Suffragettes

De Kampf fir d’Fraenwahlrecht

De Begrëff Suffragette léist sech vum englesche Begrëff “suffrage” (Wahlrecht) ofleeden. Als Suffragette si Frae bezeechent ginn, déi sech um Ufank vum 20ste Joerhonnert fir d’Fraen-Wahlrecht a Groussbritannien agesat hunn, zu enger Zéit wou d’Fraen-Wahlrecht net nëmmen a Groussbritannien inexistent war. Wat ufanks nach als pejorativen, ofwäertenden Terminus benotzt ginn ass, huet sech no an no zu engem Synonym vir de Kampf ëm Gläichberechtegung an Emanzipatioun entwéckelt. Vir dëse Kampf novollzéien ze kenne muss een sech awer als éischt mam Kontext ausernee setzen, aus dem eraus dat ganzt entstanen ass.

Mam Opkomme vun der Industrialiséierung am 19 Joerhonnert, sinn d’Fraen ëmmer méi als Aarbechtskraaft an de Fabricke gebraucht ginn.

Dat huet sech an éischter Linn aus der Nout eraus entwéckelt: Eleng mam Loun vum Mann konnt d’Famill neméi erniert ginn, wat ee vun den Haaptgrënn war, firwat dass d’Fraen hunn missen an d’Fabricke schaffe goen. Dobäi muss een awer och soen dass d’Konditioune méi wei schlecht waren. An och d’Bezuelung vun de Frae louch ënnert der vun de Männer. Duerch d’Verännerung an der Aarbechtswelt sinn eng Partie Aarbechtsorganisatiounen a Beweegungen entstanen, déi zum Ziel haten, vir den inhumanen Aarbechtskonditiounen entgéingt ze wierken. Mee och en anert Ziel huet sech aus der Verännerung eraus entwéckelt: d’Frae wollten sech genau sou un politeschen a wirtschaftleche Prozesser bedeelege kenne wei d’Männer. Schliisslech konnten des Frae wesentlech méi, wei just an der Fabrick an Doheem ze schaffen. Se haten eng Stëmm, an déi wollten se zum Ausdrock bréngen.

Dat war also d’Situatioun vun d’Aarbechterinnen. Mee wat war mat de Fraen aus der Bourgeoisie, déi Fraen déi net an de Fabricke geschafft hunn? Vir des Frae war d’Situatioun net onbedéngt méi einfach. Trotz, oder grad wéinst hirer (ob den éischte Bléck) finanziell privilegéierter Situatioun, war et hinnen net erlaabt vir engem Beruff sou no ze goe wei sinn et gäre gehat hätten. Dës Tatsaach aus duebel ze begrënnen: Éischtens hunn se dofir d´Erlaabnis vum Mann gebraucht, an zweetens haten sinn zu ville Beruffer keen Zougang. Doduerch ass eng Ofhängegkeet vun der Fra par Rapport zum Mann entstanen, déi alles anescht wei akzeptabel war. An dem Zesummenhang hunn och d´Fraen aus der Bourgeoisie probéiert, aus hirer virgeschriwwener Roll eraus ze kommen. Se wollte Verännerungen, Verännerungen am Beräich vum Bildungssystem, der Politik an dem Patriarchat.

Déi beschte Méiglechkeet vir hir Zieler an d’Realitéit ëmzesetzen, war de Wee hin zum Fraen-Wahlrecht.

Si waren der Opfaassung, dass nëmmen duerch d´Wahlrecht eng Méiglechkeete bestoe géif, vir hir politesch Fuerderunge public maachen ze kennen.
D´Sozialistinnen ënnert hinnen, hunn awer nach eng aner Chance dodra gesinn: d’Chance, vir dass endlech eng klassenlos Gesellschaft entstoe kann. Eng Gesellschaft ouni kapitalistesch a patriarchalesch Ënnerdréckung. Aus dem Grond si verschidden Organisatioune gegrënnt ginn (ënner anerem d’Women’s Social and Political Union vum Emmeline Pankhurst), déi dëse Prozess ënnerstëtze sollten. Petitioune goufe gestart, Versammlunge goufen ofgehalen, Publikatioune sinn an Ëmlaf komm an d’Frae sinn no an no op d’Strooss Gang vir ze protestéieren. Et war d’Gebuertsstonn vun de Suffragetten.
Mee trotz allem Engagement sinn d’Suffragette méi wei eng kéier vir hir Usiichten diskriminéiert ginn.

Se krute virgehalen, dass et besser wier, wann sinn sech op den Haushalt konzentréiere géifen, amplaz sech an d’politescht Geschéien anzemëschen.

Eng komplett onsënneg Fuerderung, déi sinn nach méi an hirer Iddien no Verännerung bestäerkt huet. Am Laf vun der Zäit huet sech dunn och ëmmer méi gedoe bei de Suffragetten. Och wann d’Grond-Iddie vun de Suffragette kee grousse Changement erlieft huet, sou hunn sech d’Methode vir dem Ziel méi no ze kommen am Laf vun de Joren drastesch geännert. Aus dem ufängleche Protest a Form vu Kundgebungen, ass en Protest mat Méi drastesche Mëttele ginn: Enner anerem goufe Brand-Uschléi verübt, Fënstere goufen ageschloen an op staatlech Repressalien huet ee mat Hongerstreik reagéiert.
Bis sech awer konkret eppes am Bezuch op d’Wahlrecht a Groussbritannien gedoen huet, huet et nach puer Joer gedauert. Réischt am Joer 1928 kruten d’Fraen a Groussbritannien d´Recht zougesprach, vir definitiv kenne wielen ze goen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *