“De fem hersketeknikker”

Iergendwéi ass et an der leschter Diskussioun scho nees net sou gutt gelaf. U wat läit dat just – u dir selwer?

Dass et un dir selwer leit wann Diskussiounsronnen emmer nees a Frustratioun enden ass onwahrscheinlech – ganz Fuerschungsfelder ennersichen a wéifern dominant Persounen an Diskussiounen mat Hellef vu bestemmten Techniken, bewosst oder onbewosst, géint aner Leit virginn. Déi norwegesch Sozialpsychologin a Politikerin Prof. Berit Ås huet 1979 de wessenschaftlechen Grondsteen dozou geluecht an deems si déi «5 Herrschaftstechniken» beschriwwen huet, déi besonnegt vu Männer benotz ginn fir Fraen an Diskussiounen kléng ze halen. Wann een*t drop oppasst mierkt een, dass praktesch an all gréisser Diskussiounsronn des Techniken ugewannt ginn – dax ouni dass se bewosst wouergeholl ginn.

1) Onsichtbar maachen.

Dat heescht, dass wann een selwer d’Wuert kritt aner Leit op ee mol ufänken ennert sech ze schwätzen oder Notizen duerchzekucken. Et kann och heeschen, dass aner Spriecher deng Iddi iwwerhuelen an sou maachen, wéi wann et hier eegen gewiecht wier.

2) Ridiculiséierung.

Dat sinn all déi onpassenden Äntwerten, Kommentarer a «Witzer», déi sech net op den Inhalt, mee zum Beispill op däi Aussproch, däin Accent oder eben op de Fait, dass du eng Fra bass bezéien.

3) Informatiounen zereckbehalen.

Wann wichteg Decisiounen getraff ginn oder sech ofgeschwat gett, wanns du net dobäi bass, zB. Owes am klenge Kreess am Café, amplaz an den offiziellen Versammlungen. Oder wann Informatiounen net un all Mensch geschéckt goufen.

4) Duebel Bestrofung.

Ronderem dech ginn widderspréchlech Fuerderungen opgebaut, sou das du an all Fall verléiers. Wanns du zB. Emmer op Versammlungen bass kriss du gesot du wiers eng Streberin, wanns du e mol net kenns bass du onzouverlässeg.

5) Beschellegen.

Du kriss d’Gefill, dass du dir domm virkomme an dech schumme misst. ZB. Wanns du gesot kriss, et géif un dir selwer leien, wanns net zu Wuert kenns oder deng Iddien verworf ginn. Oder wann dir ennerstallt gess, du häss alles falsch verstanen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *