Aarbecht – Mee 2017

Léif Lieserin, léiwe Lieser,

Dësen zweeten Zine vu Jonk Lénk dréint sech ronderëm d’Thema Aarbecht, passend zum 1. Mee, dem internationalen Dag vun der Aarbechter*innenbeweegung. “Géi du als Éischt mol richteg schaffen, da schwätze mer weider” – vill ze dacks kréie Jonker dëse Saz ze héieren. Eréischt wann een eng regulär Aarbecht huet, zielt een also zum Krees vun deenen, déi wëssen, wouvunner se schwätzen. Wéi vill Frustratioun hannert Säz wéi dësem stiechen ass déi eng Saach, vill méi wichteg ass awer, wat dëse Saz iwwert d’Fro, “wat Aarbecht ass” ausseet. Fréier wor et normal, dass een an enger Ausbildung ee Loun kritt. D’Aarbecht an der Schoul an op der Uni an donieft ass “näischt Richteges” – Studieboursë ginn als Kaddoen u verwinnte Jonker ugesinn, déi der Gesellschaft dankbar si sollen – amplaz dass d’Gesellschaft dankbar ass fir déi Zäit, déi an d’Ausbildung investéiert gëtt. Och Stagen, Volontariater a Vakanzenjobs gi praktesch als Amusement ugesinn; amplaz vun engem faire Gehalt stinn hei “wichteg Erfarungen” am Fokus – fir déi net oder wesentlech manner bezuelt muss ginn. Hannert der ëffentlecher Meenung iwwert d’Ausbildung an d’Aarbecht vu Jonke verstoppt sech een Trend: Jonker ginn ëmmer méi spéit bezuelt an ersetzen iwwer dubiéis Verträg regulär Aarbechtsplazen. Mat deene folgende Säiten wellen mir kloer maachen: Mir kämpfe fir besser Aarbechtskonditiounen a géint d’Diskriminatioun vu Jonken. A fir Aarbecht, déi mir sënnvoll fannen.

Mir kämpfe fir besser Aarbechtskonditiounen a géint d’Diskriminatioun vu Jonken. A fir Aarbecht, déi mir sënnvoll fannen.

Mir hu probéiert, mat Zuelen ze dokumentéieren, iwwer wéi eng Weeër eis Generatioun ëmmer méi an onsécher Aarbechtsverhältnisser rutscht (Säit 5). Mir hunn eis d’Aarbechtslosegkeet an hiren Impakt ugekuckt (Säit 45), wollten awer virun allem positiv an d’Zukunft kucken an hunn eis gefrot, wéi d’Aarbecht fir eis idealerweis ausgesi géif (Säit 29 an Säit 49). Mir gesinn hei virun allem am Erkämpfen vun Aarbechtszäitverkierzung e grousst Zil (Säit 25). Mir hunn eis awer och mat der Hierkonft vum “1. Mee” als Dag vun der Aarbecht beschäftegt (SÄIT 9), eis Aarbechter*inneliteratur ugekuckt (SÄIT 35) an eng kuerz Biographie vum Rosa Luxemburg ass mat dobäi (SÄIT 19). Mir ginn drop an, dass et zu Letzebuerg een demokratesche Probleem gëtt well immens vill Leit, déi hei schaffen net hei wielen können (Säit 39). Bebildert gëtt des Ausgab mat Ausschnëtter vun historeschen an aktuellen Affichë ronderëm den 1. Mee.

Mir wënschen dir eng interessant Lektür an hoffen, dass du beim Kampf fir eng nei Gesellschaft dobäi wäers sinn.

Jonk Lénk


Hei kënnt dir den Zine als pdf eroflueden.


Jonk a prekär beschäftegt. Wat kee Mensch iwwer d‘Aarbechtskonditiounen vu Jonken wesse well.

International Worker‘s Day. Iwwert den historeschen Ursprong vum Dag vun der Aarbecht

Schaffen; 2017. Freelance, Frust a Fräizäit.

Gläichberechtegung – Zu all Moment. Am Kampf géint Diskriminéierung vu Fraen an der Aarbechtswelt geet et ëm wäit méi wéi den Gender Pay Gap.

Rosa Luxemburg.

Schaffen; 2017. ADEM, Aarbecht, Alternativen

Endlech gëtt d’Aarbecht knapp! Wisou Aarbechtszäitverkierzungen onvermeidbar sinn.

Wéi vill Stonnen an der Woch wëllt dir (spéider) eng Kéier schaffe goen? Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp.

Literatur vun a fir Aarbechter*innen. Iwwer d‘Entwécklung vun Aarbechter*inneliteratur an Däitschland.

Fir een neit Aarbechter*innewahlrecht. D‘Wahlrecht an déi sozial Fro zu Letzebuerg

Schaffen; 2017. Examen, Éducatioun, Empathie

Resignatioun amplaz Rebellioun. Buchrezensioun „Die Arbeitslosen von Marienthal- ein soziographischer Versuch“ (1933), Marie Jahoda, Paul Lazarsfeld, Hans Zeisel.

What is work? Baby don‘t hurt me

Dramberuffer


Jonk Lénk ass eng politesch Jugendorganisatioun, déi sech mat Aktiounen, Texter an Demostratiounen fir eng méi gerecht Gesellschaft asetzt. Mir wellen dem Nationalismus a Faschismus entgéinttrieden a Grenzen ofschafen. Mir stellen eis géint d’Ausbeutung vun de Mënschen duerch de Kapitalismus a géint d’Ennerdréckung vun de Mënschen duerch d’Patriarchat. Mir schaffen un enger solidarescher an ökologescher Zukunft fir jiddereen*t. Wann dat och deng Kämpf sinn, da bass du bei eis ëmmer wëllkomm.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *