Draupadi

Een Opruff zum feministeschen Handelen aus der indescher Mythologie

Draupadi ass ee vun de wichtegste Figuren aus der indescher Erzielung Mahabharata. De Mahabharata ass dat zweetlängste Buch vun der Welt, geschaten 2000 Joer al a gëtt duerch Verfilmungen an Néierzielungen um Liewe gehale.

Den Text fonctionnéiert duerch Dialog an doduerch dat eng grouss Villfälltegeet un Perséinlechkeete vertruede sinn, hannerfreet den Text de Status Quo. D’Roll vun der Fra ass soumat en Haaptthema an der Erzielung an Draupadi ass eng wichteg Figur déi d’Patriarchat a Fro stellt.

Eng Schlësselstell an der Erzielung ass de Moment wou dem Draupadi séin Mann (ee vu senge fënnef Männer) seng Suen, säi Kinnekräich a schliisslech sech selwer an engem Würfelmatch verléiert. Fir sech selwer aus der Sklaverei vu sengem Rivalbrudder zeréck ze gewannen, verwett hien d’Draupadi. Natierlech ënnerstëtzt dëst d’Idee dass Drauapdi sengem Mann gehéiert an dofir ka verwett ginn. Dëst stellt d’Autonomie vun der Fra a Fro.

Dem Draupadi säi Mann verléiert de Würfelmatch. Doropshi gëtt Drauapdi mat den Hoer an de Sall gezunn, ausgedoen an als „Houer“ bezeechent. Draupadi argumentéiert dat säi Mann hat guernët verwette konnt well seng Fräiheet net duerch séin Mann ginn ass mee dat hat scho viru senger Hochzäit fräi war. Dem Draupadi séin Géigner erkennt séier dat hie géint Draupadi keng Chance huet. Hien entscheet sech dem Draupadi 3 Wënsch ze erméiglechen.

Als 1ten an 2ten Wonsch freet Draupadi no der Fräiheet vu sengem Mann a senge Bridder, mee hat verweigert sech en drëtte Wonsch ze äusseren. Draupadi stellt a kengem Moment seng eege Fräiheet a Fro an ënnermauert dat duerch d’Verfale vum drëtte Wonsch.

Draupadi illustréiert déi problematesch Roll vun der Fra: gläichzäiteg ugehimmelt a mëssbraucht

Sou steet hat als Beispill fir all Fraen déi op Hänn gedroen a mat Féiss getrëppelt ginn. Draupadi vergësst net d’Onrecht wat him widderfuer ass. Spéider am Exil mat senge Männer schwiert hat sech sech ze rächen:

Deen de mengt alles an der Welt ass Schicksal oder Gléck huet séin Glawen opginn. Den de brav dem Schicksal nokuckt an net handelt, den hedonisteschen a béise Geescht versengt wie e Krou voll Waasser.

Dem Draupadi séin Opruff ze handelen an net dem Onrecht nozekucken ass e wichtegt Virbild fir feministescht Handele ronderëm d’Welt. Draupadi weist dat feministesch Resistenz kenger Zäit ugehéiert mee esou al ass wéi d’Patriarchat selwer.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *