Still marching for Freedom (Lëtzebuergesch Versioun)

Beriicht vun der Pressekonferenz vun den Ugeklote vum March for Freedom

Noom zweeten Dag am Prozess géint Demonstrant*inne vum “March for Freedom” haten déi Ugekloten op eng Pressekonferenz invitéiert.

Géint en Europa vun de Grenzen

De “March for Freedom” gouf vu Sans-Papiere selwer gestart. Et ass drëms gaangen, an engem symbolesche Marsch insgesamt 5 Landesgrenzen z’iwwertrieden a sou fir Beweegungsfräiheet ze demonstréieren. Net just déi déidlech Grenz ronderem Europa wor en Thema. Och innerhalb vun Europa ginn trotz dem Schengen-Accord d’Grenzen ëmmer méi präsent: D’Grenz zwëschen Italien a Frankräich ass zum Beispill zou. Biller vu Calais weisen, wéi matzen an Europa Mënschen u Grenze festhänken a keng Méiglechkeet hunn, weiderzezéien. D’Fuerderung vum Freedom March wor kloer: All Mënsch huet e Recht op Beweegungsfräiheet. Dat heescht, dass ee fräi doriwwer entscheede kann, wou ee liewe well a selwer decidéiere kann, wéini ee weiderzéie wëll oder muss.

D’Fuerderunge vum Juni 2014 sinn haut nach grad sou aktuell. Deemols stoungen d’Demonstratiounen am Kader vu Police-Aktiounen am Flüchtlingslager zu Calais – an haut schéngt sech d’Situatioun souguer nach méi zougespëtzt ze hunn. D’Iwwergrëffer vu Nazi-Gruppen op Geflüchteter an d’Stäerkung vu rietsradikale Parteien op Basis vun engem xenophoben Discours hëlt zou.

Start vum March for Freedom zu Stroossbuerg

D’Uklo hätt eigentlech vun där anerer Säit komme mussen

An deem Kontext ass dat, wat am Juni 2014 zu Lëtzebuerg um Kierchbierg geschitt ass, den elo ugekloten Demonstrant*innen an traumatescher Erënnerung. Op hirer Route vun Stroossbuerg iwwer Lëtzebuerg op Bréissel sinn d’Demonstrant*innen gewuer ginn, datt am Kongress-Center um Kierchbierg eng EU-Inneminister*innekonferenz mam Titel “Kampf géint illegal Immigratioun” stattfënnt an hu sech dozou décidéiert, hire Protest dohinner ze droen a Fuerderungen z’iwwerginn.

D’Situatioun ass dunn eskaléiert: D’Police huet ouni Ukënnegung ugefaangen, mat Gewalt, Hënn a Pefferspray d’Plaz ze raumen. Duerno goufen d’Demonstrant*innen zesummegedriwwen an et koum zu Arrestatiounen. Op der Pressekonferenz hunn déi elo wéinst Rebellioun, Beamtebeleidegung an Kierperverletzung ugekloten Demonstrant*innen nach eng Kéier, wéi viru Geriicht, kloer gemaach (an och am Video ze gesinn ass), datt vun hinne keng Gewalt ausgaangen ass. Fir d’Demonstrant*innen wor et vun Ufank u kloer, dass während der ganzer Demonstratioun d’Zil wor, méiglechst gutt mat der Police zesummenzeschaffen – grad well ënnert den Demonstrant*innen Geflüchteter ouni Pabeiere woren. D’Zesummenaarbecht mat der Police huet och iwwerall gutt geklappt – ausser zu Lëtzebuerg.

Net just op der Demonstratioun ass d’Situatioun eskaléiert – mä och duerno um Policebüro. Déi arrestéiert Demonstrant*innen goufe geschloen, beleidegt an drangsaléiert. Fraen goufe vu männleche Beamten duerchsicht. Leit, déi ohnmächteg woren, goufe stonnelaang leie gelooss. Den Handy mat deem eng Demonstrantin d’Situatioun gefilmt huet gouf vun engem Beamten futti gemaach. D’Demonstrant*innen wore mat hire Blessuren duerno an der Klinik an hunn och lo am Prozess Attester vun deemols virgeluecht, déi d’Dimensioun vun der Policegewalt erëmginn. Trotz all deene Virfäll haten d’Demonstrant*innen sech dee Moment dogéint entscheed, juristesch géint d’Police virzegoen. Engersäits aus Angscht viru jorelaanger Re-Konfrontéierung mat dëser Situatioun an anerersäits well et och hei d’Prioritéit wor, déi Leit ouni Pabeieren ze schützen an net a Prozeduren eranzezéien, nach dobäi an engem Land wou déi meescht net vernetzt woren, de Rechtssystem net kannt hunn a guer net wossten, wat dat bedeite géif.

En absurden Prozess

Och wat duerno komm ass kënnen déi Ugekloten nach ëmmer net novollzéien. Knapps 2 Joer no der Demonstratioun, genee dee Moment, wou et fir déi Ugekloten dann ze spéit wor fir selwer nach d’Police ze verkloen, koum de Bréif vum Geriicht. Allerdéngs huet just eng Persoun dëse Bréif ereecht an dat och just ee puer Deeg virum éischten Prozessdag. Zesumme mat enger Affekotin konnt deen Termin da verluecht ginn.

Déi Ugeklote woren immens schockéiert iwwert d’Uklo. D’Virwërf woren onzoutreffend an immens onkonkret. Am November koum et dann zu engem éischte Prozessdag, deen awer verréckelt huet misse ginn, well d’Geriicht keng Iwwersetzung organiséiert hat an d’Policebeamte sech geweigert hunn, op Däitsch auszesoen. D’Virwërf während dem Prozess woren immens belaaschtend. Ënnerstellungen, wéi datt sech d’Demonstrant*inne bewosst bewaffnet hätten a Baseballschléier dobäigehat hätten, Chemikalien zesummegemëscht hätten an op eng Gewalteskalatioun ausgewiescht wieren, stoungen op ee mol am Raum. Och datt e Policebeamte viru Geriicht politesch Aussoen maachen konnt, d’Occasioun genotzt huet fir d’FRONTEX ze verdeedegen an et nach um Geriicht selwer zu Spréch, Menacen an fixéierende Blécker vu Beamten op déi Ugekloten koum wor schockéierend. Fir Leit, déi fir eng besser Welt a fir d’Mënscherechter op d’Strooss ginn ass de ganze Prozess immens erniddregend gewiescht.

Warden op d’Uerdeel

Mam Plädoyer vum Parquet geet de Prozess haut op en Enn. Dee Moment steet och fest, wéini d’Uerdeel gesprach gett. Déi Ugekloten hoffen och iwwert hir Pressekonferenz Verständnis fir hir Cause geschafen ze hunn.

Ënnerstëtzung: Déi Ugekloten si fir d’Prozesskäschten op Spenden ugewisen

Verwendungszweck „M4F“:
Rote Hilfe e.V. Sparkasse Göttingen
IBAN: DE 25 2605 0001 0056 0362 39

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *