D’Arméi sicht jonkt Kanounefudder

Fir den Oprëschtungspläng vun der NATO nozekommen, setzt den Arméiminister Etienne Schneider net just op d’Erhéigung vum Militärbudget an de Kaf vu Militärfligeren, mä och op d’Erhéijung vun der Zuel vun Zaldot*innen duerch nei Rekrutéierungsmechanismen. Haut gëtt dofir mam “Informatiounsbüro” vun der Arméi um Bld. Royal an der Stad eng nei Fal opgebaut fir Jonker anzefänken.

Déi nei Militärdoktrin vun der Regierung kënnt zu engem Moment vu globaler Eskalatioun a vu militäresche Konflikter bei deenen och d’NATO mat un der Gewaltspiral dréit. Systematesch gëtt Gewalt mat Gewalt beäntwert an amplaz Fridden ze schafen, gëtt versicht strategesch Virdeeler z’erueweren. Et ass, net just wéinst de Presidenciellen an den USA, komplett onkloer, wat de Rôle vun der NATO (an enger méiglecher EU-Arméi) an deenen nächste Joeren wäert sinn an a wat fir eng nei Konflikter grad Jonker eragezu gi wäerten.

D’Noutsituatioun vu Jonken gëtt ausgenotzt.

Et sinn ëmmer haaptsächlech Jonker, déi an de Konflikter vun de Mächtege kämpfen, déi vun Arméien oder Milize rekrutéiert ginn an als Kanounefudder mëssbraucht ginn. An Europa versiche Jonker haaptsächlech, aus finanziellen Noutsituatiounen z’entkommen a sinn da fir d’Arméei liicht unzelackelen. Zu Lëtzebuerg bekämpft d’Regierung net Jugendaarbechtslosegkeet a Perspektivlosegkeet – mä notzt se aus.

Bei der Reklammoffensiv vum Militär schéngen all Mëttelen erlaabt ze sinn. Et gëtt vun “Erausfuerderungen”, engem “Job mat Zukunft” a vun “humanitären Asätz” geschwat fir ze verschleieren, datt et an dësem Beruff dorëms geet, Krich ze féieren. D’Arméi gëtt als alternativen Ausbildungswee, deen d’Diere fir vill “gutt” Beruffer opmécht, presentéiert. Mä de Beruff als Zaldot*in ka Jonker zu Mäerder*innen maache a vun hinne verlaangen, hiert Liewen op d’Spill ze setzen. Den neien Informatiounsbüro déngt, genee wéi d’CORPAL-Branche am Ettelbrécker Lycée Technique an de Stand vun der Arméi op der Foire de l’Etudiant*e, dozou, méiglechst no u méiglechst jonk Leit erunzekommen – och Mannerjäreger sinn am Viséier vun der Arméi.

Jonker brauche keng Informatiounsbüroen a Schoulsparte vun der Arméi. Et feelt net un Informatiounen iwwert eng Karriere bei der Arméi, mä un Informatiounen iwwer Alternativen dozou. Mir brauchen e méi gerechte Bildungssystem, bei deem keng Jonker op der Streck bleiwen. Gebraucht gi besser Beruffsausbildungen, méi Subsidë fir Initiativen vu Jonken, wesentlech besser Studiekonditiounen an eng richteg Investitiounsinitiativ fir nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *