International Worker‘s Day

Iwwert den historeschen Ursprong vum Dag vun der Aarbecht

Den 1ten Mee feiere mer den internationalen Dag vun der Aarbecht. Mä wisou feiere mer deen iwwerhaapt a wisou den 1ten Mee? War dat en Trick vun der Fleeschindustrie fir en Dag Congé anzeféieren, wou all Mënsch bei sengem Fussballclub Thüringer friesse ka fir d’Grillsaison anzeleeden? Oder hat et aweriergendwann eng Kéier eppes mat Aarbecht ze dinn?

8 hour day with no cut in pay

D’Originne vun dësem Dag kommen aus den USA vum spéiden 19ten Joerhonnert. Migrant*innen, déi zu Chicago ukomm si fir en neit Liewen am „Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten“ unzefänken, ware schnell desillusionéiert. Schlecht Aarbechtskonditiounen (laang Deeg a wéineg Loun), Korruptioun a wéineg Raum fir Verhandlung mat den Patron*nen, hunn zu starken Spannungen gefouert. Den 1te Mee 1886 gouf dunn zum Generalstreik opgeruff. D’Demoen mam Slogan „8 hour day with no cut in pay“ (demools waren 12-Stonnen-Deeg éischter d’Regel) goufen awer schnell a brutal vun der Police opgeléist. Op enger Manifestatioun um 3ten Mee ass et souwäit komm, datt d’Polizisten 2 Aarbechter erschoss hunn.

Den Dag drop, de 4te Mee 1886 hunn d’Anarchist*innen zu enger Manif um Haymarket Square zu Chicago opgeruff, fir weider fir d‘Aarbechtszäitverkierzung ze kämpfen a fir den Affer vu Polizeigewalt ze gedenken. Et sollt eng friddlech Versammlung sinn, mat kämpfereschen Rieden op enger Plaz, déi mat Aarbechter*inne gefëllt war. No der leschter Ried sinn honnerte Polizisten komm fir d’Demo opzeléisen. An deem Moment ass eng Bomm an de Reie vun der Police explodéiert, wou op d’mannst ee Polizist gestuerwen a weiderer verletzt goufen. Als Reaktioun hunn d’Polizisten op d’Demonstrant*inne geschoss an et ass zu enger Schéisserei eskaléiert, bei där Demonstrant*inne wéi och Polizisten ëm d’Liewe komm sinn a weiderer verletzt goufen.

 
Vu wiem déi Bomm gezünt gouf war onkloer, mä ouni Beweiser ass eng Repressiounswell géint d’Anarchist*innen ausgeléist ginn. 5 goufen zum Doud veruerteelt. Dës Repressiounswell an d’ëffentlech Hiriichtung vun den Aktivist*inne gouf genotzt fir en Exempel ze statuéieren an esou d’Aarbechter*innen ze découragéieren, weider Streiks ze organiséieren oder sech an iergendenger Form un Protester ze bedeelegen. A Commémoratioun un “d‘Haymarket riots” an d’Kämpf fir besser Aarbechtskonditiounen huet d’Seconde Internationale (eng international Konferenz vun Sozialist*innen) am Joer 1889 den 1te Mee als internationalen Dag vun der Aarbecht proposéiert an 2 Joer drop ugeholl.

Dëse Feierdag soll un d’Kämpf fir besser Aarbechtskonditiounen erënneren an huet gänzlech wéineg mat Grillfest beim Fussballterrain ze dinn.

Och wann d’Fuerderungen vun engem 8-Stonnen-Dag schonn am 19ten Joerhonnert existéiert hunn, ass réischt an der éischter Halschent vum 20te Joerhonnert no villen aneren Protest-Aktiounen den 8-Stonnen-Dag no an no an den eenzelnen Länner adoptéiert ginn. Den 1te Mee, dee mer nach haut feieren, huet also duerchaus e politeschen Usproch. Dëse Feierdag soll un d’Kämpf fir besser Aarbechtskonditiounen erënneren an huet gänzlech wéineg mat Grillfest beim Fussballterrain ze dinn. Et geet och net drëms, frou ze sinn, datt een net aarbechtslos ass a säi schäiss Job offeiert, obwuel ee sech hei am Land mat enger 40+-Stonnen-Woch, mol oft keen Daach iwwert dem Kapp leeschte kann. Vill méi sollt den 1te Mee net als Dag vun der Aarbecht, mä als „Dag géint d’Aarbecht“ gesi ginn, un deem een Aarbechtskonditiounen an Fro stellt a weiderhi fir Aarbechtszäitverkierzungen astoe sollt. Amplaz sech um 1te Mee d’Panz mat Thüringer vollzestopfen, sollte mer dësen historeschen Dag rëm mat politeschen Fuerderunge fir e bessert Liewen fëllen.

Zumols an Zäiten vun extrem héiger Aarbechtslosegkeet, der fortschreitender Automatiséierung vun Aarbecht an och der Akkumulatioun vum Räichtum an den Hänn vu Wéinege missten d’Fuerderunge vun den Anarchist*innen aus Chicago rëm haart ginn an z.B. e „six hour day with no cut in pay“ gefuerdert ginn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *