Gläichberechtegung – Zu all Moment.

Am Kampf géint Diskriminéierung vu Fraen an der Aarbechtswelt geet et ëm wäit méi wéi den Gender Pay Gap.

Dass Frae manner Chance a Bewerbungsgespräicher hunn, bei Befërderunge manner dacks consideréiert ginn an op ville Plazen nach ëmmer manner verdénge wéi hier männlech Kollegen, déi déi nämlecht Aarbecht maachen (den sougenannten “Gender Pay Gap”) si Phänomener, déi ëmmer nees thematiséiert ginn – grad och well ze mann Mesuren ergraff ginn, fir eppes dorunner ze änneren. Medial Opmierksamkeet krut elo ee Gesetz aus Island, wat Betriber mat iwwer 25 Mataarbechter*innen zwénge soll, deen nämlechten Loun fir déi nämlecht Aarbecht ze bezuelen. An Artikele gouf dës Mesure als revolutionär gewierdegt an Island huet säin Image als progressiivst Land a Saache Gläcihberechtegung bestätegt. Gëtt awer beduecht, dass fir sou eng Selbstverständlechkeet et schonn 1975 an Island e Fraestreik gouf an dëst Gesetz domat eréischt no engem 42 Joer dauerende Kampf gestëmmt gouf ass et éischter eng erniichternd Geschicht. Et handelt sech beim Gender Pay Gap just ëm deen offensiichtlechste Phänomen vun Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht.

Fraen verléiere fir dee selweschte Feeler 20% méi dacks hiren Job.

Een neien Abléck bitt eng Etude vum National Bureau of Economic Research, dem gréissten an renoméiertsten (21 Nobelpräisträger) Institut fir Wirtschaftswëssenschaften an den USA. Ënnert dem Titel “When Harry fired Sally – The Double Standard in Punishing Misconduct” (Mark L. Egan, Gregor Matvos, Amit Seru) gëtt eng weider Dimensioun vu geschlechterspezifescher Diskriminéierung opgeluecht: Fraen verléiere fir dee selweschte Feeler 20% méi dacks hiren Job. Opschonns Männer am Schnett wesentlech méi deier Feeler maachen a wesentlech méi dacks déi nämmlecht Feeler maachen, sinn d’Disziplinarmesurë géint Frae méi streng. Männer kréie méi dacks eng zweet Chance. De Virworf, dass Feeler gemaach goufen, gëtt Fraen wesentlech méi dacks aus der eegener Firma selwer eraus gemaach an net vu Clienten oder ëffentlechen Institutiounen. Wat méi Männer a Féierungspositioune sinn, wat d’Bestrofung vu Fraen zouhëlt. Ass bei enger Bewerbung ersiichtlech, dass déi Persoun, déi sech bewerbt virdrunner wéinst engem Fehler entlooss gouf, kreien 30% manner Fraen den Job.

Et bleift also eigentlech keng Zäit, sech iwwer kleng Succèsen, wéi engem Gesetz an Island, ze freeën. Mir stinn iwwerhaapt eréischt um Ufank dovun, erauszefannen, wéi en enormen Impakt geschlechterspezifesch Diskriminéierung um Aarbechtsmarché huet.

Chancëgläichheet um Aarbechtsmarché

Chancëgläichheet ass ee vun den zentrale gemeinsame Wäerter vun der Europäescher Unioun. All Bierger*innen solle gläichermoossen um Aarbechtmaart deelhuele kënnen a gläich behandelt ginn, onofhängeg vun hirem Geschlecht, hirer Sexualitéit, hirer Ethnizitéit oder Relioun. Wéi Etuden an de leschte Joren awer ëmmer nees gewisen hunn, ass nach laang keng Chancëgläichheet garantéiert. Geheie mer mol e Bléck op eng Rei Date mat Bezuch op d’Geschlechtergerechtegkeet um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart :

  • Pay Gap : 5%. (EU-Durchschnëtt : 16,3%)
  • Unzuel u bezuelten Aarbechtsstonne pro Woch: Fraen : 33, Männer : 41.
  • Unzuel un onbezuelten Aarbechtsstonne pro Woch : Frauen : 27, Männer : 14.
  • Beschäftegungsquot: 65% vun de Fraen, 75% vun de Männer zw. 20 a 64 Joer.De sougenannten „Gender Earnings Gap“, dee sech aus „Pay Gap“, „Hours Gap“ und „Employment Gap“ zusummesetzt, läit zu Lëtzebuerg bei 32%. Beim „Hours Gap“ handelt et sech ëm d’Differenz zwëschen der Unzuel u geleeschten Aarbechtsstonnen, beim „Employment Gap“ ëm déijéing zwësche geschlechterspezifische Beschäftegungsquoten. Am EU-Verglach läit Lëtzebuerg domat beim „Gender Earnings Gap“ op Plaz 15. [Eurostat 2017]
  • Conseil d’administration : 23% Fraen. Betriibsdirektioun : 27% bei Entreprisë mat manner wéi 15 Salariéën, 19% bei Entreprisë mat méi. [Chancëgläichheetsministère 2017]
  • 12% vu de Männer a 17% vun de Fraen sinn aarbechtslos, ouni Ausbildung oder hunn d’Schoul ofgebrach. [OECD 2016]
  • All 4. zu Lëtzebuerg liewend Fra fillt sech benodeelegt. Dat virun allem bei de Salairen, beim Zugang zu Féierungspositiounen, an der Politik a bei der Vereenbarkeet vu Famill a Beruff. 2/3 vun de Befrote si fir eng Fraequot am Conseil d’administration, an Entreprisen an op Wahllëschten. [Statec 2014]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *