Riot Grrrl*

De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass.

Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill.

D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d’Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,…) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung.

Vir d’Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn.
Natierlech goufen et och schonn zu dem Zäitpunkt vill talentéiert an ambitionéiert Musekerinnen*, mee si kruten (wat och nach haut zu Daags an der Musek Szen oft den Fall ass) oft net den néidege Respekt an déi néideg Unerkennung, weder als Mënsch nach als Kënschtlerin.
An engem vu Männer dominéierte Beräich haten des Fraen* oft de Ruff net mathalen ze kënnen, net gutt genuch ze sinn, nëmme wéinst hirem Geschlecht. Se goufen héchstens belächelt, mee net als eegestänneg Musekerinnen* ugesinn.

Dat war deemools wei haut natierlech komplette Quatsch, well Talent an Kapassitéit näischt mam Geschlecht ze dinn hunn. Genau dat hunn des jonk Fraen* och geduecht: Firwat solle ma net no vir preschen an eist Potential och no baussen hin weisen? Mir hunn eng Stëmm, mir hunn eppes ze soen an all Mënsch kann a soll dat héieren.
Si wollten sech net méi op hiert Ausgesinn an op maskulin Virstellunge reduzéiere loossen. Se wollte Gläichberechtegung a kee propagéierten an akzeptéierte Sexismus.

Ween awer elo mengt dass des Fraen nëmmen am Beräich vun der Musek aktiv waren, deen iert sech: se waren sou wuel bildend Kënschtlerinnen*, wei och Publizistinnen* an natierlech politesch Aktivistinnen*. Vir hire Message ze verbreeden hunn si virun allem op Zines a Flyeren zréck gegraff.

Déi bekanntste Gruppen aus der Riot Grrrl Beweegung ware Bikini Kill a Bratmobile, vir nëmmen 2 ze nennen. Wann een haut zu Daags vum Begrëff Riot Grrrl schwätzt, denkt ee virun allem un Bands wei Pussy Riot. Bands déi duerch hiert politescht Engagement och definitiv domat associéiert solle ginn. Mee bléckt een hannert de Begrëff, dann ass et trotzdem nach vill méi wei eng bestëmmte Band.

Et ass deemools wei haut em de Kampf vir méi Gläichberechtegung gaangen. Em ee Kampf den sech géint d’Diskriminéierung stellt.
Dëse Kampf ass nämlech nach laang net gewonnen.
An dem Sënn: Revolution, Grrrl Style, Now!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *