Gut gemengten Fitness-Tipp fir dech!

 

Du hues der also grad geduecht, dass du e Moment Paus verdroen an sou en Fraen-Lifestyle-Magazine duerchbliedere kéins? Tjo, selwer Schold. Gesäiss de all déi Biller vun deene jonke, schlanken an erfollegräiche Fraen? Iwwerdriwwen, gell? Kloer, dat schreiwe mer jo och selwer. Tz, déi Celebreties. Normal Fraen däerfen natierlech ganz anescht ausgesinn. An et ass jo och logesch dass Models sou ausgesinn, si sinn aktiv, du setzt mol nees op der Couch a blieders duerch Magaziner. Mee sou bass du eben, an dat ass jo voll okay sou.

Ausserdeem geet et jo hei jo offensichtlech net ëm Schlankheetswahn, mee ëm Gesondheet a Fitness, steet dach an der Iwwerschrëft hei. Du hues dech grad nach wuel gespuert an hues lo Scholdgefiller? Mir hunn dofir absolut Verständnis, maach der dach kee Kapp. Nee, natierlech wëlle mir dech net fäerdeg maachen, mir sinn dach däi Liiblingsmagazin. Ausserdem wor hei grad een Artikel iwwer Fraen, déi sech fir eppes asetzen – et geet also och em d’Saach.

An kuck, du hues lo d‘Säiten vun onereechbaren Schéinheetsidealer fäerdeg duerchgebliedert a brav der ageried, dass de just d‘Kleeder kucks – sou hu mir dat jo och annoncéiert. Dat wor dach just d‘Intro vum Magazine, déi éischt Saiten eben. An lo bass du eben bei den Fitnesstipps an Diät- Pardon, den Kachrezepter ukomm an ass dat net wonnerbar: Mir präsentéieren der an der nämlechter Zäitung Léisungen fir däi Probleem (dass du fett a liddereg bass!). Jo, sou gutt denke mir mat. Wanns du dech net drun häls, bass du selwer Schold, mee dat ass halt blöd, well wéi solls de dann um Marché iwwerliewen. Wéi ee Marché? Ma lies dach mol hei, 10 Saachen, déi Männer beim éischten Date wierklech wichteg fannen. Hu mer extra fir dech recherchéiert, fir dass de Bescheed weess.

Dat gëtt der soulues alles ee bëssi zevill? Ma dann lee d‘Zäitung nees fort, ass souwiesou ëmmer ee bëssi blöd, dat wësse mer dach selwer, hues du eisen ironeschen Toun net bemierkt? Dat muss jo och guer net genee sou deng Welt sinn, mee hey, wann‘s de awer e bëssi dobäi gehéiere wëlls – du erënners dech jo bestëmmt nach un déi Produiten, fir déi mer bei de Make-up-Tipps Reklamm gemaach hunn? Sou déier woren déi guer net, oder?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *