Stoppt d’Police-Repressioun géint Jonker zu Lëtzebuerg.

Gemeinsame Communiqué vun der UNEL, Richtung22 a Jonk Lénk.

“Du Kallef” – De rezent vill thematiséierte Virfall, bei deem Poliziste sech gewaltsam Zougang an eng Wunneng verschaaft hunn, Objeten op Menschen geheit, Jonker perséinlech beleidegt a mat falsche Verdächtegungen drangsaléiert hunn, ass leider keng Ausnahm, mä den Alldag zu Lëtzebuerg. Polizist*innen verlaange “Respekt virun (hirer) Autoritéit”, plustere sech op an hu siichtlech Freed dorunner, sech u Jonken auszeloossen. Datt dobäi méi wéi fragwürdeg Methode benotzt ginn, schéngt keen*t ze stéieren: Amplaz vun internen Enquêtë, gëtt et erofloossend Kommentarer vun der Police- Pressestell.

Hëllefslosegkeet oder Virgoensweis mat Systeem?

Ob et elo de Groussasaz um Rock-a-Field 2015 wor, Police-Asätz viru Schoulen, déi vill diskutéiert Repressioun lescht Joer géint eng kenschtleresch-politesch Kräid-Mol-Aktioun un Nationalfeierdag: Vill ze dax kënnt et zu absurde Situatiounen tëscht Police a Jonken. Am meeschte betraff si Jonker aus Famillien mat Migratiounshannergrond (Hei kann ee praktesch schonn vun engem “Racial Profiling” schwätzen) an Jonker a prekären Wunnsituatiounen. Dax genuch schéngt awer “Jonk sinn” alleng duerzegoen fir zum Spillball vun den Autoritéiten ze ginn. Am Kontakt mat der Police gëtt dann vu Jonken erwaart, dass se sech “mol ganz roueg halen”. Aggressiv Aschüchterungen gi benotzt, och wann et guer kee Widerstand oder net emol e Grond fir den Asaatz gëtt. Den Androck vun engem rechtsfräie Raum, andeem Befehler vu Polizist*innen blann befollegt gi mussen, schéngt vu Beamt*innen bewosst a systematesch vermëttelt ze ginn.

D’Verhalensweis geheit eng Rei Froen op: Sinn d’Polizist*innen esou Situatiounen net gewuess, si se iwwerfuerdert? Gëtt et grondsätzlech Mängel an hirer Ausbildung an am Ëmgank mat Mënschen? Gëtt et vläicht Wëssenslacunen, wat déi eege Rechter a Flichten vun de Beamt*innen ugeet? Oder gëtt et einfach eng extrem breet ausgeluechten Toleranzgrenz, sou datt Brachialrethorik, Aschüchterungsversich a fräi erfonnte Virwërf mëttlerweil zur Standardprozedur vun der Lëtzebuerger Police gehéieren? Leider schéngt d’Police och no deem rezente Videoskandal keen internen Handlungsbedarf ze gesinn. Den Drock muss dowéinst vu baussen, vu Politik an Ëffentlechkeet komme, fir Repressiounsstrategie géint Jonker en Enn ze setzen.

Allgemengt Feindbild “Jugend”?

Datt bis elo net méi Drock op d’Beamt*innen gemaach gëtt, fir Asätz mat Jonke korrekt duerchzeféieren, läit deelweis och un der medialer Duerstellung vu sou Fäll an de Reaktioune vun der Ëffentlechkeet. Simplistesch formuléiert Geschichte gi wuertwiertlech aus dem Police- Bulletin iwwerholl, mat Begrëffer wéi “Hallefstaarker”, “Pubertéirender” an “Näischtnëtz” gëtt d’Stëmmung opgeheizt an da gëtt de Kommentar-Mob lassgelooss, deen ongehemmt seng Gewaltphantasie géint Jonker zelebréieren däerf (“Fréier hätten déi Jonk eng gutt an d’Schnëss krut”).

Eng Gesellschaft, déi sou mat hire jonke Matmenschen ëmgeet, däerf sech net wonneren, wa sech d’Fronten am Generatiounekonflikt weider verhäerten.

RDVer:

– 16. September, 17h00: “Solidaritéits-Kräid-Molen” rondërem d’Philharmonie

– 19. September, 9h00: Geriichtsprozess an der Kräid-Affär vun Nationalfeierdag 2015

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *