland no Aarbecht sichen) oder dozou, a wéi enger Zort Aarbechtsverhältnis Jonker stiechen – ob se zum Beispill “just” an engem kuerzfristege Volonatriat ënnerbruecht goufen.

Jugendaarbechtslosegkeet Lëtzebuerg

Jonker (tescht 15 an 24) sinn haut zu Letzebuerg 2,5 mol sou dax vu Chômage betraff wéi de Rescht vun der aktiver Bevölkerung. D’Jugendaarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg ass zwar mat 16,2% (2015) am Verglach mat verschiddene méi direkt vun der Wirtschaftskris getraffenen EU-Länner wéi Spuenien a Griicheland niddereg (Schnëtt EU-15: 20,5% – 2015) allerdéngs hat de Jugendchômage zu Letzebuerg europawäit an deene leschte 15 Joer déi däitlechsten Steigerung, 2000 louch de Jugendchëmage bei just 6,4%. Den Héichpunkt huet de Jugendchômage 2014 erreecht, wou e mat 22,6% kuerzzäiteg souguer iwwert dem EU-Schnëtt louch – aktuell Zuelen ginn natierlech ëmmer mat dësem héchsten Taux verglach fir soen ze kënnen, dass den Taux fale géif, amplaz zouzeginn, dass e sech op héijem Niveau stabiliséiert. (Quell: Panorama social 2016, CSL)

Jugendaarbechtslosegkeet an der Groussregioun

Ee weideren Trick an der Lëtzebuerger Aarbechtslosestatistik ass de Fait, dass wuel d’Zuel vun den Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen houfreg affichéiert gett, mir déi Leit aus der Grenzregioun awer direkt aus den A verléieren, soubaal se keng Aarbecht hei hunn. D’Konsequenze vun der Entwécklung vum Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg ginn domadder onsiichtbar gemaach. An der Wallonie läit den Jugendchômage bei 32,2% an an der Lorraine bei 29,1% An Däitschland ass e verhältnisméisseg niddreg, Rheinland-Pfalz z.B. 5% (all Wäerter vun 2015) vun der aktiver Bevölkerung. (Quell: IBA 2016)

Ween och net an der Statistik opdaucht

Besonnesch Jonker, déi nach an d’Schoul ginn oder studéieren, maache fir besser iwwer d’Ronnen ze kommen eng ganz Rei vun Aarbechten an irreguläre Verhältnisser. Dofir si vill Jonker zu Lëtzebeurg weder als schaffend, nach als aarbechtslos gemellt – an dat opwuel se schonn een onverzichtbaren Deel vun der Aarbechtswelt sinn. Sief et elo (trotz Qualifikatioun schlecht bezuelt) Studéierendenjobs zu Lëtzebuerg an am Ausland, onbezuelt Stagen oder Schwaarzaarbecht: Jonker, déi probéieren iwwer verschidden Minijobs Suen eran ze kréien, schaffen dacks ënnert schlechte Konditiounen, ouni Kenntnis iwwert hier Rechter a si komplett der Willkür vun deenen ausgeliwwert, fir déi si schaffen. A se dauchen a kenger Statistik op. Lëtzebuerg profitéiert net just dovunner, dass dee gréissten Deel vun de Jonken hir Ausbildung an hir Etuden am Ausland maachen (an déi aner Länner d’Ausbildung/d’Studien domat och bezuelen), mä och dovunner, dass vill Leit vu Lëtzebuerg och am Ausland déi éischt Schrëtt op den Aarbechtsmarché maachen an do (iwwert eng Zäit vu prekärer Beschäftegung) Experienze sammelen, an dann dacks eréischt wa se eng fest Plaz zu Lëtzebuerg hunn hei nees an de Statistiken optauchen.

Riwwer bei déi Jonk, déi offiziell Aarbecht hunn an ëm déi sech d’Regierung domat keng Suerge méi mecht. Déi lescht Joerzéngten hunn iwwerall an Europa d’Opbrieche vun den klasseschen Aarbechtsverhältnisser bedeit – an dësen Trend ass och zu Letzebuerg ukomm. An déi Kategorie vu Leit, déi “eng Aarbecht hunn”, fält och déi wuessend Zuel vu Leit, déi a Beschäftegungsmesurë sinn, déi freelance oder schäinselbststänneg schaffen an déi befriste Verträg hunn. Dovunner betraff: An der Haaptsaach Jonker. Schéin nei Nimm ginn erfonnt a schick Brochurë ginn gedréckt fir ze verstoppen, dass een deels gutt ausgebilten Jonker zur Ausbeutung fräigëtt. E Beispill ass d’Volontariat (Sevices Volontaires), dat zwar mat Sécherheet gutt Erfarungen an interessant Ablécker brénge kann, mä am Fong just ee Wee ass, mat méiglechst gerénge Käschten un d’Aarbechtskraaft vu Jonken ze kommen. Verschidde Betriber an Organisatiounen hunn ee ganzen Deel vun hirer regulärer Aarbecht op “d’Volos” ausgelagert a spuere sou Suen an.

Incertion à l’emploi

Mat verschiddene Mesurë schaaft d’ADEM temporär Aarbechtsplazen fir Jonker. An der Haaptsaach sinn dat d’Contrats d’appui-emploi (CAE) an d’Contrats d’initiation à l’emploi (CIE). Jonker kréien ee Vertrag vun engem Joer (mat der Optioun op 6 weider Méint), kréien een niddregen Loun, deen deels vum Employeur, deels vum Staat bezuelt gëtt a sinn da raus aus der Aarbechtslosestatistik. Abuse sinn natierlech virprogramméiert: Betriber, déi, amplaz e reguläre Posten ze schafen, einfach e puer CIE-Leit astellen a sou Sue spueren. Amplaz dass um Enn vum Vertrag eng fest Plaz steet, ginn d’Betriber sech déi nächst CIEe sichen an déi Jonk kréien op enger anerer Plaz en neie CIE.

Befrist beschäftegt

E weidere Phänomen, dee besonnesch Jonker trëfft ass déi wuessend Zuel vun zäitlech limitéierte Verträg, also entweder ganz Interimjobs (déi deelweis just e puer Wochen daueren) oder CDDen (“Contrat à durée déterminée”). Insgesamt hu 7,4% vun de Schaffenden zu Lëtzebuerg e CDD, ënnert Jonke sinn et mat 32,9% méi wéi am EU-Schnëtt (EUROSTAT 2015). De Problem bei de CDDen ass, dass déi Jonk hir Zukunft an hir Karriären net plange kënnen.

Working Poor

Schaffen an awer net genuch fir ze liewen hunn? Als Working Poor ginn déi Leit bezeechent, déi eng regulär Aarbecht hunn, allerdéngs sou mann verdéngen, dass se dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn – dat sinn zu Letzebuerg 11,6% vun de Leit, déi schaffen (2015). Am Grupp vun den 18- bis 24-Järege verdéngen 46,6% vun deenen, déi vollzäit schaffen, manner wéi 60% vum Referenzakommes – wat d’Definitioun vum Aarmutsrisiko ass (EurWORK). Jonker sinn déi, déi am heefegsten zum onqualifizéierte Mindestloun agestallt sinn. Dee läit den 1. Januar 2017 bei 1949 € brutto – parallel dozou weist eng Etude vum STATEC (2016), dass eng eenzel Persoun fir iwwer zu Lëtzebuerg iwwerhaapt wierdeg liewen ze kënnen 1923 € brauch. Besonnesch Loyerskäschte stellen e Problem duer, an déi treffen natierlech déi Leit, déi elo no Wunnengen sichen – Jonker.

Aarbechtsverträg

Kollektivverträg sinn en effektive Schutz vun Aarbechter*innen géint Abusen. Et sinn déi Jonk, déi am mannsten a Kollektivverträg sinn (50%, zum Verglach: Bei den iwwer 45-Jähregen sinn et 61%) a bei deenen d’Unzuel vu Kollektivverträg am däitlechsten ofgeholl huet (6% manner a 4 Joer, vun 56% 2010 op 50% 2014) (STATEC 2014). Zu deene “modernen Aarbechtsformen” zielt ëmmer méi d’Schaffen als Freelancer*in, dovunner gëtt et nach net vill zu Lëtzebuerg, d’Zuel ass awer um klammen – an domadder och d’Gefor vu Schäinselbststännegkeet, d.h. Leit, déi u sech regelmässeg op enger Plaz schaffen, allerdéngs net als Ugestallten, mä als Freelance, sou dass si selwer fir hir sozial Ofsécherung responsabel sinn.

Wat bleift ass d’Feststellung, dass um Aarbechtsmarché déi Jonk ënner d’Rieder geroden, ausgebeut ginn an am mannste vu Schutzmechanisme profitéieren. Resultat sinn niddreg Léin, d’Onméiglechkeet, d’Zukunft ze plangen an d’Entwécklung vun enger Eenzelkämpfer*innementalitéit. Passend dozou weist eng Etude vun der CSL, dass zu Lëtzebuerg Jonker zu 30% vu Mobbing op der Aarbechtsplaz betraff sinn – méi wéi déi aner Generatiounen. Déi etabléiert Poltik wäert sech net ëm déi Jonk kemmeren, well se hei kee sou wichtegt Wieler*innepotential huet wéi bei anere Generatiounen. Fir elo ze reagéieren ass als Éischt mol Opklärung noutwenneg, an Solidaritéit tëscht alle Betraffenen. Et gëllt, un enger geschéinter Statistik laanscht op d’Realitéit ze kucken a se als dat ze benennen wat se ass: Net toleréierbar.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *