Dramberuffer

Déi Persoun, déi de Knäppchen fir d‘Schell vum Ufank vun der Paus an der Schoul dréckt.
Geschwindegkeetskontrolleur fir Police-autoen.
Popcornverkeefer*in an der Chamber.
Déi Persoun, déi iwwerpréift, ob d‘Meteosprevisiounen vum Dag virdrunner richteg woren.
Kand vum Grand-Duc.
Massagestulltester*in
Kichelchersausstiecher*in
Déierepuppelcherstherapeut*in
Dei Persoun, déi an der Bank d‘Extraite vun de Cliente mat Streimännercherskonten schreddert.
Iwwerhaapt Schredderen als professionell Beschäftegung.
Déi Persoun, déi d‘rout Luuchten am Turbo-Rondpoint bedéngt.
Messerschläifer*in (Guillotine/Post-Revolutioun).
Dei Persoun, dei Lächer an d Bowlingkugele buert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *