Black Bloc

Ëfters gëtt an den internationale Medie vum “Black Block” geschwat ouni d’Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz.

Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo’en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech “Bléck” wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun enger bestëmmter Gewerkschaft, asw. Oft sinn déi Bléck eenheetlech gekleet, d.h. zum Beispill an de Faarwe vun der Gewerkschaft. Dohier kënnt och d’Iddie vum “Black Bloc”, en ass komplett a Schwaarz gekleet. Hei gëtt oft bis an den Detail alles wat net schwaarz ass ob der Kleedung oofgepäscht, well all nach sou klengen Erëmerkennungsmerkmal ka geféierlech ginn.

Opkomm ass déi Taktik vum Black Bloc Ufank der 80er Joëren an Däitschland am autonome lénke Spektrum, wou vum “schwarzer Block” geschwat gëtt. Virun allem a Squatter Szenen oder bei AntiAtom Protester gouf dës Taktik am Ufank benotzt. An den 90er waren dunn virun allem antikapitalistesch oder antifaschistesch Demoen oder awer och grouss Protester géint Sommeten, Plaze wou de Black Bloc sech etabléiert huet. Haut gëtt dës Taktik ëmmer manner benotz, wann dann nach éischter bei antifaschistesche Blockaden oder ähnlechem, well et déi einfachste Méiglechkeet ass sech onkenntlech ze maache viru Rietsen déi fotograféieren oder filmen. Virun allem gëtt et ëmmer erëm Oofwandelunge vun der Taktik sech komplett schwaarz unzedoen, well bemierkt gëtt dass virun allem d’Police vill méi gewalttäteg virgeet vis a vis vu schwaarz gekleete Persounen, well si natierlech och sech dorop virbereeden dës Persounen als méi gewaltbereet anzeschätzen. Et gëtt also Oofwandlunge wei z.B. ee rosa Block, oder ee wäisse Block mat wäissen Overalls, asw. Well d’Haaptsaach ass jo eigentlech, dass een als gëeente Block optriede kann an sech an Anerer doduerch viru Repressioun an Erëmerkenne schütze kann.

Witzegerweis koum et duerch Mëssverständnesser an de Medien zu enger Aart Verschwörungstheorie an zu diverse Veraarschunge vun dësen. Oft gëtt vun “der schwaarze Block” geschwat an et gëtt gemengt, dass de schwaarze Block wei eng Institutioun ass, déi iwwerall optaucht an ëmmer aus de selwechte Persoune besteet. An rietse Kreesser huet sech doduerch befeiert eng Verschwörungstheorie entwéckelt, wou no de schwaarze Block vum Staat bezuelt gëtt, d’Aktivist*innen ee Stonneloun kréie géifen asw. Doropshin hunn lénker ugefaangen ob de Spaass anzesteigen an hunn an de sozialen Netzwierker Säite gegrënnt wei “Antifa Reisen” oder Gewerkschaften etc.

Och wann d’Black Bloc Taktik heiansdo benotz gëtt wou se iwwerdriwwen oder onsënneg erschéngt, ass et trotzdem gutt ze wësse wourëms et sech handelt well et einfach zu lénken Aktivismus dozou gehéiert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *