Endlech gëtt d’Aarbecht knapp!

Wisou Aarbechtszäitverkierzungen onvermeidbar sinn.

Mir schaffen alleguer vill ze vill Stonnen an der Woch. Zäit, dass mer eis Gedanke doriwwer maachen, wéi mer dat ännere kënnen.

D’Maschinnen huelen de Mënschen d’Aarbecht ewech. De Gedanken ass wäit verbreet: D’Robotiséierung an Digitaliséierung vun der Ekonomie suergen dofir, dass ëmmer manner Mënschen an der Produktion benéidegt ginn. Leit ginn entlooss, ginn „iwwerflësseg“, ganz Produktionszweiger ginn zougemaach. Et ass also kee Wonner, dass “d’digital Revolutioun“ an der Wirtschaft vu ville mat Batterheet an Angscht betruecht gëtt.

Et ass net déi éischte Kéier an der Geschicht, dass nei Forme vu Produktioun eng ganz Rei déifgräifend Ëmbréch an der Gesellschaft mat sech bréngen. Och d’industriell Revolutioun am 19. Joerhonnert huet sou Entwécklunge mat sech bruecht, an d’Liewensbedingunge vun de Mënsche radikal verwandelt.

Fir ze verhënneren, dass d’Maschinnen hinne géifen d’Aarbecht klauen, hu se se geziilt zerstéiert.

An och deemools hate vill Leit Angscht virun deene Changementer: Tëscht 1811 an 1814 zum Beispill gouf et an England d’Beweegung vum „Luddismus“, déi géint d’Industrialiséierung gekämpft huet. Dës „Maschinnestiermer*inne“ waren Textilaarbechter*innen, déi Angscht ëm hir Jobs haten. Fir ze verhënneren, dass d’Maschinnen hinne géifen d’Aarbecht klauen, hu se se geziilt zerstéiert.

D’Industrialiséierung war awer net opzehalen. Si huet dofir gesuergt, dass ganz vill Mënschen d’Dierfer verlooss hunn an an d’Stied gezu si fir do Aarbecht ze fannen. D’Aarbechtsbedingunge waren extrem schlecht, d’Aarbechtsdeeg laang an et goufe sou gutt wéi keng Reguléierungen. Während d’Männer* an de Fabricken a Minne geschafft hunn, waren d’Fraen* meeschtens dozou verdaamt, sougenannte „Reproduktiounsaarbechten“ ze iwwerhuelen. Aarbechten also, déi zwar néideg waren, fir d’Produktioun (vun de Männer*) iwwerhaapt méiglech ze maachen, déi awer net entlount goufen: Kanner grousszéien, kachen, Kleeder wäschen an ähnleches.

Nëmmen der Aktioun vun der organiséierter Aarbechter*inneklass, vu Gewerkschaften, vun de Sozialist*innen, Kommunist*innen an Anarchist*innen ass et ze verdanken, dass d’Aarbechtsbedingunge sech lues a lues verbessert hunn. 1848 gouf sou zum Beispill de gesetzlechen 10-Stonnen-Dag an England agefouert. De Startschoss war ginn an d’Aarbechter*innebewegung ass a ville Länner nogezunn.

D’Iddi hannert deenen Aarbechtszäitverkierzunge war fir d’Aarbechter*innebewegung nët nëmmen, d’Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, mä och, sou gouf gehofft, eng aner Rolleverdeelung an den Haushalter méiglech ze maachen.

Zu Lëtzebuerg huet et nach e puer Joer gedauert: 1871 huet d’Buchaarbechter*innegewerkschaft fir d’Éischt an engem Kollektivvertrag den 10-Stonnen-Dag ausgehandelt – allerdéngs nëmme fir de Buchsektor. 1876 gouf landeswäit d’Aarbechtszäit fir Kanner ënner 12 op 8 Stonne begrenzt. Et sollt awer bis nom éischte Weltkrich daueren, bis ënnert dem Androck vun der russescher Revolutioun landeswäit den 8-Stonnen-Dag an d’48-Stonne-Woch agefouert goufen. D’40-Stonne-Woch, wéi mir se haut kennen, gouf eréischt 1975 fir dat ganzt Land agefouert. D’Iddi hannert deenen Aarbechtszäitverkierzunge war fir d’Aarbechter*innebewegung nët nëmmen, d’Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, mä och, sou gouf gehofft, eng aner Rolleverdeelung an den Haushalter méiglech ze maachen.

A Frankräich gouf et uganks den 90er Joeren nach eng Kéier eng Aarbechtszäitverkierzung op 35 Stonnen d’Woch, déi 700.000 nei Aarbechtsplaze sollt schaaffen (schlussendlech soll et nëmmen d’Halschent gewiecht sinn). D’Logik ass kloer: Wa jiddfereen*t manner Stonne schafft, ginn doduerch nei Aarbechtsplazen op. An der Praxis ass et awer esou, dass Neiastellungen oft duerch Iwwerstonne verhënnert ginn. Trotzdem ass déi franséisch 35-Stonne-Woch eng Errongenschaft.

Zu Lëtzebuerg ass säit 1975 net méi un der Aarbechtszäit geréckelt ginn, och wann dat de Gewerkschaften ëmmer erëm versprach gouf. An och wann d’Produktivitéit pro Persoun säitdeem stänneg gestigen ass, virun allem dank dem Asaz vu Computeren a Roboteren, maachen d’Patronatsverbänn, a mat hinnen d’DP an d’CSV, Stëmmung géint all Form vun Aarbechtszäitverkierzung.

Trotzdem kënnt d’Thema grad erëm an d’Diskussioun. Nodeems eng Petitioun, déi eng sechst gesetzlech Congéswoch – och eng Form vun Aarbechtszäitverkierzung – gefuerdert huet, op iwwer 10.000 Ënnerschrëft koum, ass de Sujet an der Chamber debattéiert ginn. Während d’DP an déi Gréng sech prinzipiell géint eng sechst Congéswoch ausgeschwat hunn, huet d’LSAP gemengt, et misst een trotz allem driwwer nodenken. Och wann do wuel reng Wahlkampftaktik dohannert stécht, ass et awer interessant ze gesinn, dass an der Ëffentlechkeet rëm iwwert Aarbechtszäitverkierzung geschwat gëtt.

D’Digitaliséierung an d’Robotiséierung mussen net zur Gefor ginn

D’Digitaliséierung an d’Robotiséierung mussen nämlech net zur Gefor ginn: Si kéinten, am Géigendeel, dozou féieren, dass mer alleguer zesumme manner schaffe kéinten, an domat méi Zäit fir aner Saache wéi Lounaarbecht hätten. Wat d’Robotere méi Aarbecht erleedegen, wat mir et manner musse maachen. Iergendwann, sou kann een*t sech virstellen, kéinte sou virun allem kierperlech schwéier an ustrengend Jobs sou gutt wéi iwwerflësseg ginn; a wat dovu géif iwwregbleiwen, kéint een*t souguer gerecht ënnert allen opdeelen.

Fir den Ament hale Politik a Big Business awer um Modell vum leschte Joerhonnert fest, mam Resultat, dass de Chômage klëmmt an dass ëmmer manner Leit en Job fannen. Fir d’Patronat ass dat och méi bequem: Wat méi Leit am Chômage sinn, wat d’Angscht virun Entloossung a Chômage besser als Drockmëttel ka benotzt ginn, fir Lounsenkungen a Verschlechterung vun den Aarbechtsbedingungen duerchzesetzen.

Wéi scho während der industrieller Revolutioun bréngt et net vill, d’Digitaliséierung u sech als Problem ze gesin; a wéi scho während der industrieller Revolutioun wäert nëmmen déi organiséiert Aktioun vun de Lounofhängegen dozou féieren, dass jiddwereen*t eppes vun der Digitaliséierung huet. Un eis also, eis z’organiséieren an eppes ze veränneren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *