Krich der Cité – Fir een urbaant Lëtzebuerg!

Dass d’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ee vun de gréisste Problemer ass a wéi dogéint kann ugaange ginn, gouf schonn oft diskutéiert. Wouriwwer awer an där Debatt oft net diskutéiert gëtt, ass d’Fro dono wei mir zu Lëtzebuerg eigentlech wunnen a wei mir an Zukunft wunne wëllen. Et gëtt keen ëffentlechen Discours doriwwer gefouert, wei eng Wunnforme bis elo zu Lëtzebuerg virzefanne sinn, wéi eng Wunnforme mir eis wënschen a wat ökologesch a sozial Facteuren dobäi ze beuechte sinn. Duerch en radikaalt Ëmdenken an der Raumplanungspolitik hin zu méi Urbaniséierung kéinten ob laang Siicht vill Wunnengs a Mobilitéitsproblemer zu Lëtzebuerg geléist ginn. Et ass net verwonnerlech, datt déi meeschte Leit wuel behaapte géifen, ee Raumplanungs-Konzept zu Lëtzebuerg wär inexistent. D’Leeschtbarkeet ass een extrem relevante Punkt, mee doriwwer eraus musse mer d’Konzept no deem s mer bauen, wunnen a liewe méi radikal hannerfroen.

Wat fir ee Konzept steet hannert dem lëtzebuergesche Modell?

De wuel gréissten Afloss op de gréissten Deel vum lëtzebuerger Wunnengsbau hat an huet d’Konzept “Cité”. Den Terme “Garden City” gouf 1898 vum Howard Ebenezer aus England gepräägt: Zur Zäit vun Industrialiséierung sinn an de Stied d’Liewensbedingunge ganz schrecklech gewiescht, op der anerer Säit gouf et um Land eng grouss Aarmut an en Mangel un Diversitéit un Fräizäitangebot. An senger Theorie beschreift den Howard Ebenezer eng ideal Wunnform tëscht Staat a Land, d’Town-Country déi all déi gutt Eegenschafte vun der Staat a vum Land vereenegt. Natur, sozial Kontakter, niddrege Loyer an Hygiène duerch Verdeelung vun de Wunneenheeten, mat Parks do tëscht. Funktiounstrennung (Schaffen, Wunnen, Erhuelung,…) wären een Deel vun de Virdeeler, déi a senger Garden City ze fanne sinn. Soubal eng Staat eng bestëmmten Unzuel un Awunner*innen erreecht huet, gëtt eng nei Staat gegrënnt, eng “satelite city”. Bei der Analyse vun der momentaner lëtzebuerger Situatioun sinn, ofhängeg vun der Gemeng, méi oder manner vill Gemeinsamkeeten ze fannen.

Wat fir sozial an ökologesch Problemer huet d’Cité?

Mä d'”Cité” ass ebe keng ideal Garden City, mä huet an der Realitéit vill Nodeeler. Ënnerschiddlech ökologesch an sozial Problemer tauchen op: Den enorme Flächeverbrauch, dee mer zu Lëtzebuerg fir eise Wunnengsbau hunn féiert zu enorm héije Käschte fir d’Gemengen, déi d’Infrastruktur (Waasser, Gas, Elektresch, Telefon, Internet, etc.) mussen zur Verfügung stellen. Dat dreift och déi sougenannt „Niewekäschten“ an d’Luucht, well jidderee fir een extensiivt Leitungsnetz bezuele muss, well an der Fläch gebaut gëtt. D’Allgemengheet bezilt dofir, dass eenzel Leit sech de Luxus vun engem eegenen, allengstoendem Eefamilljenhaus kënne gönnen.
D’Funktiounstrennung gëtt duerch Cité géigeniwwer vu risegen Akafszenteren “op der grénger Wiss” bis an d’Absurditéit gedriwwen. An der Cité gëtt et keng Akaafsméiglechkeet, also mussen d’Awunner*inne mat hirem Auto an d’Belle Etoile fueren. Och fir aner Erleedegunge vum deegleche Liewen (Dokter, Post, etc) muss den Auto benotzt ginn, well keng Infrastruktur do ass. Déi ganz Mobilitéit kann also net einfach op ëffentlechen Transport ëmgestallt ginn, well dat ganzt raumplaneresch Konzept dorop berout, datt een sech mat sengem Auto vun enger Platz op déi aner beweegt. Ee richteg gutt funktionéierenden ëffentlechen Transport ass also onméiglech, sou laang d’Citéë wäit verspreet a wéineg Awunner*innen op de m² hunn. De Minister Bausch huet zwar gemengt déi eenzeg gutt Mobilitéit wär déi, déi guer net stattfënnt: dat stëmmt natierlech net, well net just mam Auto ronderëm fueren ass Mobilitéit, och zu Fouss an den nächste Buttek trëppelen ass Mobilitéit.
Den Energieverbrauch vun Eefamilljenhaiser ass och méi héich wéi vu méi grousse Wunnkomplexer: schonn eleng duerch de Rapport vu Fläch zu Volume ginn Heizkäschte méi grouss. En plus verbrauche fräistoend Eefamilljenhaiser zu Lëtzebuerg méi Energie wei beispillsweis an Däitschland oder der Schwäiz [http://orbilu.uni.lu/handle/10993/24922].

Ganz Lëtzebuerg een “non-lieu”?

Als “non-lieux” (“Nicht-Ort”) huet de franséischen Anthropolog Marc Augé Plazen am urbanen a suburbane Raum bezeechent, déi just eng Funktioun hunn an deenen all Geschicht, Relatioun an Identitéit fehlt. Beispiller wieren Akafszenteren, Autobunnen, Garen, etc. Ee grousst Mierkmol vun engem non-lieux ass, datt déi zwëschemënschlech Kommunikatioun op dëse Plaze fehlt oder just ganz formelhaft stattfanne kann. Et brauch een*t ausserdeem ëmmer eng Legitimatioun, fir sech op engem non-lieu opzehalen; et muss een*t eppes kafen, et muss een*t een Ticket hunn, asw.
Zu Lëtzebuerg ginn ëmmer méi ëffentlech Plazen zu sou non-lieu’en, well den ëffentleche Raum engersäits kommerzialiséiert gëtt an anerersäits ganz staark vun “hostile architecture” Gebrauch gemaach gëtt. Domadder si Methode gemengt, mat deenen onerwënscht Persounegruppe vun enger Plaz ewech gehale gi sollen: Dat geet vun onbequeme Bänken, Bänken op deenen een*t net schlofe kann, héichfrequent Geräischer déi Jugendlecher stéiere solle bis hin zu Picken, déi Sans-Abris’en dovunner ofhale sollen, op bestëmmte Platzen ze schlofen. Hostile Architecture kann awer och subtil sinn: Duerch Sëtzbänken, op deenen een*t sech net kucke kann, gëtt eng ëffentlech Plaz zum non-lieu. Wann een*t duerch Stad Lëtzebuerg geet, fënnt ee méi non-lieu’en op deenen ee just duerch Konsum bleiwen däerf wéi Plazen, déi zum Verweilen, Kommunizéieren, Kreéieren alueden. Déi aktuell Politik, souwuel um kommunale wéi och op nationalem Niveau dreift dës Entwécklunge virun: Sou entsteet mam “Royal Hamilius” een néie giganteschen non-lieu, während mam alen “Aldrenger” een Treffpunkt fir d’Jugendkultur verluere geet. Souwuel déi nei Gebaier vum Royal Hamilius wei och déi nei Platz déi dotëscht entstoe wäert, wäerte keng konsumfrai Reim sinn.

Wat sinn d’Alternativen?

Mir brauchen also zu Lëtzebuerg ee radikaalt Ëmdenken, ewech vun dem amerikaniséierte Modell vun der Cité hin zu engem méi urbanen an ökologesche Wunnen. Fir zu dësem Ëmdenken ze kommen, muss et Diskussiounen doriwwer gi wéi mer eigentlech wunnen a liewe wëllen. An Resultater vun dësen Diskussioune mussen zu politesche Fuerderunge ginn!
Nei Quartiere mussen no un den Zentrum vun der Uertschaft gebaut ginn an eng funktiounsgemëschten Notzung opweisen. Et ass duerchaus och fir Betriber wéi Schräinereie méiglech, schallgedämpft an engem Wunngebitt ze existéieren, ouni vill ze stéieren. Mer brauche kleng a regional Akaafsméiglechkeeten amplaz ee x-ten Hypermarché. Mir mussen awer och iwwerleeën, wéi mir d’Citéen zeréckbaue kënnen: Et gëtt nach kee Modell dofir, da muss Lëtzebuerg eben eent entwéckelen, z.B. de PAG sou änneren, datt och gewerblech Notzungen erlaabt sinn, Flächen opkafen, d’allengstoend Haiser ofrappen an/oder se a Blockbauweis zu grousse Wunnhaiser ëmbauen. Kontraproduktiv sinn dobäi Entwécklunge wéi an der Gemeng Déifferdeng wou Eefamilljenhaiser net méi duerfen ofgerappt ginn, fir eng Residence opzeriichten. An dat ënnert engem grénge Buergermeeschter, deen et besser wësse misst!
Beim ëffentlechen Transport ass wichteg ee Konzept auszeschaffen, wéi och schinnengebonnen Transport an de Stied am Süden an Norden agesat ka ginn an/oder den Tram méi wäit an d’Peripherie vun der Stad eraus fuere kann. Déi scho méi al Fuerderung no gratis ëffentlechem Transport ass natierlech nach ëmmer relevant: Den effizientsten an ëkologeschten Transport sollt fir all Mënsch accessibel sinn, Mobilitéit däerf ni eng Fro vun Präis sinn!
Méi autofräi Zonë mussen an eise Stied a Wunngéigende geschaf ginn. Et ass nogewisen, datt méi Verkéier zu manner soziale Kontakter féiert, schonn eleng Parkplazen an enger Strooss ënnerbannen een Deel vum Dialog, deen do kéint stattfannen. Mir mussen eis ëm eisen ëffentleche Raum këmmeren, ëm eis Plazen a Stroossen, an dem Sënn si Projete wei déi aktuell Ëmgestaltung vum Aldringer kritesch ze gesinn, well de Fokus op “Luxus” an “High-End-Klientelle” läit. D’Populatioun muss an d’Ëmgestaltung vu Fläche mat agebonne ginn, et muss ëmmer eng net-kommerziell, konsumfräi Notzung vun ëffentleche Plaze méiglech sinn. Ausserdeem sollte Jugendkulture wéi z.B. Graffiti, Skaten, etc. net an een “Ghetto” un d’Peripherie verdrängt ginn, mä an déi urban Strukturen agebonne ginn – nëmmen sou kann een Dialog mam Recht vun der Bevëlkerung entsoen a Jonk an Aal vunenee léieren.

Wéi kënnen d’Präisser um Wunnengsmaart endlech erof goen?

Zu Lëtzebuerg gëtt et scho Gesetzer déi et erméigleche fir Stéieren op zweet Wunnengen ze erhiewen oder fir géint Spekulatioun op Immobilië virzegoen, mä si gi leider net applizéiert! Wichteg wär et och hei méi staark duerchgräifen duerch z.B Enteegnung vu spekulativen Immobilië fir als Staat domat selwer de staatleche Wunnengsbau virun ze dréiwen. De staatleche Wunnengsbau muss konsequent ausgebaut ginn, mat néie Wunnformen an niddrege Präisser fir den astronomesche Käschten um private Wunnengsmaart eppes entgéint ze setzen. Et wier och méiglech, e maximale Loyer pro m² anzeféieren oder eng Extra-Steier op Luxuswunnengen anzeféieren.

Déi ënnert anerem och vun der LSAP ënnerstëtze Subventionéierung vun de Loyere geet jiddefalls komplett an déi entgéintgesate Richtung wéi déi eigentlech Zilsetzung. Domadder gëtt just erreecht, datt Proprietairen hier lächerlech héich Präisser weider froe kënnen.
Ee weidere Schrëtt an d’Richtung “D’Haiser deenen, déi dra wunnen!“ kéint d’Legaliséierung vun Haiserbesetzunge sinn. Dëst géif och zu méi Selwerbestëmmung vu Persoune mat manner Ressourcë féieren.

Et gëtt also ganz vill verschidden Themegebitter wou kann ugepaakt ginn. Virun allem ass et awer wichteg des Themen zur Diskussioun ze maachen.

Eis Fuerderungen:

  • Keng néi Citéë méi! Nei Wunngebidder mussen no um Zentrum sinn an eng urban Struktur mat Funktiounsmëschung a verschiddene Wunnformen opweisen!
  • Citéen zeréck bauen! Lëtzebuerg brauch Konzepter, wéi mir eis suburban Strukturen zu urbanen Zenteren ëmbaue kënnen, déi ökologesch a sozial gerecht Wunnen, Schaffen a Liewen erméiglechen!
  • Staatleche Wunnengsbau op eng ökologesch a sozial gerecht Manéier ausbauen!
  • Ëffentlechen Transport ausbauen a bei néie Wunnprojete matdenken!
    Keng Akafszenteren, Futtballsstadien, etc. „auf der grünen Wiese“ méi!
  • Konsumfrai ëffentlech Platze schafen!
  • Spekulativ Immobilien enteegnen!
  • Legaliséierung vun Haiserbesetzungen (bei Haiser, déi eng gewëss Zäit eidel stinn)!
  • Fir een urbaant Lëtzebuerg!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *