Repressioun

Well dëse Mount, de Kräidprozess säin zweeten Ulaf geholl huet, fanne mer dat eng gutt Idee an dëser Episode vun Iwwert der Plage iwwert Repressioun ze schwätzen.
Wann mer vu Repressioun, am politesche Kontext, schwätzen, da schwätze mer vum Versuch deen de Staat ënnerhëlt fir eng politesch Idee oder Beweegung zeréck ze drängen.
Et gëtt ob ville Platze vun der Welt nach vill méi wäitgoend politesch Verfolgunge wéi hei zu Lëtzebuerg oder an Europa. Mär wëllen déi Situatiounen absolut net gläich stellen a sinn eis och bewosst, dass d’Situatioun fir vill politesch Aktivist*innen ob der Welt souguer liewensgeféierlech ass. Trotzdem wëlle mer haut doriwwer schwätzen a wéi enger Aart Drock op politesch Aktivist*innen an Europa an och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt a wéi een sech dogéint ka schützen.
Während Demo’en kënnt et ëfters zu gezielten Aktioune vun de Flic’en fir d’Identitéit vun den Demogänger*inne festzestellen. Ganz Demo’en ginn ofgefilmt, eenzel Leit erausgefëscht oder wat an Däitschland oft passéiert ass dass een, fir iwwerhaapt op den Demostartpunkt ze kommen, muss duerch eng Identitéitskontrollen. Bei esou Aktiounen ass et zimlech kloer, dass doduerch all Demogänger*in vun de Flic’en als potentiell straffälleg ageschat gëtt, et kënnt also ob en général Verdacht ob all Persoun déi ob d’Strooss geet eraus. Wann eenzel Leit erausgepëtzt ginn, dann ass dat meeschtens och onbegrënnt an dengt dozou d’Leit ronderëm anzeschüchteren, dei betraffe Persounen anzeschüchteren an domat jidderengem de Message ze ginn: “Passt ob wat der maacht, soss geet et ärch d’selwecht!”
Heiansdo kënnt et ob Demo’en zu Situatiounen déi iwwert Identitéitsfeststellungen als Repressioun eraus ginn. Heiansdo gëtt, ob bewosst oder onbewosst, vun der Police eskaléiert an domat Gewalt wei Pefferspray oder Schlagstock Asätz gerechtfertegt. Och dat kann een zu Repressioun zielen, well et Persounen dovunner oofhällt iwwerhaapt ob Demo’en ze goen oder wann se bis eng Kéier sou Situatiounen erlieft hunn, sech nemi trauen oder sech et all Kéiers zwee mol iwwerleeën ob se dës Kéier wëllen dobäi sinn. Andeems se d’Leit decouragéiere wëllen iwwerhaapt un Manif’en Deel ze huelen, probéieren se eis indirekt de Grondrecht vun der Meenungsäusserung an der Demonstratiounfräiheet ze limitéieren. Verschidden Aktiounsforme ginn sou ënnerbonnen an doduerch och de Message vun der Demo selwer méi kleng gemaach wéi en vläicht ass. En Speech vun e puer Gewerkschaftler op der Place Clairfontaine huet einfach manner Impakt wéi wann ganz Fabricken oder Stroossen blockéiert géife ginn.
Eng bëssen aner Saach, déi awer och kann an d’Kategorie staatlech Gewalt ageuerdent ginn, si politesch geféiert Prozesser um Geriicht. Sou mussen Aktivist*innen sech oft dofir rechtfertegen, dass se bei Aktiounen oder Demo’en matmaachen, well dat hier Glafwierdegkeet viru Geriicht senkt. Oft kënnt et iwwerhaapt eréischt zu engem Geriichtsprozess a Situatioune wou et kloer ass, dass déi beschëllegt Persounen ee lénken Hannergrond hate fir eng gewëssen Aktioun. Esou zum Beispill och beim momentan lafende Kräidprozess, wou et um Owend selwer virun allem de Problem war, dass et sech em eng politesch Konschtaktioun, déi sech géint Nationalfeierdag an domat géint d’Natioun an sech geriicht ass, gehandelt huet. Hätten um Dag no der Aktioun net d’Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag op där Platz stattfonnt, hätt kee Schwäin sech drëm gekëmmert op mir elo do mat Kräid op de Buedem molen. Just well d’Flicken de cleanen Image vum Land bewahre wollten a well zum Deel lénksradikal Spréch um Buedem stoungen, hunn d’Flicke krass iwwerdriwwen.
Dat ganzt ass natierlech dorop ofgezielt jonk Aktivist*innen a Kënschtler*innen anzeschüchteren. Déi klengst Demo déi net grad an d’Konzept vun enger ugemellter Maniff op der Place Clairefontaine passt, gëtt ënnerbonnen. Sou och un dësem Nationalfeierdag wou eis verbuede gouf mat engem Bänner nieft der Arméiparade ze trëppelen. Dëst ass natierlech och dorop zeréckzéien dat et zu Lëtzebuerg einfach keng Demonstratiounskultur gëtt. Mir wäerten dat änneren.
Am Ausland, wou et ëfters Neonaziopmärsch gëtt, do kënnt et och ëmmer nees zu Geriichtsprozesser géint antifaschistesch Aktivist*innen, a bestëmmte Fäll kënnt et do och zu Untersuchungshaft, wat bedeit, dass déi beschëllegt Persoun bis zum Geriichtsprozess an Haft verbréngt, wat oft Méint kann daueren. Dëst Verfahre gëtt oft kritiséiert, well doduerch eng Strof schonn iert se gesprach gouf ofgesat gëtt, et also och fir kënnt, dass eng Persoun scho méi laang am Prisong stutz wéi se dono eigentlech bei enger Veruerteelung kritt. Déi Méint kann halt kee méi der zeréck ginn. Wat esou Situatiounen ob déi eenzel Léit fir Auswierkungen hunn, ass extrem schlëmm an natierlech ganz schwéier nozevollzéien. Wat nach dobäi kënnt ass d’Auswierkung ob d’Szen, nees kommen d’Leit an d’Situatioun sech ze iwwerleeën ob si dëse Präis kënnen a wëlle bezuele fir fir hier Iwwerzeegungen anzestoen.
Och wann et schwéier ass, duerfe mer net an esou Gedanke verfalen. Et ass ëmmer wichteg sech genuch ob Aktiounen oder Demo’en virzebereeden, mee mer duerfen eis net vun eiser Angscht viru Repressioun lähme loossen.
Déi wichtegst Waff géint Repressioun ass eis Solidaritéit, nëmmen doduerch, dass mer aner Leit déi vu Repressioun direkt betraff sinn, ënnerstëtze kënne mer als Beweegung der Repressioun eppes entgéint stellen.

Well: Getroffen hat es eine*n, gemeint sind wir alle.

 


Wanns du d’Aktivist*innen déi am Kräidprozess ugeklot sinn finanziell ënnerstetzen wëlls, dann kanns du eng Spend op eisen Konto maachen mat der Referenz “Kräidprozess”.
JONK LENK ASBL
IBAN: LU28 1111 2999 4723 0000

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *