Let’s talk about sex, baby.

Ze wëssen op eng Persoun mat enger anerer wierklech schlofen wëll ass kee Rätsel. Just “Jo” heescht “Jo”.

Et ass ëmmer nees wichteg iwwert Sex ze schwätzen. Dat wichtegst dobäi ass Consent, oder och Konsens genannt, deen ass nëmmen dann erreecht wann all eenzel Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt sinn, dozou zougestëmmt hunn a komplett domat averstane sinn. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kënnen: z.B. Kanner oder schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Et ass wichteg dass ganz kloer an oppe kommunizéiert gëtt, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt.

Konsens muss sech och ëmmer erëm ob een neits ageholl ginn, nëmme well eng Persoun eng Kéier Loscht ob Sex mat enger anerer Persoun hat, heescht net dass se e puer Stonnen, een Dag oder iergendwann dono dat erëm wëllt. Och kann net vu engem Konsens zu Sex ausgaange gi wann eng Persoun zu knuutschen zougestëmmt huet, dono awer net méi weider driwwer geschwat gëtt wei wäit déi bedeelegt Persoune goe wëllen. All bedeelegt Persoun muss kënnen zu all Moment “Nee” soen.

Et gëtt just ee ganz kloeren Jo, alles anescht ass als Nee ze bewäerten.

“Weess net”, “hmm”, Naicht-Soen, oder Ähnleches heescht alles net “Jo” an ass domat keng Awëllegung.

Wann keng Awëllegung vu béiden (oder méi) Säite komm ass, handelt sech dobäi ëm Zwang oder souguer sexualiséiert Gewalt. Et kann een sech enger Skala virstelle wou et vu sexualiséierter Gewalt, iwwert Zwang a Kooperatioun bis zu Consent geet. Wou genau ob där Skala eng bestëmmten Handlung zu engem bestëmmten Zäitpunkt mat enger bestëmmter Persoun anzeuerdnen ass, ass ëmmer un all bedeelegter Persoun selwer ze entscheeden. Wann däi “Nee” net akzeptéiert oder iwwergaange gouf, da läit d’Verantwortung dofir ni bei dir. An deem Moment ass dat eenzegt wat zielt, d’Fro wat passéiert ass, wéi et dir domat geet an ob a wéis du wëlls dorop reagéieren. Keen huet dir dobäi eran ze rieden, weder däin*deng Partner*in, nach Aussestoender (Frënn, Famill, Police,…).

Woumatter mir beim Konzept vun der “Definitiounsmuecht” sinn. Et ass un der Persoun, déi sexualiséiert Gewalt erlieft huet, ze definéieren ob et sech em sexualiséiert Gewalt gehandelt huet oder net.

Dat wat als sexualiséiert Gewalt wouergeholl gëtt ass och sexualiséiert Gewalt.

Et geet dorëms amplaz objektiv Critèren, déi et an dësem Sujet net ka ginn, d’subjektiivt Empfanne vun de Betraffenen an de Mëttelpunkt ze réckelen. D’Definitiounsmuecht läit ouni Diskussioun bei der betraffener Persoun, d’Wahrnehmung vu Frënd*innen, vum Täter, vum Ëmfeld sinn dobäi egal.

Ee vun de Problemer ass, dass d’Police an d’Justiz net esou funktionéieren. Et gëtt versicht, all Sicht ob dat wat geschitt ass anzebezéien, et gëtt versicht Beweiser ze sammelen a Widderspréch ze konstruéieren an d’Geriicht ka bei “Ausso géint Ausso” net méi vill maachen. Dëse Prozess ass oft retraumatiséierend fir d’Opfer, wat ee vun de Grënn ass, firwat d’Donkelziffer vun net-reportéierte Fäll bei sexualiséierter Gewalt extrem héich ass.

Lénk Politik muss sech mat dësem Thema beschäftegen

Lénk Politik muss sech mat den Affer vu sexualiséierter Gewalt solidariséieren an Ënnerstëtzung ubidden.

Wanns du betraff bass vu sexualiséierter oder häuslecher Gewalt, da gëtt et zu Lëtzebuerg verschidde Plazen wou’s du dech melle kanns an Hëllef kriss: Beim “Planning Familial” oder bei “Femmes en Détresse” zum Beispill.
Fir Leit déi sech nach méi zum Thema Consent an Definitiounsmuecht wëllen informéiere gëtt et ee gudde Blog wou vill Material dozou ze fannen ass: defma.blogsport.de oder beim Cid-Fraen a Gender kann een sech Bicher zum Thema ukucken.

Links zum Thema:
Definitionsmacht
http://defma.blogsport.de
Cid – Fraen an Gender
http://cid-fg.lu
Planning Familial
http://www.planningfamilial.lu/fr/
Femmes en détresse – Luxembourg
http://fed.lu/wp/contact-2/
Kanner-Jugend-Telefon
https://www.kjt.lu/fr/adolescents/116111
Ministère de l’égalité des chances
http://www.violence.lu/violence_Accueil.1-2.html
RiichtEraus – Croix Rouge – service de consultation et d’aide pour auteurs de violence
http://www.croix-rouge.lu/riichteraus/

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *